Charles X. vu Frankräich

Vu Wikipedia
Charles X.
Titelen
Virgänger Louis XVIII.
Nofollger Louis-Philippe I.
Biographie
Gebuer 9. Oktober 1757
Versailles
Gestuerwen 6. November 1836
Gorizia
Papp Louis vu Frankräich
Mamm Marie-Josèphe vu Sachsen
Geschwëster Louis XVI. vu Frankräich, Louis XVIII. vu Frankräich


De Charles X., gebuer den 9. Oktober 1757 zu Versailles, a gestuerwen de 6. November 1836 zu Gorizia, war Kinnek vu Frankräich a Koprënz vun Andorra vun 1824 bis 1830.

De Grof vun Artois[änneren | Quelltext änneren]

Kandheet[änneren | Quelltext änneren]

De Charles war de fënnefte Jong vum Dauphin Louis vu Frankräich an der Marie-Josèphe vu Sachsen, Enkel vum Louis XV., a Brudder vum Louis XVI. a vum Grof vun der Provence, de spéidere Louis XVIII.. Hie krut d'Titele Fils de France a Grof vun Artois[1] et comte d'Artois (en mémoire de Robert de France, comte d'Artois, frère de saint Louis), mä d'Wiel vun dësen Titelen hat och mat de Konsequenze vum versichten Attentat vum Damiens géint de Louis XV. ze dinn.
No dësem Regizidversuch hu sech d'Länner vum Artois ënner der Presidence vum Marquis vu Créquy, éischte Barong vun der Provënz, zesummefonnt, fir dem Louis XV. ze verkënnegen, wéi leed et hinne géif doen, datt dëse Kriminellen aus dem Artois komm war, an hunn als Reparatioun proposéiert, datt d'Provënz dat Joer dat Duebelt u Suen a Männer fir de Service vun der Kroun géif leeschten. De Louis XV. wollt dëst Affer awer net unhuelen, a fir ze weisen, datt hien net nodroend war, huet hien den Titel vum Grof vun Artois u säin Enkel ginn, deen an dësem Joer op d'Welt komm war-[2]

Den 19. Oktober 1761 gouf de Puppelchen op den Numm Charles Philippe gedeeft, Giedel war d'Sophie vu Frankräich, de Pätter de Carlos III., Kinnek vu Spuenien.

Bestietnes a Famill[änneren | Quelltext änneren]

De 16. November 1773 huet de Charles d'Marie-Thérèse vun der Savoie bestuet, zesummen hate si zwéi Bouwen, de Louis-Antoine, Grof vun Angoulême[3], an de Charles Ferdinand, Herzog vu Berry. Si haten och zwou Duechteren, déi awer scho fréi verstuerwe sinn, d'Sophie (1776-1783) an d'Marie-Thérèse (1783).

De Charles Ferdinand, Herzog vu Berry a jéngste Bouf vum Charles X.

Hien hat eng Preferenz fir säi jéngste Bouf, de Charles Ferdinand, deen him vill geglach huet, physesch wéi och moralesch. Den Eelsten, de Louis-Antoine, war éischter schei, an huet ënner engem nervlechen Tick gelidden.

1772 gouf hien zum Generalcolonel vun de Schwäizer ernannt. Hie war bei der Kréinung vu sengem Brudder Louis XVI. derbäi, wou hien den Herzog vun der Normandie representéiert huet, an hat als Apanage d'Herzogtum Angoulême a Mercœur.

A senger Jugend war de Charles e groussen Amateur vu flotte Meedercher, an net vill konnten him widderstoen. Vun engem bestëmmte Moment un huet hie sech dauerhaft mat der Mme de Polastron, gebuere Louise d'Esparbès de Lussan agelooss, der Fra vum Denis de Polastron1758 - †1821), Hallefbrudder vun der Mme de Polignac. Aus dësem Verhältnes gounge keng Kanner ervir. D'Louise d'Esparbès de Lussan ass am Joer 1804 un Tuberkulos gestuerwen, an de Charles war doriwwer sou bedréckt, datt hie beschloss huet, a Keuschheet ze liewen.

Politesch Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Wärend der éischter grousser Kris vun der Monarchie 1786 huet de Charles ugefaangen, sech fir d'Politik z'interesséieren, an huet sech un d'Spëtzt vun der reaktionärer Fraktioun um Haff gestallt. De Charles huet d'Ofschafung vun de finanzielle Privileegie vun der Aristokratie guttgeheescht, war awer net mat der Ofschafung vun de soziale Privileegie vu Kierch an Adel averstanen. Il pensait qu'on pouvait réformer les finances de la France sans renverser la monarchie. Selon ses propres mots, le temps était venu de réparer mais non de démolir.

Hien huet sech géint den Drëtte Stand gestallt, andeems hie kloer géint eng Erhéijung vum Walrecht 1789 war. Säi Brudder huet hien doropshi beschëllegt, hie wier « plus royaliste que le roi ».

Zesumme mam Barong vu Breteuil huet hie politesch Allianze geknëppt, fir den Necker erauszegeheien. Dëse Plang hat den 11. Juli allerdéngs keen Erfolleg, a war ouni de Breteuil iwwer d'Bün gaangen. Dëst war den Ufank vun engem Sträit, dee sech zu engem géigesäitegen Haass entwéckelt huet.

Franséisch Revolutioun: Emigratioun[änneren | Quelltext änneren]

De Grof vun Artois war ee vun den éischten, déi emigréiert sinn, dëst de 16. Juli 1789. Hien huet verschidden europäesch Häff besicht, fir Verdeedeger fir de Kinnek ze fannen. Vum September 1789 bis Juli 1791 war de Charles zu Turin mam Titel Marquis des Maison, souwéi zu Bréissel, Koblenz a Léck. 1791 war hie bei de Konferenze vu Pillnitz derbäi. Am August 1794 huet hien Hamm als Grof vu Ponthieu verlooss. Vum Monsieur gouf hien nom Doud vu sengem Brudder Louis XVI. zum Lieutenant général du royaume vum 28. Januar 1793 bis 1814 ernannt. Nom Doud vu sengem Neveu Louis XVII. den 8. Juni 1795, krut hien den Titel Monsieur, frère du roi.

Hie wollt zesumme mat den Englänner op der Île d'Yeu landen, fir de Vendéens an hirem Opstand z'ënnerstëtzen, mä ouni Erfolleg. Hien huet sech an England zeréckgezunn, wou hie bis Schluss vun der Franséischer Revolutioun an dem Premier Empire bliwwen ass.

Restauratioun[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1814 gouf de Charles op en Neits zum Lieutenant-général du royaume ernannt, ass an der Franche-Comté zesumme mat den Alliéierten agefall, an huet den 12. Abrëll seng Entrée zu Paräis gemaach. An engem éischte Moment konnt hien d'Leit op seng Säit zéien, mä dëst war nëmme vu kuerzer Dauer. Hie war presséiert, en Traité z'ënnerschreiwen, dee Frankräich all Eruewerungen zanter 1792 kascht huet, wat de Louis XVIII. och staark verurteelt huet. Nodeem de Louis XVIII. no de Cent-Jours 1815 eng zweet Kéier zeréck op den Troun komm war, huet sech de Charles vun den Affären zeréckgezunn, an huet sech seng Zäit mat der Juegd verdriwwen.

Am Geheimen huet de Charles awer nach ëmmer en Afloss gehat, a war Chef vun der ultra-royalistescher Partei. Vill Royaliste ware sech awer net bewosst, datt de Charles och zu de Fräimaurer gehéiert huet[4], och wann hien net groussaarteg aktiv an de Loge war.

Charles X. vu Frankräich[änneren | Quelltext änneren]

Nom Doud vu sengem Brudder Louis XVIII., koum de Charles 1824 op de franséischen Troun. Hien huet un d'franséisch Kréinungszeremonie ugeknäppt, dëst den 29. Mee 1825 an der Kathedral vu Reims, wou de Kardinol de La Fare eng grouss Ried gehalen huet. Hien huet mat liberale Moossnamen ugefaangen, an d'Zensur vun den Zeitungen ofgeschaaft, mä et huet net laang gedauert bis hie sech op d'Säit vun den Ultra-Royaliste mat hirem Chef Jean-Baptiste de Villèle gestallt huet. Mam Gesetz iwwer de Sakrileg, der Konzessioun vun enger Milliard Frange Schuedenersaz fir d'Emigranten, dem Erausgeheie vun der Garde nationale an der Neiaféierung vun der Zensur huet sech de Charles X. keng Frënn bei de Liberale gemaach (1825-1827). Seng Herrschaft war markéiert duerch d'« Ultra-Royalisten », déi géint d'Charte waren.

Säi Katholizismus huet der Paräisser Bevëlkerung, déi gär antiklerikal, wann net souguer antikathoulesch war, net gefall. Beim Begriefnes vum Louis XVIII. war hie mof ugedo, der Trauerfaarf vun de Kinneke vu Frankräich. Et koum zu Rumeuren, datt hie Bëschof wier, a Karikaturen hunn hie bei der Mass gewisen. Vill Antiklerikaler hunn ignoréiert, datt hien e Fräimaurer war.[5]

Zwee wichteg Evenementer goufen ënner der Regentschaft vum Charles X. ofgeschloss: Interventioun op der Säit vun de Griichen, déi d'Schluecht vun Navarino gewanne konnten (1827) wat zu der Fräiheet vu Griicheland gefouert huet (1830); d'Expeditioun géint den Dey vun Alger, deen de franséische Konsul beleidegt hat, déi mat der Eruewerung vun Alger de 6. Juli 1830 gekréint gouf.

Fir déi Onzefridde roueg ze halen, huet de Charles X. am Januar 1828 e moderéierte Ministère zesummegestallt, dee vum de Martignac presidéiert gouf. Obschonn dëse Ministère Fortschrëtter gemaach huet, gouf en abrupt den 8. August 1829 duerch de Ministère vum Jules de Polignac ersat. Sou goufen e puer Méint drop, trotz de Warnunge vun der Adresse des 221, d'Chamberen opgeléist, an d'Pressefräiheet ofgeschaaft, dëst mat der Ordonnance vu Saint-Cloud (25. Juli 1830). De Charles X. huet versicht, seng Autoritéit géint d'liberal Oppositioun duerchzesetzen.

Julirevolutioun[änneren | Quelltext änneren]

La Liberté guidant le peuple.

Duerch d'Ordonnance vu Saint-Cloud koum et zu engem allgemengen Opstand. Zu Paräis huet sech d'Bevëlkerung vum 27. bis 29. Juli 1830 erhuewen. Dës dräi Deeg sinn als Trois Glorieuses oder Julirevolutioun an d'Geschicht agaangen, an hunn de Charles X. gestierzt. Den 30. Juli gouf de Louis-Philippe, Herzog vun Orléans, vun den Deputéiert zum Lieutenant-général du royaume ernannt, e Posten deen hien den 31. Juli ugeholl huet. Hien huet d'Walrecht sou reduzéiert, datt nëmmen déi grouss Proprietäre wiele konnten.

Den 2. August huet de Charles X., dee sech op Rambouillet zeréckgezunn hat, ofgedankt, a säi Jong an Dauphin Louis-Antoine iwwerzeegt, mat z'ënnerschreiwen. Hien huet sengem Cousin, dem Herzog vun Orléans, den Optrag ginn, d'Ofdankung bekannt ze maachen, déi säin Enkel, den Herzog vu Bordeaux als Ierwen agesat huet, an den Herzog vun Orléans als Regent.

Mon cousin,
Je suis trop profondément pénétré des maux qui affligent et qui pourraient menacer mes peuples pour n'avoir pas cherché un moyen de les prévenir. J'ai donc pris la résolution d'abdiquer la couronne en faveur de mon petit-fils le duc de Bordeaux.
Le Dauphin, qui partage mes sentiments, renonce aussi à ses droits en faveur de son neveu.
Vous aurez, en votre qualité de lieutenant général du royaume, à faire proclamer l'avènement de Henri V à la couronne. Vous prendrez d'ailleurs toutes les mesures qui vous concernent pour régler les formes du nouveau gouvernement pendant la minorité du nouveau roi...
Vous communiquerez mes intentions au corps diplomatique et vous me ferez connaître le plus tôt possible la proclamation par laquelle mon petit-fils sera reconnu sous le nom de Henri V.

D'Ofdankung war allerdéngs kontrovers. De Charles X. konnt säi Jong net zwéngen, seng Rechter ofzeginn, well d'franséisch Dynastie net ierflech war. Sou gouf aus dem Louis-Antoine e fiktive Louis XIX. tëscht deem Moment wou säi Papp ënnerschriwwen huet, an deem Moment wou hie selwer ofgedankt huet. Hien hätt d'Kroun kënne fir sech behalen, an op de franséischen Troun klammen, huet awer aus Gehorsam oder Schwächt verzicht.

Den Herzog vun Orléans huet allerdéngs d'Muecht u sech geholl, ënner dem Titel Louis-Philippe I.. Den 3. August hat hie virun de Chamberen zwar d'Ofdankung vum Charles X. bekannt ginn, mä huet de Saz ausgelooss, deen den Herzog vu Bordeaux zum Kinnek gemaach hätt. Ausserdeem huet de Charles X. - schonn am Exil - der Herzogin vu Berry, der Mamm vum Herzog vu Bordeaux, verbueden, hire Jong op Paräis ze bréngen. De Charles X. huet sech vu Cherbourg aus an d'Exil opgemaach, ouni sengen Unhänger Direktiven ze hannerloossen. Dëst war den Ufank vun der Julimonarchie. Am Exil huet de Charles X. den Titel Grof vu Ponthieu gedroen.

De Charles X. huet sech fir d'éischt am Holyrood Palace a Schottland néiergelooss, duerno an der Prager Buerg, a schlussendlech zu Görz (deemools an Éisträich), wou hien 1836 un der Cholera gestuerwen ass. Hie gouf am Franziskanerklouschter zu Kostanjevica (Slowenien) begruewen.

En Nofollger vum Charles X. ass nach haut um Troun: de Grand-duc Henri vu Lëtzebuerg. Säi Grousspapp, de Felix vu Bourbon-Parma, Mann vun der Grand-duchesse Charlotte, hat als Groussmamm d'Louise vun Artois, Duechter vum Herzog vu Berry a Kandskand vum Charles X.

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Michael Allin, La girafe de Charles X: son extraordinaire voyage de Khartoum à Paris, J.-C. Lattès, Paräis, 2000. (ISBN 2-7096-2073-1)
  • Georges Bordonove, Les Rois qui ont fait la France: les Bourbons: de Louis XVI à Louis Philippe, 1774-1848, Pygmalion, Paräis, 2004. (ISBN 2-85704-947-1)
  • Georges Bordonove, Charles X: dernier roi de France et de Navarre, Pygmalion, Paräis, 1990. (ISBN 2-85704-322-8)
  • André Castelot, Charles X: la fin d'un monde, Perrin, Paräis, 1988. (ISBN 2-262-00545-1)
  • Jean Lucas-Dubreton, Le comte d'Artois Charles X: le prince, l'émigré, le roi, Hachette, Paräis, 1927.
  • Bernard Degout, Victor Hugo au sacre de Charles X, 1825, Eurédit, Paräis, 2003. (ISBN 2-84830-035-3)
  • Yves Griffon, Charles X: roi méconnu, Perrin, Paräis, 1999. (ISBN 2-913960-00-6)
  • Arbey Pascal, La procédure de bannissement de Charles X et de sa famille, Mémoire DEA, Frankräich, 2004.
  • Landric Raillat, Charles X: le sacre de la dernière chance, O. Orban, Paräis, 1991. (ISBN 2-85565-637-0)
Virgänger:
Louis XVIII.
Kinnek vu Frankräich
1824 - 1830
Nofollger:
Louis-Philippe I.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Charles X. vu Frankräich – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Als Erënnerung un de Robert vu Frankräich, Grof vun Artois a Brudder vum Saint Louis.
  2. Marquise vu Créquy, Souvernirs. Dëst Wierk ass mat Virsiicht ze genéissen, well d'Marquise gär iwwerdriwwen huet, an och Saachen derbäigefléckt huet.
  3. Spéideren Dauphin.
  4. Evolution de la franc-maçonnerie du siècle des « Lumières » à nos jours.
  5. Fräimaurer-Chronik