Joseph Grosbusch
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
Joseph Grosbusch | |
---|---|
Gebuer |
9. November 1928 Ettelbréck |
Gestuerwen |
9. Juli 2008 Ettelbréck |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler |
De Joseph Grosbusch, gebuer den 9. November 1928 zu Ettelbréck an do gestuerwen den 9. Juli 2008, war e lëtzebuergesche Moler.
De Joseph Grosbusch war studéierten Ingénieur agronome an huet zu Ettelbréck op der Akerbauschoul enseignéiert gehat. Hien huet als eegesënneg gegollt a säi Stil ass schwéier an eng Konschtrichtung anzeklasséieren. A senge Biller läit eng grouss Symbolik. Vun senger Technik hier gesinn gehéiert hien zu den Hyperrealisten. Surrealist ass hien awer, wann een d'Aart a Weis betruecht, wéi hie seng Biller komponéiert.
De Joseph Grosbusch huet u villen Ausstellungen deelgeholl. 1998 huet hien de Kaiser-Lothar-Preis der Stadt Prüm kritt.[1]
Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]
- Prix Grand-Duc Adolphe, 1969;
- Kaiser−Lothar−Preis, Prüm, 1998.
Literatur[änneren | Quelltext änneren]
- Bisdorff, G., 2008. Joseph Grosbusch et son monde imaginaire: le «maître incontesté de notre peinture caricaturale et moralisatrice». In: Die Warte 2008, N° 31 (30. Oktober), S. 5-6.
- Tousch, P., 1978. Das Bild im Bild: [Fragen, Zweifel und Ängste des Malers Joseph Grosbusch]. Luxembourg: Impr. print-service, 88 S.
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ Luxemburger Wort 1998-06-06, S. 6.