Mons

Vu Wikipedia
Mons
nl: Bergen pcd: Mont
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Provënz Hainaut
Arrondissement Mons
Awunner 95.299 (1. Januar 2018)
Fläch 14.653
Koordinaten 50° 27’ 00’’ N
      03° 57’ 00’’ O
Telefonszon 065
Postcode 7000
Websäit https://www.mons.be/

Mons ass eng belsch Stad a Wallounien. Et ass de Chef-lieu vun der Provënz Hainaut a fréier Haaptstad vun der Grofschaft Hainaut. Et ass den Haaptuert vum Arrondissement Mons an de Sëtz vun enger vun de 5 Cour d'appellen an der Belsch. Zanter 1967 ass do de militäresche Kommandozentrum vun der NATO an Europa (SHAPE).

Mons ass och fir seng Ducasse oder Doudou bekannt, eng Pressessioun, bei där et zu der Opféierung vum Kampf géint en Draach kënnt, déi zanter 1349 all Joer organiséiert gëtt, an déi zanter 2005 op der Lëscht vum mëndlechen an immaterielle Weltkulturierwe vun der UNESCO steet.

Kuckeswäert Gebaier sinn de Beffroi, d'Stadhaus, d'Collégiale Sainte-Waudru a la Parfaite Union, déi éischt Fräimaurerloge an Europa.

2015 war Mons Europäesch Kulturhaaptstad (zesumme mat Plzeň).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mons – Biller, Videoen oder Audiodateien

Galerie[änneren | Quelltext änneren]

Sektioune vun der Gemeng Mons

Ciply · Cuesmes · Flénu · Ghlin · Harmignies · Harveng · Havré · Hyon · Jemappes · Maisières · Mesvin · Mons · Nimy · Nouvelles · Obourg · Saint-Denis · Saint-Symphorien · Spiennes · Villers-Saint-Ghislain