Schlass vu Versailles

Vu Wikipedia
Versailles

D'Schlass vu Versailles, zu Versailles, am Departement Yvelines a Frankräich ass eng al kinneklech Residenz.

Versailles ënner dem Louis XIII.[änneren | Quelltext änneren]

Knapps 20 Kilometer vu Paräis ewech léisst sech de franséische Kinnek Louis XIII. an de Joren 1623-1624 op engem Hiwwel zu Versailles, wat knapps méi wéi e klengt Duerf ass, e Juegd-Schlass bauen. Architekt ass den Nicolas Huau.

Vun 1631-1634 gëtt dëse klenge Pavillon de chasse vum Architekt Philibert Le Roy ausgebaut, an de Kinnek léisst sech vum Jacques de Menours e Gaart uleeën.

Am Géigesaz zu deem, wat Versailles wäert ginn, huet sech de Louis XIII. dohin zeréckgezunn, an huet weeder Haff nach Famill a sengem klenge Juegdschlass akzeptéiert. Hie plangt, sech dohin zeréckzezéien, mä dozou kënnt et net méi well de Louis XIII. 1643 stierft a säi Jong sech duerno ëm Versailles këmmert.

Gäert vum Schlass vu Versailles

Versailles ënner dem Louis XIV.[änneren | Quelltext änneren]

Dem Louis XIV. säi Versailles ass e Schantje vun iwwer 50 Joer, an d'Aarbechte sinn nach am Gaang, wéi de Sonnekinnek den 1. September 1715 d'Welt verléisst. Dëst huet virun allem mat de Kricher vum Louis XIV. ze dinn, an där gouf et genuch wärend senger Herrschaft. An de kuerze Friddenszäiten ass sech geflass ginn, fir hei nach e Fligel an do nach e Weier unzeleeën, eh et nees zeréck un d'Front gaangen ass.

Nom Grand divertissement (1668) beschléisst de franséische Kinnek fir d'éischt Kéier, d'Anlag ze vergréisseren an ze verschéineren. De Fridden an d'Gonscht vun der Mme de Montespan maachen de Wee fräi fir eng Phas vu groussem Fast, am Stil vun enger italieenescher Summervilla (1668-1678). Den Architekt Le Vau ass mam Ëmbau beoptragt ginn. No sengem Doud (1670) iwwerhëlt den d'Orbay déi Charge, an de Charles Le Brun, éischte Moler, ass fir d'Dekoratioun zoustänneg.

De Ministère, den Haff an d'kinneklech Famill plënneren am Mee 1682 op Versailles, nodeem si vun 1666 un zu Saint-Germain-en-Laye gewunnt hunn. Dës Plënneraktioun ass virun allem dodrop zeréckzeféieren, datt et dem Louis XIV. säi Wonsch war, de Pouvoir op enger Plaz ze konzentréieren, fir datt de Kinnek ëmmer jiddwereen an alles am A konnt hunn.

Vum Louis XV. bis bei d'Revolutioun[änneren | Quelltext änneren]

Mam Doud vum Louis XIV. verschwënnt déi ganz "Mechanik" vu Versailles (Zeremoniell, Etikett) natierlech net, a bis 1789 reproduzéieren de Louis XV. a Louis XVI. déi selwecht Geste op de selwechte Plaze wéi hire Virfahren, an zu Versailles leeft alles wéi zu Zäite vum Grand Roi weider.

De Louis XV. beend d'Wierk vu sengem Urgrousspapp am gläiche Geescht, an de salon d'Hercule, de bassin de Neptune an d'Oper ginn dekoréiert.

Mam Louis XV. fänkt awer gläichzäiteg och eng aner Phas vum Liewen am Schlass un, an zwar gëtt dat Offiziellt méi kleng geschriwwe wéi beim Louis XIV. D'kinneklech Famill zitt sech ëmmer méi dacks an hir privat Appartementer zeréck. Dëst huet als Konsequenz datt sech den Adel ëmmer méi vu Versailles zeréck zitt, well do souwisou näischt Interessantes méi geschitt. Um Virowend vun der Revolutioun huet d'Aristokratie sech wäit vum Kinnek entfernt.

Am 19. Joerhonnert: Napoléon a Louis-Philippe[änneren | Quelltext änneren]

D'Revolutioun raumt Versailles zwar aus, mä d'Gebai selwer bleift stoen. D'Schlass gëtt an de kommende Joren e puermol restauréiert, als éischt vum Napoléon, du vun de Kinneken Louis XVIII. a Charles X.. Mä keen traut sech, nacheemol zeréck op Versailles ze plënneren. Sech do z'installéiere wir eng kloer Provokatioun déi an den Ae vun de Fransousen als Réckgank an den Ancien Régime kéint ugesi ginn. Wat soll also mat Versailles geschéien?

Pläng fir d'Schlass ganz ofzerappe leie schonn um Dësch, mä de Kinnek Louis-Philippe kann dat verhënneren. De Kinnek vun de Fransousen, an engem Geescht vun nationaler Reconciliatioun, transforméiert d'Ex-Kinneksresidenz an e Musée dédié à toutes les gloires de la France. D'Galeries historiques, déi 1837 opgemaach goufen, erzielen op monumental Aart a Weis d'Geschicht vu Frankräich, vu sengen Ufäng bis an d'Géigewaart.

d'Galerie des Glaces (Spigelsall)

Um Enn vum Däitsch-Franséische Krich, den 18. Januar 1871, gouf am Spigelsall de preisesche Kinnek Wilhelm I. zum Keeser vun Däitschland proklaméiert.

Am 20. Joerhonnert[änneren | Quelltext änneren]

Qsicon Ueberarbeiten.svg 00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

De 24. Juni 1919 gouf am Spigelsall vum Schlass den Traité vu Versailles ënnerschriwwen.

Eng kleng Chronologie vum Schlass vu Versailles[änneren | Quelltext änneren]

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Claire Constans, Versailles, château de la France et orgeuil des rois, Gallimard, Paräis, 1989.
  • Pierre Lemoine, Le château de Versailles, Albin Michel, Paräis, 1988.
  • Alfred Marie, Versailles au temps de Louis XIV, Imprimerie nationale, Paräis, 1968-1984.
  • Pierre Verlet, Le château de Versailles, Fayard, Paräis, 1985.
  • François Bluche, Dictionnaire du Grand Siècle, Fayard, Paräis, 1990.
  • Lucien Bély, Dictionnaire de l'Ancien Régime, PUF, Paräis, 2003.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schlass vu Versailles – Biller, Videoen oder Audiodateien