Kanalbréck vum Sart

Vu Wikipedia
Kanalbréck vum Sart
Geographie
Land Belsch
Plaz Houdeng-Aimeries
Koordinaten 50° 29’ 37’’ N
      04° 08’ 18’’ O
Funktioun
Benotzt als Kanalbréck
Féiert iwwer Tiriau du Sart
Nationale 55
Technesch Detailer
Bréckentyp Trachbréck mat Säitendunnen
Totallängt 498 m
Felder/Béi 13 × 36 m / 2 × 15 m
Breet 46 m
Héicht 18 m
Material Virgespaante Bëtong
Bemierkungen
Opgaangen 2002
Architekt(en)
Konzeptioun
Bureau Greisch
Jean-Marie Crémer


D'Kanalbréck vum Sart ass eng Kanalbréck um Canal du Centre an der belscher Uertschaft Houdeng-Aimeries. Et ass nieft dem Schëffslift vu Strépy-Thieu an der Sécherheetspaart vum Blanc Pain eent vun dräi wichtegste Bauelementer vum Kanal.

D'Bréck ass 498 Meter laang a féiert iwwer den Dall vum Thiriau du Sart an iwwer d'Nationale 55. Déi 65.000 Tonne schwéier Bréck gouf an der Drécktechnik gebaut, d.h. déi eenzel Deeler goufen op engem Schantjen um Kapp vun der Bréck gebaut an da vun do aus op hir Plaz gedréckt. Dréckvitesse louch bei 12 Meter an der Woch.

Charakteristiken[änneren | Quelltext änneren]

Déi 498 m laang Bréck sou wéi de Schëffslift goufen am Kader vum Reamenagement vum Kanal an der Mise à gabarit op d'Schëffsklass IV gebaut. Den trapezfërmegen Trach huet eng Mindestbreet um Waasserspigel vun 33 Meter an den Déifgank läit bei 4,15 m. Iwwer d'Bréck féieren op béide Säite 6 m breet Weeër fir den Ënnerhalt. Déi zwee 15 m laang Kappfelder sinn a Cantileverbauweis ausgefouert. Déi ronn Piliere mat engem Duerchmiesser vun 3 m stinn allkéiers op enger 100 grousser Plack déi selwer op 9 Piliere vun 1,5 m Duerchmiesser steet, déi a Buerlächer gegoss goufen. All Pilier ka ronn 6.000 Tonnen droen. Den Tablier gëtt vu fëschbauchfërmegen Dunne gedroen déi an der Zentralsektioun 3 m héich sinn. Den Tablier ass 0,4 m déck mat Verstäerkung op 0,6 bei den Opleeër. D'Säitewänn si 7,5 m héich an 0,9 m déck. Dat ganzt Gewiicht mam Waasser dran, läit bei 145.000 Tonnen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Moutarlier, Anne (2002): Un canal entre ciel et terre. Dans: Chantiers de France, n. 353 (septembre 2002), pp. 27–28.
  • Le pont-canal du Sart à Houdeng-Aimeries. brochure, ir. B. Faes, Namur (Belgique), 2002.
  • Counasse, Clément / Cremer, Jean-Marie / Del Forno, Jean-Yves (2003): The Sart Canal-Bridge, Houdeng—Aimeries, Belgium. Dans: Structural Engineering International, v. 13, n. 1 (février 2003), pp. 19–22. [1]
  • Mortier, Claude: Le pont-canal du Sart. The Sart canal bridge. Présenté pendant: First fib Congress, 13-19.10.2002, Osaka, Japan, pp. 46.
  • Le pont-canal de Sart. Dans: Freyssinet Magazine, n. 211 (mai - août 2001), pp. 8–12.