Saint-Denis (Mons)
| Saint-Denis | |
|---|---|
|
| |
|
| |
| Land | Belsch |
| Regioun |
|
| Communautéit |
|
| Provënz |
|
| Arrondissement | Mons |
| Gemeng |
|
| Fläch | 1.400 |
| Koordinaten |
50° 29’ 30’’ N 04° 01’ 00’’ O |
| Telefonszon | 065 |
| Postcode | 7034 |
|
| |
|
| |
Saint-Denis, och nach Saint-Denis-en-Broqueroie genannt, ass eng Uertschaft a Gemengesektioun an der belscher Gemeng Mons.
Bis zur Fusioun mat der Gemeng Obourg am Joer 1964 war Saint-Denis eng eegestänneg Gemeng déi aus den Uertschafte Brisée, Brocqueroie, Bruyères a Vignette bestanen huet. Déi fusionéiert Gemeng Obourg huet dunn den 1. Januar 1972 mat Mons fusionéiert.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]An der Geschicht ass Saint-Denis bekannt wéinst der Schluecht vu 1678 déi sech do de 14. an de 15. August am Dall vum Obrecheuil ofgespillt huet.
D'Abtei Saint-Denis-en-Broqueroie huet laang eng wichteg Roll am deegleche Liewe gespillt, bis se bei der franséischer Revolutioun zougemaach gouf. Duerno war vun 1804 bis 1958 eng Kottengsspënnerei an de Klouschtergebaier.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]- D'Abtei Saint-Denis-en-Broqueroie
- D'Parkierch
- De « Café de la Rampe ».
- De Milleweier.
| |||
|
Ciply · Cuesmes · Flénu · Ghlin · Harmignies · Harveng · Havré · Hyon · Jemappes · Maisières · Mesvin · Mons · Nimy · Nouvelles · Obourg · Saint-Denis · Saint-Symphorien · Spiennes · Villers-Saint-Ghislain |
