Kanal Pommerœul-Condé

Vu Wikipedia
Kanal Pommerœul-Condé
Restauratiounsaarbechten am Mäerz 2022

Restauratiounsaarbechten am Mäerz 2022
Restauratiounsaarbechten am Mäerz 2022
Land Belsch
Ufank Mons (1818)
50° 27’ 14.17’’ N
      03° 56’ 11.81’’ O

Pommerœul (1968)
50° 28’ 45.57’’ N
      03° 42’ 52.02’’ O
Enn Condé-sur-l'Escaut (1818)
50° 26’ 46.06’’ N
      03° 35’ 33.37’’ O

Condé-sur-l'Escaut (1968)
50° 26’ 13.97’’ N
      03° 35’ 29.39’’ O
Eegenschaften
Aktuelle Statut ausser Betrib (1967) wéinst Verlandung
amgaang restauréiert ze ginn
Längt 25 km
Héicht Ufank 26 m
Héicht Enn 16 m
Gabarit ± Gabarit Freycinet
(45,20 × 5,20)
Gebrauch Schëfffaart
Infrastrukturen
Schleisen 7 um ale Kanal
2 um neie Kanal
Geschicht
Bau 1807-1818
A Betrib geholl 19 octobre 1818
Enn vum Betrib 1967

De Kanal Pommerœul-Condé och nach Kanal Mons-Condé ass e belsch-franséische Kanal an der Provënz Hainaut an am Departement Nord.

De Kanal deen haut nëmme méi deelweis besteet huet fréier Mons mat Condé verbonnen.

De Kanal dee praktesch schnouerricht Mons, mat dem Escaut zu Condé vebonnen huet war 25 km laang, dovu 5 a Frankräich. Um Kanal gouf et fënnef Schleisen an der Belsch (Mons (Pont-Canal), Jemmapes, Saint-Ghislain, Boussu (Herbières) an Hensies (Malmaison) an zwou a Frankräich (Thivencelles a Condé (Gœulzin), déi zesummen en Héichtenënnerscheed vun ronn 13,55 m ausgeglach hunn.

Am Ufank war de Kanal am verlängerte Gabarit Freycinet gebaut ginn, mat Schleise vu 45,20 × 5,20 Meter, an en Déifgang vun 2 Meter. Beim Ausbau vum Kanal 1968 an der Belsch an 1982 a Frankräich gouf de Verlaf modifizéiert, an op Europagabarit 110 × 11,40 vergréissert. A Frankräich goufen dobäi d'Schleisen all supriméiert, an de Kanal gouf ëstlech laanscht Condé geleet. An der Belsch gouf eng Parti duerch de Bau vun der Autobunn A7 zerstéiert. Dofir gouf bei Pommerœul e 6.100 m laangen neie Kanal gebaut mat zwou neie Schleisen, deen op der Héicht vum Grand-Large vu Pommerœul Uschloss un de Kanal Nimy-Blaton-Péronnes huet. Dobäi gouf den Uschloss vum Kanal Pommerœul-Antoing zerstéiert an den Deel vun deem Kanal tëscht Pommerœul a Blaton läit vun do un op ronn 5 Kilometer brooch.

Schleisen[änneren | Quelltext änneren]

  • Schleis vu Pommerœul (P.K. 0.930)
  • Schleis vun Hensies (P.K. 5.075)

Am Kader vun der Realisatioun vun der Verbindung Seine-Escaut gouf de franséische Sous-prefet Franck-Olivier Lachaud am Oktober 2011 bekannt datt de Kanal nees schëffbar gemaach gëtt an datt d'Aarbechte viraussiichtlech Enn 2013 sollen ulafen.[1] Dat huet allerdéngs net sou richteg geklappt, awer am Fréijoer 2022 sinn d'Arbechten zu Condé un Rulle komm, d'Uwänner goufe gebotzt a frësch ageschréit a mat engem Fäscheverbau an Zyklopesteng stabiliséiert.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Artikel an der Voix du Nord: Feu vert à nouveau pour le nettoyage du canal de Pommeroeul: travaux en 2013 (28.10.2011)