Kaiser-Lothar-Preis

Vu Wikipedia

De Kaiser-Lothar-Preis ass e Konschtpräis, deen zënter 1958 vun der Europäischen Vereinigung Bildender Künstler aus Eifel und Ardennen (EVBK) an Zesummenaarbecht mat der Stad Prüm vergi gëtt. De Präis ass nom Keeser Lothaire I. benannt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Am Zweete Weltkrich gouf d'Regioun vun den Ardennen an vun der Äifel schwéier getraff, och wärend der Ardennenoffensiv. D'Europäische Vereinigung Eifel-Ardennen (EVEA) gouf 1955 gegrënnt fir d'grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht ze fërderen, ënner anerem duerch d'Opstellung vun Austauschprogrammer fir jonk Leit. 1957 war zu Prüm eng Konferenz vun der EVEA, op déi och Kënschtler invitéiert waren. Dëst huet zu der Grënnung vun der Europäischen Vereinigung Bildender Künstler aus Eifel an Ardennen (EVBK)[1], eng Associatioun vu Kënschtler aus der Belsch, Däitschland, Frankräich a Lëtzebuerg[2].

1957 gouf de Kaiser-Lothar-Preis als Stëftung vun der Stad Prüm an d'Liewe geruff. De Präis gëtt u Kënschtler iwwerreecht, déi un den alljärlechen Ausstellunge vun der EVBK deelhuelen. Eng Jury, déi aus engem President, zwéin EVBK-Verwaltungsmemberen an zwéi Kënschtlermembere besteet, mécht eng Selektioun. Dobäi kuckt s'op den Engagement un der europäescher Iddi souwéi Kontakter an den Nopeschlänner an op d'kënschtleresch Entwécklung vun de Kënschtler. Ier d'Jury e Laureat ernennt, freet se d'Zoustëmmung vum Prümer Gemengerot[3].

Laureaten[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[änneren | Quelltext änneren]

  1. Geschichte, EVBK.
  2. "Kaiser-Lothar-Preis der Stadt Prüm", Kulturpreise.de.
  3. Kaiser-Lothar-Preis, EVBK.