Louis-Philippe I. vu Frankräich

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Louis-Philippe I.
6. Oktober 1773 – 26. August 1850
Franz Xaver Winterhalter King Louis Philippe.jpg
Kinnek vun de Fransousen
Amtszäit 1830-1848
Virgänger Charles X.
Nofolger Napoleon III.
Papp Louis-Philippe II. Joseph de Bourbon
Mamm Louise Marie Adélaïde de Bourbon

De Louis-Philippe I., gebuer de 6. Oktober 1773 zu Paräis a gestuerwen de 26. August 1850 am Claremont House südlech vun Esher, an der Grofschaft Surrey, war tëscht 1830 bis 1848, der Zäit vun der sougenannter Julimonarchie, dee leschte Kinnek a Frankräich. Hien ass och als le Roi Citoyen (de "Biergerkinnek") bekannt. Säin offiziellen Titel war Roi des Français an net méi Roi de France et de Navarre, wéi en zënter dem Henri IV. gedroe gouf.

De Louis-Philippe war den eelste Jong vum Herzog Louis-Philippe II. Joseph de Bourbon, duc d'Orléans ("Philippe Égalité") a senger Frta Louise Marie Adélaïde de Bourbon, an domat en Nokomme vum Louis XIV.

Beim Ausbroch vun der Franséischer Revolutioun 1789 hat de Louis-Philippe siechzeng Joer. Wéi säi Papp war hien dofir, an e gouf 1790 Member vun de Jakobiner. 1792 gouf hien Offizéier an der Nordarméi a war den 20. September 1792 an der Schluecht vu Valmy mat derbei. Den Dag drop gouf d'Republik proklaméiert, an de Louis-Philippe, dee wéi säi Papp de Familljennumm Égalité ugeholl hat, war en Unhänger vun hir. Och bei der Schluecht bei Jemappes, souwéi am Mäerz 1793 bei der Néierlag an der Schluecht bei Neerwinden, war hie mat derbei.

Hie war Kompliz am Dumouriez sengem Plang, d'Republik ze stierzen, an huet dofir missen de 5. Abrëll 1793 op Mons (dat dunn zu den Éisträicheschen Nidderlanden gehéiert huet) flüchten. Déi nächst 21 Joer ass hien net méi a Frankräich hannescht gaagnen, an huet déi Zäit an der Schwäiz, a Lappland, an den USA, op Kuba, an an England gelieft. 1809 huet hie sech zu Palermo mat der Prinzessin Maria Amalia vun Neapel-Sizilien bestuet; si sinn do bis 1814 bliwwen.

No der Ofdankung vum Napoleon ass de Louis-Philippe a Frankräich zréckgaangen, wou e Commandant général vum Husaren-Regimznt gouf. Hie krut och grouss Deeler vum fréiere Besëtz vu senger Famill erëm.

Bei der Julirevolutioun vun 1830 huet den Adolphe Thiers proklaméiert, eng Republik géif ganz Europa géint Frankräich opbréngen, iwwerdeems den Herzog vun Orléans, deen de Prinzipie vun der Revolutioun verflicht war, als Biergerkinnek grad dee Richtege fir un d'Spëtzt vum Land wier. De Louis-Philippe goung dorposhi,n, mat engem Trikilore-Schal un, zu Fouss an den Hôtel de Ville, wou déi republikanesch Partei hire Quartier-général hat, a gouf do vum Chef vun hirer Partei, dem La Fayette ëffentlech ëmäerbelt, als Zeechen, dass d'Republikaner eng Monarchie géifen akzeptéieren, déi duerch de Wëlle vum Vollek legitiméiert wier.

De Kinnek Charles X. huet ofgedankt, an de Louis-Philippe zum Régent vun sengem Enkel, dem Comte de Chambord, ernannt. De 7. August huet d'Parlament de Chalres X. fir ofgesat an de Louis-Philippe zum Kinnek vun de Fransousen, par la grâce de Dieu et la volonté du Peuple proklaméiert.

Ënner senger Regierung huet d'Biergertum, a mat him och d'Ekonomie e groussen Opschwonk erlieft. D'Industrialiséierung, ënnerstëtzt duerch den Ausbau vun der Eisebunn huet sech rasant entwéckelt; Enrichissez-vous war d'Motto vun der Zäit. D'Opkomme vun engem Proletariat an d'sozial Problemer waren dogéint nach keen Thema.

De Charles-Louis-Napoléon Bonaparte, den Neveu vum Napoleon Bonaparte, a spéideren Napoleon III., huet bei de Bauren en etlech Adepte fonnt, an zweemol, ouni Succès, probéiert, e Putsch géint de Luis-Philippe ze maachen.

Am Laf vu senge Règen huet de Louis-Philippe no an no säi liberale Regierungsstil opginn a sech um Enn souguer der Helleger Allianz ugeschloss, déi a ganz Europa nees d'Zoustänn vu virun der Franséischer Revolutioun restauréiere wollt, absënns wat d'Privilegie vum Adel betrëfft.

Et gouf net manner wéi siwen Attentatsversich op de Louis-Philippe.

1848 koum et, wéinst de soziale Spannungnen, déi duerch d'industriell Revolutioun verschäerft gi waren, zu der Februarrevolutioun 1848. De Louis-Philippe gouf entmuecht a goung an den Exil an England, wou en als Grof vun Neuilly mat senger Famill am Surrey gewunnt huet.

Den 10. Dezember 1848 gouf de Charles-Louis-Napoléon Bonaparte säin Nofolger, deen, no véier Joer Republik, sech duerch e Staatsstreech 1852 als Napoleon III. zum Keeser proklaméiert huet.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Michael Erbe: Louis-Philippe I.. In: Peter Claus Hartmann (Hrsg.): Die Französischen Könige und Kaiser der Neuzeit 1498–1870. Von Ludwig XII. bis Napoleon III. Beck, München 1994, ISBN 3-406-38506-0, S. 402-421.
  • Klaus Malettke: Die Bourbonen, Bd. 3, Kohlhammer, Stuttgart 2009, ISBN 978-3-17-020584-0, S. 131-207.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Louis-Philippe I. – Biller, Videoen oder Audiodateien


Virgänger:
Charles X.
Kinnek vu Frankräich
1830 - 1848
Nofolger:
Keeser Napoleon III.