Ënneschtgaass (Stad Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Rue Notre-Dame
Luxembourg Rue Notre-Dame nom de rue.JPG
Numm lb: Ënneschtgaass
fr: Rue Notre-Dame
Fréieren Numm fr: Rue Marie-Thérèse,
Rue de l'École centrale,
Rue de la Mairie
de: Liebfrauenstraße
Längt ca. 420 m
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Uewerstad
Postcode 2240
Koordinaten 49° 36’ 36’’ N
     06° 07’ 46.6’’ O

D'Ënneschtgaass (rue Notre-Dame) an der Stad Lëtzebuerg ass eng Strooss, déi parallel mam Boulevard Roosevelt vum Boulevard Royal bis bei de Gruef (rue du Fossé) verleeft.

Si war zu der Zäit vun der Festung déi südlechst Ost-West-Verbindung an der Stad. An hirem ëstlechen Deel stinn, um Eck mat der Clairefontaine-Plaz, de Refuge Sankt Maximin (haut Sëtz vum Ausseministère), do donieft den Agank vun der fréier Jesuitekierch (an haiteger Kathedral Notre-Dame), dann de fréiere Jesuitekolléisch (haut Nationalbibliothéik). Vis-à-vis stoung Ufanks de Refuge vum Klouschter Märjendall, dee spéiderhin an de Sëtz vun der Interbank, dunn noeneen an e Pensionat, Altersheem a Veräinshaus ëmgebaut gouf. Vun 2014 un ass do de Centre Guillaume II dran.

Um westlechen Enn sinn als markant Gebaier de fréiere Biergercasino (haut Casino Luxembourg) an déi zweet Stater Synagog (1943 vun den Nazien ofgerappt) z'ernimmen.

Ufanks war d'Strooss nom Jesuitekolléisch benannt. Nodeem déi Schoul zougemaach gouf, gouf och d'Strooss ëmbenannt a Rue Marie-Thérèse. Ënner der franséischer Revolutiounsherrschaft housch se Rue de l'École centrale. 1807 krut se den Numm Rue de la Mairie, bis se 1821 erëm Rue Marie-Thérèse genannt gouf. Zanter dem 1. Juni 1854 huet se hiren haitegen Numm Rue Notre-Dame,[1], a gouf iwwersat och Liebfrauenstrasse genannt. Ënner der däitscher Besatzung (1940 - 1944) huet just den Numm Liebfrauenstrasse dierfe benotzt ginn.[2].

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rue Notre-Dame – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? Ons stad 31: 27.
  2. Guy May, 2002. Die Straßennamen der Stadt Luxemburg unter deutscher Besatzung (1940-1944). Ons stad 71: 30-32.