Kanal Bocholt-Herentals

Vu Wikipedia
De Kanal zu Lommel an Direktioun Bocholt gekuckt
De Kanal zu Lommel an Direktioun Herentals gekuckt

De Kanal Bocholt-Herentals ass e Schëffskanal an de belsche Provënzen Limburg an Antwerpen deen 1846 gebaut gouf. E gëtt do och nach Kempisch Kanaal oder Maas-Scheldekanaal genannt. De Kanal verbënnt d'Zuid-Willemsvaart zu Bocholt mam Albertkanal zu Herentals. En ass 58,8 km laang a befuerbar fir Schëffer aus der CEMT-Klass II bis 650 Tonnen.

An der Zäit vum Zweete Weltkrich huet de Kanal eng wichteg strateegesch Roll gespillt, an zwar als Sprangbriet fir déi alliéiert Buedemtruppe bei der Operatioun Market Garden. Eng besonnesch wichteg Roll hat dobäi d'Bréck N°9 zu Lommel, déi vun den Irish Guards eruewert gi war.

Schleisen[änneren | Quelltext änneren]

Den Héichtenënnerscheed tëscht Bocholt an Herentals ass 33 Meter a gëtt duerch 3 Schleisekomplexer mat duebele Schleisen, a 7 eenzele Schleisen iwwerwonnen.

  • Lommel (Blauwe Kei): Schleis N° 1A & 1N, 50 m x 7 m a 55 m x 7,50 m - Héichtenënnerscheed 4,30 m
  • Mol: Schleis N° 2A & 2N, 50 m x 7 m a 55 m x 7,50 m - Héichtenënnerscheed 4,30 m
  • Mol: Schleis N° 3A & 3N, 50 m x 7 m a 55 m x 7,50 m - Héichtenënnerscheed 4,31 m
  • Dessel: Schleis N° 4, 50 m x 7 m - Héichtenënnerscheed 1,91 m
  • Dessel: Schleis N° 5, 50 m x 7 m - Héichtenënnerscheed 2,13 m
  • Mol: Schleis N° 6, 50 m x 7 m - Héichtenënnerscheed 1,93 m
  • Geel: Schleis N° 7, 50 m x 7 m - Héichtenënnerscheed 2,49 m
  • Geel Ten Aard: Schleis N° 8, 50 m x 7 m - Héichtenënnerscheed 2,03 m
  • Geel Larum: Schleis N° 9, 50 m x 7 m - Héichtenënnerscheed 1,99 m
  • Herentals: Schleis N° 10, 55 m x 7,50 m - Héichtenënnerscheed 7,51 m