Berry

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Berry


Wope vum Berry
D'azur aux trois fleurs de lys d'or
à la bordure engrelée de gueules
.
Haaptstad: Bourges
Fäch: 10.400 km²
Sprooch: Berrichon
De Berry a Frankräich.
Kaart vun der Provënz
Champagne berrichonne

De Berry ass eng fréier franséisch Provënz zu där déi haiteg Departementer Cher an Indre souwéi Deeler vum Loiret, Indre-et-Loire a Creuse gehéiert hunn. D'Haaptstad war Bourges.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

De südlechen Deel vum Berry, de Boischaut stéisst un de Massif Central. Et ass eng Géigend mat leemege Biedem op deenen haaptsächlech Véizuucht bedriwwe gëtt. Nërdlech vum Boischaut leien déi dréche Kallekplateaue vun der Champagne berrichonne déi vun den Däller vum Cher an Indre duerchschnidde ginn. De westlechen Deel d'Brenne ass eng suppeg Géigend mat Dausende Weieren, déi an engem Baseng entstanen ass, dee mat Erosiounsbiedem vum Massif Central opgefëllt gouf. Am Norde wou iwwer dem Kallek plazeweis eng Siliziumschicht läit ass d'Géigend méi koppeg mat den Hiwwele vum Sancerrois a mat de Wéngerte vum Menetou-Salon a vum Sancerre.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Dat wichtegst Evenement an der Réimerzäit war 52 v. Chr., wéi den Caesar no enger laanger Belagerung Avaricum dat haitegt Bourges eruewert huet. D'Land vun de Bituriges Cubii gouf dunn an déi réimesch Provënz Gallia Aquitania integréiert, mat Bourges als Haaptstad. Ëm 469 sinn d'Wisigothen iwwer d'Land hiergefall. Tëscht dem 7. an 9. Joerhonnert gouf de Berry, dee sech an der Tëschenzäit zu engem Herzogtum gemausert hat, tëscht dem Herzog vun der Aquitaine an de Grofe vun Anjou a vu Blois opgedeelt.

926 huet de Raoul vun der Bourgogne, deen du Kinnek vu Frankräich war, d'Grofschaft suppriméiert an eng Vizegrofschaft draus gemaach déi der Kroun direkt ënnerstanen huet. Déi Vizegrofschaft huet haaptsächlech aus den Territoirë vu Bourges a vun Dun-le-Roi bestanen. Den Eudes Herpin huet 1101 dem Kinnek Philippe I. d'Vizegrofschaft verkaaft fir kënne seng Partizipatioun bei engem Kräizzuch ze finanzéieren. Dem Philippe seng Nofollger hunn d'Grofschaft nees restauréiert an 1360 huet de Jean de Gudden en Herzogtum draus gemaach a säin drëtte Bouf de Jean de France krut et als Léin.

Am 15. Joerhonnert gouf de Berry d'Héichbuerg vun der Resistenz vun de Valois géint d'Englänner, a Bourges war d'Residenz vum Charles VII.. Wéi 1435 dem Jean de France seng lescht Ierwin gestuerwen ass, ass de Berry nees zeréck un d'Kroun gaangen.