Grand Large

Vu Wikipedia

De Grand Large zu Mons ass e grousse kënschtlesche Waasserbaseng am Norde vu Mons. Et ass e Jachthafen an e läit op där Plaz wou de Kanal Nimy-Blaton-Péronnes an de Canal du Centre widderenee stoussen. E läit domat op enger vun den Haaptverbindungen tëscht dem Baseng vun der Schelde an deem vun der Meuse, an als Etappepunkt tëscht dem hollänneschen a franséische Kanalnetz gëtt en als europäesche Jachthafe betruecht.

En huet en Fläch vu 40 ha, an huet 157 Réng, eng Capitainerie an e Club House mat Restaurant. Donieft läit d'Schwämm vu Mons.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]