Charles Lehrmann

Vu Wikipedia
Charles Lehrmann
Gebuer 15. Juni 1905
Gestuerwen 6. September 1977
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Romanist, Literaturwëssenschaftler, Rabbiner

De Charles Cuno Lehrmann, gebuer de 15. Juni 1905 zu Strzyzow[1] (deemools Éisträich-Ungarn), gestuerwen de 6. September 1977 an der Stad Lëtzebuerg,[2] war e Rabbiner an Auteur.

Hien huet zu Würzburg, Berlin a Lausanne Philosophie a rabbinesch Studie studéiert a mat engem Doktorat ofgeschloss.

Wéi d'Nationalsozialiste bis an Däitschland un der Muecht waren, ass de Lehrmann an d'Schwäiz gaangen, wou en op der Universitéit geléiert huet. An där Zäit huet hien ë. a. Wierker wéi Bergsonisme et judaïsme, L'élément juif dans la pensée européenne, L'élément juif dans la littérature française oder och e Buch iwwer den Heinrich Heine geschriwwen.

Duerno gouf hie Rabbiner zu Roum, an de Vereenegte Staaten an zu Fribourg.

Vun 1950 bis 1958 war hie Groussrabbiner vu Lëtzebuerg. Duerno gouf hie Rabbiner zu Berlin a blouf dat bis zu senger Pensioun.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Loi du 22 mars 1950 appliquant en faveur de M. Charles Lehrmann l´exception prévue par l´art. 11 de la Constitution, publizéiert am Mémorial Nr 21 vum 27. Mäerz 1950, S. 527
  2. Luxemburger Lexikon, 1. Oplo, 2006, S. 241