Schëffslift vu Strépy-Thieu

Vu Wikipedia
Loftopnam
D'Gebai
Vue vum Waasser aus

De Schëffslift Strépy-Thieu ass en elektromechanesche Schëffslift um Canal du Centre, tëscht Mons an dem Nordmier, um km 11,466 deen 2002 fäerdeg gouf an zanterhir en Héichtenënnerscheed vun 73 Meter tëscht dem Baseng vun der Meuse an deem vum Escaut iwwerwënnt. En ersetzt déi véier historesch hydraulesch Lifter um Kanal a gëllt als ee vun de gréisste Schëffslifter vun der Welt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Zanter den 1950er Jore goufen an der Belsch d'Schëffsweeër am Land ausgebaut, fir bis 1350 Tonne schwéier Schëffer kënnen duerchzeloossen. De Schëffslift vu Strépy-Thieu gouf tëscht 1982 an 2002 geplangt a gebaut, fir mat engem Siess op engem Parallelkanal zum ale Canal du Centre déi iwwer 70 m Niveausënnerscheed z'iwwerwannen.

Bauwierk[änneren | Quelltext änneren]

De Lift aus arméiertem Bëtong ass eng 81 m breet, 130 m laang an 117 m héich. Zwéin Träch kënne bis zu 1350 Tonne schwéier Waassergefierer bannent knapps 15 Minutten erop- an eroftransportéieren. D'Träch sinn 112 m laang an 12 m breet a fonktionnéiere mat Géigegewiichter.

De Lift ass nieft der Kanalbréck vum Sart an der Sécherheetspaart vum Blanc Pain eng vun den dräi Haaptkonstruktiounen um Canal du Centre.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Strépy-Thieu boat lift – Biller, Videoen oder Audiodateien