Musée du Louvre
![]() |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Musée du Louvre, deen am Palais vum Louvre ass an 1793 opgaangen ass, huet eng Sammlung vun iwwer 30.000 Exponate vun der Antiquitéit bis zum Enn vum 19. Joerhonnert.
Déi fréier franséisch Kinneksresidenz Louvre ass haut de weltwäit gréisste Musée, deem seng Sammlungen nieft dem British Museum zu London an dem Muséesensembel op der Museumsinsel zu Berlin zu de weltwäit bedeitendste gehéieren.
D'Gebai steet am Zentrum vu Paräis tëscht dem rietse Seineufer an der rue de Rivoli. De Bannenhaff läit op enger Linn mat der Avenue des Champs-Élysées a bilt domat den Urspronk vum sougenannten Axe historique, der historescher Achs.
Geschicht[änneren | Quelltext änneren]
Dat éischt Gebai op der Plaz war eng Festung vun 1204, déi gebaut gouf fir den Zentrum vu Paräis ze protégéieren.Am Laf vun de Joerhonnerte gouf se en ettlechmol vegréissert, soudatt et no an no e riseg grousse Palais gouf. Am Mëttelalter stounge ronderëm Festungstierm fir kënnen eventuell Attacken, déi vun der Seine aus kéimen, ofzewieren. All d'franséisch Kinneken hunn dru bauen a vergréissere gelooss, woubäi déi decisiv Ëmännerungen am 16. Joerhonnert ausgefouert goufen. Den 2. August 1546 huet de François I. dem Pierre Lescot, Architekt a Superintendant vun de Gebaier vum Louvre,, den Optrag ginn d'Festung ewechzerappen an en neit Gebai opzeriichten. Zu där Zäit hunn d'Fransouse gär d'italieenesch Architektur als Virbild geholl. Obschonn De Lescot a seng Nofollger vill franséisch Elementer mat afléiesse gelooss hunn, kann de Louvre als dat éischt Gebai a Frankräich ugesi ginn, dat am italieenesche klassesche Stil gebaut gouf. De François I. ass schonn 1547 gestuerwen a säin Nofollger den Henri II. ass mat de Pläng vu sengem Papp weidergefuer, soudatt d'Westfassad 1548 sou gutt wéi fäerdeg war. Nom Henri II. sengem Doud, ass seng Wittfra d'Catherine vu Medici mam Ausbau weidergefuer. Si huet 1564 de Palais des Tuileries baue gelooss, deen 1871 a Brand gestach gouf.
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Palais a Musée vum Louvre – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Musée du Louvre (fr)
![]() |
Portal vu Paräis – All d'Artikelen op dëser Wikipedia iwwer Paräis. |