Spannen (Fuedem)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Gesponne Gar op Rullen

Ënner Spanne versteet een d'Fabrikatioun vun engem Fuedem aus Faseren.

Explikatioun vum Prozess[änneren | Quelltext änneren]

Am Laf vun der Zäit huet de Prozess vum Spanne sech staark verännert an nei Formen ugeholl. Dat huet dozou gefouert, datt d'Spannen haut dräierlee Bedeitunge kritt huet:

  • Ënner Spannen ass dacks de ganze Prozess vun der Fabrikatioun vu Garen aus eenzele Fasere gemengt. Dat begräift d'Rengegen, d'Mëschen, d'Fabrikatioun an d'Opspulle vum Gar.
  • Als Spanne gëtt awer och den Deelprozess vum Verzéien a Verdréie vu Fasere bezeechent. Beim Spannen op der Hand kënnen d'Fasere quasi direkt mam Spannrad gesponne ginn, beim maschinelle Spanne mussen d'Fasere schonn an engem Strank geriicht gi sinn.
  • Historesch bedéngt gëtt dobäi och d'Fabrikatioun vu syntheeteschen oder naturähnleche Faseren durch d'Auspresse vu flëssegem Konschtstoff aus Düsen als Spanne bezeechent. Op Däitsch gëtt da vum Schmelz-, Nass- oder Trockenspinnen geschwat, jee nodeem, wéi de Konschtstoff verflëssegt ginn ass.

Gesponne ginn all Faseren: Planzefasere wéi Kotteng, syntheetesch Fasere wéi PET, Fasere vun Déiere wéi Woll, a fréier souguer mënschlech Hoer oder mineralesch Fasere wéi Asbest.

D'Produkt beim Spanne gëtt Gar genannt. Den Ausdrock Fuedem gëtt meeschtens hei net gebraucht. Déi wichtegst Kennzeeche vum gesponnene Gar sinn, nieft der gebrauchter Faser, d'Gewiicht jee Längt (Fäinheet) an d'Festegkeet vum Gar. Prinzipiell muss een dovun ausgoen datt e Gar, wann et méi reng ass, och méi deier ass. D'Qualitéit vum Gar bestëmmt och d'Qualitéit vum fabrizéierten Duch oder Stoff.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Spannen – Biller, Videoen oder Audiodateien