Drëtte Stand

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Den Drëtte Stand (fr.: Tiers état) war am Frankräich vum Ancien Régime ee vun den dräi Stänn (Adel, Klerus, Drëtte Stand) an deen d'Gesellschaft agedeelt war. Den Numm kënnt dohier, well den Drëtte Stand all déi Leit vertrueden huet, déi weder geeschtlech nach adeleg waren. All déi Leit hate verschidden Aktivitéiten a konnten deemno net mat engem "gemeinsamen Nenner" bezeechent ginn. An de Provënzen hunn d'Vertrieder vun de Stänn am Prinzip eng Versammlung gebilt, déi "Provënzialstänn" genannt gouf; um ieweschten Niveau vum Land gouf et sougenannt Generalstänn, déi - a Frankräich - zanter dem Ufank vum 14. Joerhonnert op Uerder vum Kinnek zesummegeruff goufen. Dës Andeelung vun der Gesellschaft an dräi Stänn, déi aus dem Mëttelalter gestaamt huet, gouf während der Franséischer Revolutioun opgeléist.

Den Tiers huet d'Majoritéit vun der franséischer Bevëlkerung duergestallt, mä war, wéi schonn ugedait, ganz heterogen a senger Kompositioun. D'Händler, d'Handwierker, d'Aarbechter, awer och dat héicht Biergertum (Notären, Affekoten, Medeziner, lokal Beamten...) an de Stied, an ëmmer méi Baueren um Land, souwäit se net méi vun engem Grondhär ofhängeg waren, goufen zum Drëtte Stand gezielt. Am Joer 1789, kuerz virum Ausbroch vun der Revolutioun, huet den Drëtte Stand 98 % (zirka 25 Milliounen Awunner) vun der Gesamtbevëlkerung vum Kinnekräich duergestallt. Déi aner 2 % waren tëscht dem Adel an dem Klerus verdeelt.

Den Drëtte Stand hat eng politesch Existenz an de Provënzialstänn an an de Generalstänn. D'kinneklech Muecht huet sech laang op den Drëtte Stand gestäipt, fir den zwee privilegiéierte Stänn Meeschter ze ginn. D'legislativ Roll vum Drëtte Stand léisst sech einfach erklären: vill Membere sinn Techniker vum Droit. Am Joer 1614 hu sech déi 187 Deputéiert ënner folgender Form presentéiert: 2 Bierger, 3 Händler, 1 Aarbechter, 30 Affekoten, 58 Generolleitnanten a 56 Offizéier vun de Bailliagen. Am Joer 1789 waren ënner de 578 Deputéierten 200 Affekoten ze fannen. Zanter der Zäit vum Louis XIV. hunn d'Membere vum Tiers eng aktiv politesch Roll gespillt, well hie si bei der Ernennung vu verschiddene Chargen dem Adel virgezunn huet.

Am Laf vun der Revolutioun huet sech den Tiers zur Nationalversammlung erkläert, an huet juristesch opgehalen a sengem ale Sënn z'existéieren. Den Tiers gouf zum Synonym vum Vollek vun deem d'Muecht sollt ausgoen.

De Sieyès war avant-gardistesch an dësem Domaine, wéi hien am Joer 1789 säi berühmt Pamphlet Qu'est ce que le Tiers état ? erausbruecht huet.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]