Kanal Louvain-Dijle

Vu Wikipedia
Schleis vun Zennegat.

De Kanal Louvain-Dyle ass e belsche Kanal am Flämesche Brabant, an an der Provënz Antwerpen.

De Kanal gehéiert zur Klass II fir Schëffer bis 650 Tonnen. E verbënnt Louvain mat dem schëffbaren Deel vun der Dijle.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Kanal gouf tëscht 1750 a 1752 gebaut fir de Brauereie vu Louvain eng besser Transportméiglechkeet ze bidden.

Säin éischten Numm op Hollännesch war Leuvense vaart an e gouf 1994, wéi d'Flämesch Regioun vun der Belsch d'Gestioun iwwerholl huet, op Kanaal Leuven Dijle ëmgedeeft.

De Kanal Louvain-Dijle ass ee vun den eelste Kanäl an der Belsch. Den 29. Januar 1750 gouf d'Keeserin Maria Theresia der Stad Louvain d'Erlabnes fir de Kanal ze bauen. Louvain huet all d'Käschte missen droen, krut awer als Géigeleeschtung d'Recht fir de Kanal op seng eege Rechnung z'exploitéieren.

Den 9. Februar 1750 huet de Prënz Charel vu Loutrengen den éischte Spuetstéch gemaach, an den 21. Dezember 1752 konnt de Kanal volllafe gelooss ginn.

Fir konkurenzfäeg mat der Eisebunn ze bleiwen, gouf de Kanal, fir datt méi grouss Schëffer konnten drop fueren, tëscht 1836 an 1837 liicht ëmgebaut. Säi Profil gouf op een Déifgank vun 3.60 m ugepasst, an an den duebele Schleise gouf déi mëttels Paart erausgeholl fir datt och méi laang Schëffer konnten drop fueren.

Bis 1972 war de Kanal Eegentum vun der Stad Louvain, a gouf du vum Belsche Staat iwwerholl.

Verlaf vum Kanal[änneren | Quelltext änneren]

De Kanal huet säin Ufank am Hafe vu Louvain, dem Vaartkom-Baseng, net wäit vun der Abtei Keizersberg, a leeft vun do aus no Norden, laanscht d'Weiere vu Bellefroid, bis op Wijdmaal, wou en dann no Nordwesten dréint. Op dëser Streck leeft de Leiebeek op der lénkser Säit dolaanscht, bis en zu Wijdmaal an de Kanal leeft.

De Kanal leeft da weider a Richtung Mechelen, fir ongeféier op der Héicht vun der Nationalstrooss 267 op d'Grenz vun der Provënz Antwerpen ze stoussen. Vun do aus mécht en dann d'Grenz op enger Längt vun 3.200 Meter tëscht de Provënzen Antwerpen a wallounesche Brabant.

Soubal wéi en dann duerch Mechelen ass, kritt en ongeféier 1.500 m viru Rumst, direkt no der Schleis vun Zennegat Uschloss an de schëffbaren Deel vun der Diyle. Direkt donieft leeft och vu lénks d'Senne an Dijle.

Schleisen[änneren | Quelltext änneren]

Um Trajet vum Kanal gëtt et 5 Schleisen. Et si sougenannte Bauchschleisen. Den Numm kënnt dohier, well hir Säitewänn hallefronn Abuchtungen hunn. Si hunn alleguer déi selwecht Moosse vun 52 m x 7,75 m.

D'Schleisen der Rei no vun uewen no ënnen:

Am Ufank waren nëmmen dräi Schleise gebaut ginn, zu Kampenhout, Mechelen an Zennegat.

Nodeem d'Däicher e puermol futtigefuer waren an et och Problemer mat de Schleiseparte gouf, ass du 1760 decidéiert gi fir d'Schleis vu Mechelen ze suppriméieren, an duerch dräi nei Schleisen z'ersetzen. Vu 1763 u warenm dunn déi dräi nei Schleisen zu Tildonk, Boortmeerbeek a Battel am Asaz.

Well d'Schleisekummeren déi aus gehaenem Kallekstee gebaut sinn, nach praktesch alleguer am Originalzoustand sinn, a soss sech och net vill um Kanal verännert huet, ass en e gudden Zeie vum Kanalbau am 18. Joerhonnert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kanal Louvain-Dijle – Biller, Videoen oder Audiodateien