Frantz Kinnen

Vu Wikipedia
Dëse Molereisartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Frantz Kinnen
Gebuer 4. Februar 1905
Diddeleng
Gestuerwen 21. August 1979
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler, Sculpteur, Glasmoler, Zeechner


De Frantz Nicolas Kinnen, gebuer de 4. Februar 1905 zu Diddeleng, a gestuerwen den 21. August 1979 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Moler, Sculpteur, Glasmoler, Zeechner, Buchillustrateur a Karikaturist.

Hien huet abstrakt Wierker geschaf. De Frantz Kinnen hat zwar e schwierege Charakter, mä hie war eng staark Perséinlechkeet. De Wenzel Profant, en anere Lëtzebuerger Moler a Sculpteur, war säi Frënd an ass gutt mat him eens ginn.

Säi Wierk (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Fënster an der Sandweiler Kierch
  • "Envol", eng Monumentalskulptur aus Stol, deen ugestrach ass, aus dem Joer 1965. Se steet bei der Diddelenger Wolkeschdall-Schoul.
  • Zwou polychrom Fënsteren an der Primärschoul am Quartier Italien zu Diddeleng (1955).
  • D'Glasmolereien am Mëttelportal, an zwou kleng Fënsteren an der Diddelenger Parkierch St. Martin.
  • D'Fënstere vun der Eligiuskapell zu Diddeleng op der Schmelz (1964).
  • Buedemmosaik am "Centre sportif René Hartmann" vun 1973.
  • Bas-reliefen op béide Säite vun der Bün vum Musekskiosk am Diddelenger "Park Le'h" vun 1963.
  • Zwéi Polyptychone mat jee fënnef Panneauen aus faarwegem Glas an der Diddelenger Post
  • Zwou Fënsteren am Veräinshaus an der Diddelenger A. Zinnen-Strooss, aus faarwegem Glas, dat a Bëtong gefaasst ass. Dat Wierk ass vun 1977.
  • Eng metalle Skulptur, déi ugestrach ass, um Square an der Diddelenger Jean-Jaurès-Strooss
  • D'Fënsteren an der Kierch zu Sandweiler
  • Fënsteren an der Kierch zu Schëffleng
  • D'Märtyrerfënster an der Schëfflenger Kierch
  • Skulptur Tulipe am Kurpark vum Thermalbad zu Munneref
  • Am Kader vum Centenaire vun der Stad Diddeleng, koum eng Serie vu 35 Skulpturen eraus, déi an der Géisserei Massard, zu Keel aus Bronze gegoss goufen. De Modell dovun, eng abstrakt Figur, gouf vu senger Duechter der Mme Alice Deutsch-Kinnen zur Verfügung gestallt. De Präis war 1.200 Euro.
  • De Frantz Kinnen huet och eng Rei vu Lëtzebuerger Käppercher entworf.

Éierungen a Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • RODANGE Michel / KINNEN Frantz: RENERT A BILLER, 320 Säiten, a Lénge gebonnen, 21 × 30 cm. Zweet Oplo 1997. Fir den 125. Anniversaire vun dësem grousse Lëtzebuerger Klassiker ass déi eemoleg Luxusausgab "Renert a Biller" vum Frantz Kinnen an neier Oplo erouskomm
  • Christian Mosar (Text a Fotoen): Katalog Frantz Kinnen 1905-1979, Stad Diddeleng, 120 Säiten, ISBN 2919993135

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  1. (fr)Des personnalités de la vie culturelle et artistique à l’honneur Remise de décorations à la Bibliothèque nationale. viewer.eluxemburgensia.lu. Luxemburger Wort (25. Juni 1976). Gekuckt de(n) 2024-01-18.