De Claude Monet, och Oscar-Claude Monet oder Claude Oscar Monet, gebuer de 14. November 1840 zu Paräis a gestuerwen de 5. Dezember 1926 zu Giverny, war e franséische Moler. Hie war de Grënner vun der franséischer impressionistescher Molerei.