Synagog Stad Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Synagog Stad Lëtzebuerg
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Strooss Avenue Monterey
Koordinaten 49°36'34,99"N, 6°7'17,97"O
Architekt(en) Victor Engels, René Mailliet, Frantz Kinnen
Datum vum Bau 1953
Interieur vun der éischter Synagog, gemoolt vum Guido Oppenheim.
Déi fréier Synagog (1894-1943) um Eck Aldringerstrooss-Ënneschtgaass.

Déi Grouss Synagog an der Stad Lëtzebuerg ass eng Synagog, déi 1953 ageweit gouf.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Synagog[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Synagog an der Stad Lëtzebuerg stoung an der deemoleger rue du Petit-Séminaire (haut rue de la Congrégation)[1] a gouf 1823 ageweit. De Samuel Hirsch gouf do 1843 zum Groussrabbiner ernannt. 1891 gouf se un d'Congrégation de Notre-Dame verkaaft[2]. Op dëser Plaz steet zanter dem 17. Juni 2018 d'Kaddisch Monument.

Déi zweet Synagog[änneren | Quelltext änneren]

1894 gouf déi grouss Synagog um Eck Aldringerstrooss an Ënneschtgaass[3] ageweit. D'Pläng ware vum däitschen Architekt Ludwig Levy, an de Charles Arendt huet de Chantier geleet. D'Synagog gouf am mauresche Stil vun der Synagog vu Florenz gebaut. Si hat 300 Plazen, dovun 150 fir Männer, 120 fir Fraen an 30 fir de Chouer an d'Schoulkanner. D'Gebai gouf den 28[4]. September vum Groussrabbiner Dr Isaac Blumenstein[4] a Presenz vu Membere vun der Regierung an dem Stater Gemengerot ageweit. Am Mee 1941 gouf se vun der Gestapo zougemaach, profanéiert an duerno ofgerappt, wat bis an den Hierscht 1943 era gedauert huet[5], well e Schwieregkeete gouf fir eng Firma ze fannen, déi gewëllt war sech dëser Aarbecht unzehuelen[4].

Den 23. November 1988, ronn 50 Joer no den Novemberpogrome vun 1938 an Däitschland (vun den Nazi Reichskristallnacht genannt), gouf um neie Gebai, op der Fassad an der Ënneschtgaass, eng Plack zur Erënnerung un déi fréier Synagog ubruecht[6]. Op den Dag genee 80 Joer no der Reichskristallnacht gouf den 9. November 2018 eng weider Gedenkplack, un der Fassad ubruecht[7],[8],[9]. Den Text op dëser Plack seet: „No enger Aggressioun géint déi Gleeweg am Gottesdéngscht vum Freideg Owend, 9. Mee 1941, huet den Nazi-Okkupant d'Demolitioun vun der Synagog ordonéiert, ënnert dem Virwand, jiddesch Gottesdéngschter wieren eng Gefor fir d'ëffentlech Uerdnung“[10].

Déi drëtt Synagog[änneren | Quelltext änneren]

D'Pläng vun der drëtter Synagog goufe vun den Architekte Victor Engels a René Mailliet ausgeschafft.

Den 12. Juni 1951 gouf de Grondstee vum Gebai an der Monterey-Avenue geluecht.

D'Synagog gouf den 28. Juni 1953 vum Groussrabbiner Charles Lehrmann a Presenz vum Ierfgroussherzog Jean ageweit.

Uewen op der Fassad an der Avenue steet, op Hebräesch, e Sproch vum Prophéit Haggai (fr: Aggée) (hei iwwersat): De Ruhm vun dësem Haus (Tempel) wäert méi grouss si wéi dee vum éischten, huet den Éiwege Cebaoth gesot, an ech wäert doran de Fridden etabléieren[11].

D'Fënstere vun der Synagog si vum Frantz Kinnen.

Sonndes, den 13. September 2009 gouf eng nei handgeschriwwen Torarull, Sefer Torah, an der Synagog feierlech ageweit. Dës Initiativ gouf gedroe vun der Organisatioun Chabad Lubavitch du Luxembourg an Zesummenaarbecht mam israelitesche Consistoire[12].

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Laurent Moyse, 2011. Du rejet à l'intégration. Histoire des Juifs du Luxembourg - des origines à nos jours. Éditions Saint-Paul, 288 S. ISBN 978-2-87963-810-2 (Am Buch steet kee Publikatiounsjoer).
  • Laurent Moyse & Marc Schoentgen (éditeurs), 2001. La présence juive au Luxembourg du Moyen Âge au XXe siècle. Erausgi vu B'nai Brith Luxembourg. 114 S.
    • Laurent Moyse: Introduction. S. 7-9.
    • Jean-Marie Yante: Heurs et malheurs des établissements juifs dans le Luxembourg (XIIIe siècle-début XVIe siècle). S. 11-20.
    • Joseph Goedert: L'émancipation de la communauté israélite luxembourgeoise et l'administration du culte dans la première moitié du 19e siècle (1801-1855). S. 21-56. (Nodrock aus Galerie 3 vun 1993, S. 345-384.
    • Lucien Blau: Antisémitisme au Grand-Duché de Luxembourg de la fin du XIXe siècle à 1940. S. 57-70.
    • Paul Cerf: L'attitude de la population luxembourgeoise à l'égard des Juifs pendant l'occupation allemande, S. 71-74.
    • Marc Schoentgen: Die Jüdische Gemeinde Luxemburgs 1945-1960. Rekonstruktion und Integration. S. 75-104.
    • Georges Hellinghausen: Le dialogue judéo-chrétien de l'après-guerre et ses perspectives au Luxembourg. S. 105-112.
    • Notices biographiques, S. 113-114: Lucien Blau - Paul Cerf - Joseph Goedert - Georges Hellinghausen - Laurent Moyse - Marc Schoentgen - Jean-Marie Yante.
  • Emmanuel Bulz, 1991. À l'ombre des trois synagogues. ons stad 36 (1991), S. 10-14. PDF

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Synagog Stad Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. J. Goedert 2001 S. 44
  2. Laurent Moyse 2011, S. 145. De Verkafspräis louch bei 20.000 Lëtzebuerger Frang.
  3. Den Deel vun der Ënneschtgaass dee vum Boulevard Royal bis bei d'Chimaysgaass geet, huet deemools rue Marie-Thérèse geheescht - net ze verwiessele mat der avenue Marie-Thérèse. De weideren Deel vun der Ënneschtgaass bis bei d'Kathedral war d'rue Notre-Dame. Dat gesäit een ë. a. gutt op dësem Plang vun 1890.
  4. 4,0 4,1 4,2 Plack (2018) op der Fassade vum Ministère de l'éducation nationale et de la formation professionnelle
  5. Laurent Moyse 2011, S. 186.
  6. Emmanuel Bulz 1991
  7. 9 novembre 1938 - 2018 - L'ancienne synagogue de la rue Notre-Dame commémorée op 5minutes.rtl.lu den 9. November 2018, fir d'lescht gekuckt den 10. November 2018
  8. Une plaque commémorative de la seconde synagogue du Luxembourg dévoilée sur la façade du ministère de l'Éducation nationale um site vum MEN
  9. DS, 2018. Wider das Vergessen. Eine Gedenktafel in der Rue Notre-Dame erinnert an die von den Nazis zerstörte zweite Synagoge. Luxemburger Wort vum 10. November 2018, S. 12.
  10. (DS), Wider das Vergessen op wort.lu den 9. November 2018, fir d'lescht gekuckt den 10. November 2018
  11. De Prophéit Haggai huet mat dëser 'Visioun' d'Judden encouragéiert den Tempel zu Jerusalem nei opzebauen (Quell: fr-Wikipedia am Artikel Aggée. Hei de franséischen Text vum Emmanuel Bulz, ons stad 36 (1991): Plus grand sera la gloire de cette dernière Maison que celle de la première, dit l'Éternel Cebaoth, et dans ce lieu j'établirai la paix.
  12. Le projet Sefer Torah Gearchiveerd op 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2009-09-14.
  13. Plack gouf den 23. November 1988 ageweit, 50 Joer no den Novemberpogromen an Däitschland.