Pamphlet

Vu Wikipedia

E Pamphlet ass eng literaresch Form, déi sech bewosst net ëm Argumentatioun beméit, mä op eng polemesch Manéier de Géigner oder Gruppe vu Leit bloussstelle wëll, andeems se dee oder déi perséinlech ugräift.

Déi éischt Pamphleten dauchen am 16. Joerhonnert als Fluchschrëften bei politeschen a reliéise Streidereien op.

Bekannt Pamphleter[änneren | Quelltext änneren]

Bekannt ass dem Émile Zola säin Oppene Bréif vum 13. Januar 1898 an der Dageszeitung L'Aurore un de President vun der franséischer Republik, de Georges Clemenceau ënner dem Titel J'accuse.

Dem Louis-Ferdinand Céline seng Pamphlete Bagatelles pour un massacre vun 1937 a L'École des cadavres vun 1938 sinn an enger Sprooch, déi mat sech bréngt, datt déi Texter bis haut nach net neipublizéiert sinn.

Pamphleter zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

D'Form vum Pamphlet ass zu Lëtzbeurg ganz seelen. Erënnert ass un dem Norbert Weber seng Fatzbeidelen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pamphlets – Biller, Videoen oder Audiodateien