Op den Inhalt sprangen

Canal du Centre (Belsch)

Vu Wikipedia
Canal du Centre
Typ Kanal
Geographie
Land Belsch
Verbonne mat Kanal Bréissel-Charleroi, Kanal Nimy-Blaton-Péronnes
Koordinaten 50° 28’ 41’’ N
      04° 06’ 36’’ O
Technesch Donnéeën
Längt 24,27 km
Héicht Ufank 121,15
Héicht Enn 40,00
Gabarit CEMT-Klass IV
86 m × 12 m
Aner Donnéeën
Uwännerstied Mons, Seneffe
Schleisen 2
Schëffslifter 1
(4 um historeschen Deel)
Kanalbrécken 1
Internetsäit http://voiesdeau.hainaut.be/

De Canal du Centre ass e Kanal an der belscher Regioun Centre. E verbënnt de Kanal Charleroi-Bréissel mat dem Kanal Nimy-Blaton-Péronnes an ass 20,9 km laang.

E mécht d'Verbindung tëscht dem Baseng vun der Meuse an deem vum Escaut. Den ieweschte Baseng virum Lift läit op enger Héicht vun 121,15 Meter an ass domat déi héchst Plaz vun der Schëfffaart an der Belsch. Dee Scheetbaseng ass direkt mat deem vum Kanal Charleroi-Bréissel verbonnen an déi zwéin zesummen hunn eng Längt vun iwwer 40 km, wat ee vun de längsten an Europa ass.

Zanter dem 2. September 2002[1] funktionéiert um neien Deel vum Kanal de Schëffslift vu Strépy-Thieu deen den Niveausënnerscheed vun de véier ale Lifter an engem Siess kompenséiert a Schëffer mat Tonnagë bis zu 1,350 t. an d'Luucht hieft.

Um historeschen Deel vum Kanal tëscht La Louvière an Thieu stinn déi 4 Schëffslifter vum Canal du Centre.

Bauwierker an Uschlëss
Numm Uertschaft PK[2] Koordinaten
Kanal Charleroi-Bréissel
(Uschloss)
Seneffe0,00050° 31’ 20.32’’ N 04° 14’ 41.61’’ O
Ofzweigung CroyèreHoudeng-Goegnies4,48550° 29’ 57’’ N 04° 11’ 45’’ O
Haaptofzweigung
(Historesche Kanal)
Houdeng-Goegnies4,57850° 29’ 55’’ N 04° 11’ 29’’ O
Sécherheetspaart vum Blanc PainHoudeng-Goegnies6,25050° 30’ 00.27’’ N 04° 10’ 17.80’’ O
Kanalbréck vum SartHoudeng-Aimeries8,605 - 9,13950° 29’ 37’’ N 04° 08’ 18’’ O
Schëffslift vu Strépy-ThieuStrépy / Thieu11,45850° 28’ 42’’ N 04° 06’ 39’’ O
Schleis Thieu (40×5,20×6,81)
(Uschloss Yachthafen an
historesche Kanal)
Thieu13,20750° 28’ 18.12’’ N 04° 05’ 28.13’’ O
Schleis Havré (124×12,5×10)Havré17,80050° 28’ 15.63’’ N 04° 01’ 33.39’’ O
Schleis Obourg (124×12,5×5,0)Obourg21,20050° 28’ 45.16’’ N 03° 58’ 54.55’’ O
Kanal Nimy-Blaton-Péronnes
(Uschloss)
Mons24,27550° 28’ 31.26’’ N 03° 56’ 42.08’’ O
 Commons: Canal du Centre (Belsch) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Avis à la bâtellerie N° 2002/19/164
  2. De PK gëtt d'Kanalkilometeren un