Schëffslifter vum Canal du Centre

Vu Wikipedia
Lift Plaz Koordinaten Hiefhéicht P.k Bild
Nr. 1 Houdeng-Goegnies 50° 29’ 15.13’’ N
      04° 10’ 33.15’’ O
15,397 m 0.263
Nr. 2 Houdeng-Aimeries 50° 28’ 57..40’’ N
      04° 08’ 32.43’’ O
16,934 m 3.178
Nr. 3 Strépy-Bracquegnies 50° 28’ 52.44’’ N
      04° 08’ 14.38’’ O
16,933 m 3.562
Nr. 4 Thieu 50° 28’ 16.91’’ N
      04° 05’ 40.34’’ O
16,933 m 7.100

D'Schëffslifter vum Canal du Centre si véier Schëffslifter um historeschen Deel vum belsche Canal du Centre déi tëscht 1888 an 1917 gebaut goufen. Si erlaben et op enger Streck vu ronn 11 km en Héichtenënnerscheed vun am Ganze 66 Meter z'iwwerwannen. Si maachen d'Verbindung tëscht dem Baseng vun der Meuse an deem vum Escaut. Den ieweschte Schleisekanal virum Lift N°1 läit op enger Héicht vun 121,15 Meter an ass domat déi héchst Plaz vun der Schëfffaart an der Belsch.

Vun den aacht Schëffslifter déi um Enn vum 19. an Unfank 20. Joerhonnert gebaut goufen, sinn et déi eenzeg déi nach mat der Originalmaschinnerie funktionéieren.

Zanter 2002, wéi de Schëffslift vu Strépy-Thieu um neien Deel vum Canal du Centre fir Schëffer bis 1.350 Tonnen a Betrib gaangen ass, gouf den alen Deel vum Kanal, dee fir Schëffer bis 300 Tonnen ausgeluecht war, ausser Betrib gesat a gëtt nach just fir Fräizäitschëffsfaart benotzt.

No engem Accident um Lift N°1 bei deem de Lift schwéier beschiedegt gouf, war déi ganz Schëfffaart no uewe blockéiert.

Zanter Enn 2012 waren d'Reparaturen ofgeschloss. An der Tëschenzäit goufen och Revisiounen a Reparaturen un den anere Lifter gemaach.

Fonctionnement[änneren | Quelltext änneren]

Déi zwéi Bace vun all Lift stinn op 2 m décken hydraulesche Pistonen a ginn duerch hir eege Schwéierkraft nom Prinzip vun enger Wo beweegt. D'Stabilisatioun an enger gewësser Positioun gëtt iwwer Ventiller regléiert déi mat de Behälteren ënner dem Piston a Verbindung stinn. Fir en Auslafe vum ieweschte Schleisebaseng, deen op der Waasserscheed verleeft, ze verhënneren ass den éischte Lift, no uewen zousätzlech mat zwou Sécherheetspaarten ekipéiert.

D'Lifter 1 a 4 hunn hir eege Maschinneraim déi direkt donieft stinn, an den 2 an 3 gi vun engem Maschinneraum aus beliwwert. D'Missioun vun där zousätzlecher Maschinnerie ass fir en ettlech Funktiounen um Lift ze garantéieren, wéi z. B. d'Energie ze liwwere fir d'Schleisepaarten an d'Paarte vun de Backen op an zouzemaachen.

D'Schëffslifter mat der Géigend ronderëm ginn zanter 1998 vun der Unesco zum Weltierwe gezielt.

Soss nach[änneren | Quelltext änneren]

Am Gebai nieft dem Lift vun Houdeng-Goegnies ass eng permanent Ausstellung iwwer hydraulesch Lifter. Do gëtt een ë. a. gewuer wat d'Britten zu de franséischen a belsche Projete bäigedroen hunn, déi hirersäits en groussen Afloss op déi kanadesch haten.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schëffslifter vum Canal du Centre – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]