Alternativ Demokratesch Reformpartei

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Alternativ Demokratesch Reformpartei
Ofkierzung ADR
Nationalpresident Jean Schoos
Vizepresidenten Marceline Goergen
Carlo Kirsch
Roy Reding
Michèle Retter
Keessjee Jean-Claude Strottner
Éierepresident Robert Mehlen
Gegrënnt 12. Mee 1987
Parteizentral 20, Waassergaass
L-1449 Lëtzebuerg
Jugendorganisatioun adrenalin, déi jonk adr
Ideologien Konservatismus
Nationale Konservatismus
Ekonomesche Liberalismus
Soft-Euroskeptizismus
Politesch Positioun Mëtt-riets
Europäesch Affiliatioun AEKR
International Affiliatioun Keng
Faarwen Rout, Wäiss an Hellblo
Chamber
3/60 Sëtzer
Europaparlament
0/6 Sëtzer
Websäit
https://adr.lu/

Alternativ Demokratesch Reformpartei (ADR) ass den Numm vun enger konservativer Lëtzebuerger politescher Partei. An der aktueller Legislaturperiod ass si mat dräi Deputéiert an der Chamber vertrueden.

Op europäeschem Niveau ass d'ADR Member an der Allianz vun den Europäesche Konservativen a Reformisten.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'ADR gouf den 12. Mee 1987 als Aktiounskomitee 5/6 Pensioun fir jiddwereen gegrënnt. Schonn 1989 gouf se an Aktiounskomitee 5/6 ëmbenannt. Si war eng Een-Themepartei, déi mat enger eenzeger Fuerderung – gläichhéich Pensiounen an alle Secteuren – bei de Chamberwale vum 18. Juni 1989 ugetrueden ass a mat 4 Deputéiert an d'Parlament gewielt gouf.

Den 10. Oktober 1993, nodeems si den Numm erëm an Aktiounskomitee fir Demokratie a Rentegerechtegkeet geännert hat, ass d'ADR a 7 Gemengeréit gewielt ginn. Den 12. Juni 1994, bei de Chamberwalen, huet d'ADR 1 Sëtz dobäigewonnen, a bei deene vum 13. Juni 1999 nach eng Kéier 2 sou datt se der ewell 7 hat. Bei de Gemengewale vum selwechte Joer koum d'ADR op 10 Gemengerotssëtzer.

Bei de Chamberwale vum 13. Juni 2004 huet d'ADR 2 Sëtzer par Rapport zu virdru verluer. Och bei de Gemengerotswale vum 9. Oktober 2005 huet se manner Sëtzer kritt wéi virdrun.

2006 huet si den Numm erëm gewiesselt an den aktuellen Numm ugeholl.

Bei de Chamberwale vum 7. Juni 2009 huet d'ADR 1 weidere Sëtz verluer a war ewell mat 4 Deputéiert an der Chamber vertrueden. Am Dezember 2012 hu souwuel de Jacques-Yves Henckes[1] wéi och de Jean Colombera[2] der Partei de Réck gedréit fir Deputéiert ouni Partei ze ginn, sou datt just nach 2 ADR-Deputéiert Rescht blouwen.

Bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 krut d'ADR 3 Mandater. Gewielt goufen de Gast Gibéryen, de Fernand Kartheiser an de Roy Reding.

D'Jugendsektioun vun der ADR nennt sech adrenalin, déi jonk adr.

Deputéiert am Laf vun der Zäit[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Alternativ Demokratesch Reformpartei – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Tiefe Gräben in der ADR: Henckes und Gatti treten zurück, wort.lu 14. Dezember 2012
  2. "Jean Colombera trëtt awer aus adr aus a behält säi Mandat." RTL.lu - 21.12.2012, 11:00 | Fir d'lescht aktualiséiert: 21.12.2012, 14:16