Kanalbréck

Vu Wikipedia
Kanalbréck zu Magdeburg

Eng Kanalbréck ass eng Bréck déi et enger Waasserstrooss, engem Kanal, erlaabt fir iwwer Plazen déi méi déif leien ewech ze kommen.

Kanalbrécke ginn awer och gebaut fir e Kanal op deem méi héich geleeënen Deel bei e Schëffslift ze féieren.

Déi gréisst Kanalbréck an Europa ass zu Magdeburg a féiert iwwer d'Elbe. Si ass 918 m laang an huet domat am Joer 2003 d'Kanalbréck vu Briare, mat 662 m op déi zweet Plaz geréckelt.

Et gëtt och Kanalbrécken, déi Dréibrécke sinn. An England gëtt et dovun eng um Bridgewater-Kanal bei Barton, net wäit vu Manchester, an a Frankräich um Canal de l'Est an der Haute-Saône bei Selles.

Déi héchst Kanalbréck an déi längst, mat engem stolen Trach steet a Wales bei Llangollen a geet iwwer den Dall vum Dee. Si ass 38,7 m héich an 307 m laang.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kanalbrécken – Biller, Videoen oder Audiodateien