Chimay

Vu Wikipedia
Chimay
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Provënz Hainaut
Arrondissement Thuin
Awunner 9.841 (1. Januar 2018)
Fläch 19.710
Koordinaten 50° 02’ 54’’ N
      04° 18’ 42’’ O
Telefonszon 060
Postcode 6460
Websäit https://www.ville-de-chimay.be

Chimay ass eng belsch Stad am Hainaut. Si krut den Titel Stad duerch en Arrêté Royal vun 1825.

Dat éischt schrëftlecht Dokument an deem Chimay ernimmt ass staamt aus dem Joer 887. Et ass d'Charte d'Erlebold, an där vum Transfert vun de Reliquie vun der helleger Monegund vum Klouschter vu Salles an d'Kierch vu Chimay rieds geet. D'Echtheet vun dësem Dokument gëtt allerdéngs ugezweifelt (Quell:Bibliographie an der Historescher Abteilung vun der Uni Passau).

D'Stad war eng vun den 12 Pairieë vum Hainaut.

Mat den Noperen hat Chimay am 14. a 15. Joerhonnert net sou vill Chance. Déi Lécker an d'Fransousen hu sech e puermol drëm zerklappt, soudatt bal déi eng, a bal déi aner do Meeschter waren, wat awer ëmmer eng Partie Zerstéierunge mat sech bruecht huet. De Fransouse war Chimay och spéider nach en Dar am A, well et Spëtz war déi a Frankräich eragestouss huet. Déi hunn dunn och 1637 d'Stad praktesch ganz zerstéiert.

Vu 1684 bis 1697 war d'Stad du ganz a franséischen Hänn, a 1714 ass se dunn un Éisträich gefall.

Mat iwwer 19.000 ha. ass et déi zweet gréisst Gemeng am Hainaut.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Iwwer verschidde Verkeef a Bestuedereien, war Chimay an de Besëtz vun der Famill de Croÿ komm, déi vu 1437 bis 1612 do Meeschter war. De Maximilian vun Éisträich huet dem Charles de Croÿ 1486 eng Faveur gemaach an d'Grofschaft zum Fürstentum gemaach. De Prënzentitel ass duerch d'Generatiounen erhale bliwwen. Duerch Ierfschaft koum d'Fürstentum an de Besëtz vum Haus Arenberg, vu 1613 - 1686, duerno un déi elsässesch Famill Henin-Liétard, vu 1686 - 1804.

Duerno huet de François de Riquet, Grof vu Caraman a Prënz vu Chimay de Besëtz iwwerholl, an deem seng Nokomme sëtzen haut nach um Schlass vu Chimay.

Wopen[änneren | Quelltext änneren]

Beschreiwung am Originaltext:

De gueules à l'épée d'argent emmanchée d'or et posée en bande la pointe en haut.

De Wope vu Chimay gouf an där Form de 26. Februar 1977 vum Gemengerot ugeholl, an de 24. Mee 1978 duerch Arrêté royal autoriséiert, an de 4. Juli 1978 am Moniteur Belge publizéiert.

D'Schwäert am Wope kënnt duerch eng So, no där e Vollek dat an der Géigend vu Chimay gewunnt huet, am Joer 57 viru Christus dem Cesar säi Schwäert gezoppt hat, an als Erënnerung un déi Dot ass et an d'Armoirië vu Chimay opgeholl ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Chimay – Biller, Videoen oder Audiodateien