Michel Breithoff
| Michel Breithoff | |
|---|---|
| Gebuer |
28. Abrëll 1923 Bäreldeng |
| Gestuerwen |
12. Oktober 1996 Lëtzebuerg |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Moler, Restaurateur |
| Auszeechnungen | Prix Grand-Duc Adolphe |
|
| |
De Michel Breithoff, gebuer den 28. Abrëll 1923 zu Bäreldeng[1], a gestuerwen den 12. Oktober 1996 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Zwangsrekrutéierten[2], Moler a Restaurateur[3], deen als Karikaturist ugefaangen hat .
Nom Krich, wärend deem hien dat Viischt vu sengem rietsen Aarm verluer hat, goung hien dräi Joer op d'Académie royale des beaux-arts op Bréissel an duerno op d'École nationale supérieure des beaux-arts op Paräis. Dee Studium krut hie vun der Œuvre nationale de secours grande-duchesse Charlotte finanzéiert.
Bekannt si seng schwaarz-wäiss Tuschzeechnungen, wéi Bauerenhäff aus sengem Duerf Zéisseng, Vuë vun Hollerech, Paräisser Brécken, Portraiten an Aktzeechnungen.
1970 huet hien, zesumme mam Gust Graas, de Prix Grand-Duc Adolphe kritt.[3]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (de) "Walferdange, Luxembourg, Luxembourg documents," , Image 85 sur 90; Archives nationales (Luxembourg). 105639725. FamilySearch (30.04.1923). Gekuckt den 02.01.2025.
- ↑ De Michel Breithoff op der Websäit ons-jongen-a-meedercher.lu
- 1 2 Luxemburger Lexikon, 1. Oplo, 2006, S. 59.
