Lëscht vun de Brécken zu Paräis

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Paräisser Brécken)
Dëse Geographiesartikel iwwer Frankräich ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
De Pont Louis-Philippe an der Nuecht
Pont Alexandre III
Pont Neuf
Pont Solférino
Pont de l'Archevéché
Le Pont d'Argenteuil
Pont au double
Pont Charles-de-Gaulle
Pont des Invalides
Pont Marie
Petit Pont
Pont-Royal
Passerelle Léopold-Sédar-Senghor
Pont de Sully
Pont de la Tournelle
Pont des Arts beim Louvre

Déi meescht Brécken zu Paräis si Brécken déi iwwer d'Seine féieren, ee vun den Haaptflëss am Norde vu Frankräich deen duerch an ëm Paräis fléisst.

Ausser de Seinebrécken, gëtt et nach Brécken déi iwwer Kanäl, Stroossen a Schinne féieren, oder a Parken ugeluecht sinn. Eng Partie dovu sinn Eisebunnsbrécken oder Metrosbrécken.

Brécken iwwer d'Seine zu Paräis vun Osten no Westen[änneren | Quelltext änneren]

  • Pont Amont
  • Pont National
  • Pont de Tolbiac
  • Passerelle Simone de Beauvoir
  • Pont de Bercy
  • Pont Charles-de-Gaulle
  • Viaduc d'Austerlitz
  • Pont d'Austerlitz

Île Saint-Louis

  • Pont Sully
  • Pont Marie
  • Pont de la Tournelle
  • Pont Louis-Philippe

Île de la Cité

  • Pont Saint-Louis
  • Pont de l'Archevêché
  • Pont au Double
  • Pont d'Arcole
  • Petit-Pont
  • Pont Notre-Dame
  • Pont Saint-Michel
  • Pont au Change
  • Pont Neuf
  • Pont des Arts (Passerelle)
  • Pont du Carrousel
  • Pont Royal
  • Passerelle Léopold-Sédar-Senghor (virun 2006: Pont Solférino)
  • Pont de la Concorde
  • Pont Alexandre III
  • Pont des Invalides
  • Pont de l'Alma
  • Pont Debilly
  • Pont d'Iéna
  • Pont de Bir-Hakeim un der Île aux Cygnes
  • Pont Rouelle
  • Pont de Grenelle
  • Pont Mirabeau
  • Pont du Garigliano
  • Pont Aval

Brécken iwwer d'Orge zu Paräis[änneren | Quelltext änneren]

  • Pont de la rue de l'Ourcq
  • Passerelle de la rue de Crimée
  • Pont levant de la rue de Crimée

Kuerzinformatiounen iwwer veschidde Brécken[änneren | Quelltext änneren]

Pont Alexandre III[änneren | Quelltext änneren]

De Pont Alexandre III, gebaut 1900, besteet aus engem 109 Meter laangen Eisebou dee bei Creusot gebaut gouf. D'Archtitekte waren de Jean Résal, Amédée Alby, Cassien-Bernard a Gaston Cousin. Si verbënnt den Invalidendoum mit dem Grand a Petit Palais an de Jardins des Champs-Élysées. Den Numm soll un den Zar Alexander III. erënneren.

Pont de l'Archevêché[änneren | Quelltext änneren]

De Pont de l'Archevêché verbënnt d'Île de la Cité mat dem lénksen Uwänner vun der Seine. 1910 gouf eng al Bréck vun 1828 durch eng nei ersat déi duebel sou breet ass.

Pont d'Arcole[änneren | Quelltext änneren]

De Pont d'Arcole verbënnt d'Île de la Cité mam rietse Seineuwänner.

Pont d'Argenteuil (Eisebunnsbréck)[änneren | Quelltext änneren]

D'Eisebunnsbréck bei Argenteuil aus dem Joer 1861 gouf 1949, well se am Krich gelidden hat, duerch déi haiteg Bréck ersat. D'Fachwierk gläicht deem vun der aler Bréck, et ass eng Dunnebréck a Form vun engem Trach, déi op sechs Bëtongspiliere läit. D'Eisbunnsstreck déi driwwer féiert ass zweegleiseg.

Pont d'Argenteuil[änneren | Quelltext änneren]

D'Bréck besteet aus dräi stole Béi. Sechs Bouelementer droen d'Striewen. D'Bréck ass blo ugestrach.

Vum Claude Monet hänkt en Tableau vun der Bréck aus dem Joer 1874, an der Neuen Pinakothek zu München. Et gëtt soss nach en ettlech Molereie vun der Bréck vun anerer bekannte Moler.

Pont Aval[änneren | Quelltext änneren]

De Pont Aval ass wann ee flossof kuckt déi lescht Bréck vu Paräis, op der Grenz mat Boulogne-Billancourt, dofir gëtt se sou am Volleksmond genannt. Iwwer d'Bréck déi ni en offiziellen Numm krut féiert de Peripherique vu Paräis, deen do zu der E 05 gehéiert. Si ass nëmme fir Autosverkéier erlaabt.

Pont au Change[änneren | Quelltext änneren]

De Pont au Change verbënnt d'Île de la Cité op der Héicht vum Geriichtshaff an der Conciergerie mat dem rietsen Uwänner vun der Seine op der Héicht vum Théâtre du Châtelet. D'Bréck mécht d'Grenz tëscht dem 1. an dem 4. Aronndissement vu Paräis. Si krut hiren Numm well fréier Geldhändler sech do getraff hunn. Zanter 2002 gëtt et ënner der Bréck eng kleng Plage.

Pont du Carrousel[änneren | Quelltext änneren]

De Pont du Carrousel steet bei den Tuilerien.

Pont Louis-Philippe[änneren | Quelltext änneren]

De Pont Louis-Philippe an de Pont Marie féiere vun der Voie G. Pompidour (Rive Droite) op d'Île Saint-Louis.

Pont Marie[änneren | Quelltext änneren]

De Pont Marie an de Pont Louis-Philippe féiere vun der Voie G. Pompidour (Rive Droite) op d'Île Saint-Louis.

Pont Neuf[änneren | Quelltext änneren]

De Pont Neuf féiert iwwer d'Westspëtz vun der Île de la Cité a verbënnt déi zwéin Uwänner vun der Seine. Et ass eng vun den eelste vun den haitege Seinebrécken.

Pont Saint-Louis[änneren | Quelltext änneren]

De Pont Saint-Louis ass eng Fousgängerbréck a verbënnt d'Île de la Cité an d'Île Saint-Louis.

Pont de Sully[änneren | Quelltext änneren]

De Pont Sully féiert iwwer d'Ostspëtz vun der Île Saint-Louis vun engem Seineuwänner op den aneren.

Pont de la Tournelle[änneren | Quelltext änneren]

De Pont de la Tournelle féiert vum Quai de la Tournelle (Rive Gauche) op d'Île Saint-Louis.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Historesch Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Pierre-Simon Girard: Recherches sur les eaux publiques de Paris, les distributions successives qui en ont été faites, et les divers projets, qui ont été proposés pour en augmenter le volume. Imprimerie imperale, Paris 1812.
  • Antoine Picon: L'invention de l'ingénieur moderne: l'Ecole des ponts et chaussées 1747-1851. Presses de l'Ecole nationale des ponts et chaussées, Paris 1992, ISBN 2-85978-178-1 (Repr. d. Ausg. Paris 1812)

Modern Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jocelyne van Deputte: Ponts de Paris. Architecture et histoire. Éditions Sauret, Paris 1994, ISBN 2-85051-015-7
  • Guy Lambert: Les Ponts de Paris (Collection Paris et son Patrimoine). Action Artistique, Paris 1999, ISBN 2-913246-05-2 (Ausstellungskatalog)
  • Jean-Marc Larbodières: Les Bords de Seine ("Reconnaitre"). Éditions Massin, Paris 2003, ISBN 2-7072-0475-7

Bicher mat Fotoen[änneren | Quelltext änneren]

  • Hugues Demeude (Text), Patrick Escudero (Fotografien): Ponts de Paris. Éditions Flammarion, Paris 2003, ISBN 2-0801-1100-0
  • Cendrine Mercier (Text), Francesca Mantovani (Fotografien): Paris, péniches. Éditions Minerva, Genf 2003, ISBN 2-8307-0682-X
  • Serge Montens: Les plus beaux ponts de France. Bonneton, Paris 2001, ISBN 2-86253-275-4
  • Jean-Marc Parisis (Text), Alexandra Boulat (Fotografien): Paris, Île-de-France, Dom-Tom. National Geographic France, Paris 2002, ISBN 2-84582-036-4

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Paräisser Brécken – Biller, Videoen oder Audiodateien
Portal vu Paräis – All d'Artikelen op dëser Wikipedia iwwer Paräis.