Mundaneum

Vu Wikipedia
E puer vun den Tiräng mat bibliographesche Karteikaarte vum Répertoire Bibliographique Universel.

De Mundaneum war e Konzept vun enger Zort Mediathéik, gekoppelt mat engem Musée, an där d'Wësse vun der Welt sollt repertoriéiert, archivéiert an ausgestallt kënne ginn. Ausgeduecht war et vum Paul Otlet a vum Henri La Fontaine. Et gouf vun 1910 un zu Bréissel opgebaut, ass dann awer an den 1930er Joren ofgebrach ginn. Iwwerreschter dovu sinn haut an engem Musée zu Mons ze gesinn.

Den Otlet hat sech an de Jore virdrun domat beschäftegt, wéi ee bibliographesch Donnéeën sou katalogiséiere kéint, datt een egal wat fir en Theema, an egal wat fir enger Sprooch, eendeiteg repertoriéieren a sou erëmfanne kéint. Dofir huet hien d'Classification Décimale Universelle (CDU) entwéckelt, e System, deen haut nach a ville wëssenschaftleche Bibliothéiken am Gebrauch ass.

Hie selwer huet net nëmmen um themateschen Opbau vun der CDU geschafft, mä wollt praktesch eng Meta-Bibliographie vun alle Bicher op d'Been stellen, déi et gouf: de Répertoire Bibliographique Universel (RBU). Dofir huet en eng Organisatioun gegrënnt, den Institut International de Bibliographie (IIB). Fir d'Koordinatioun mat aneren Dokumentatiounszentren z'erméiglechen, huet en, no enger Konferenz, am Joer 1895, den Office International de Bibliographie (OIB) gegrënnt. 1910 hat en iwwer 12 Millioune bibliographesch Karteikaarte beieneen. En Deel vun der referenzéierten Dokumenter waren am Mundaneum selwer archivéiert. An dat waren net nëmme Publikatiounen op Pabeier, mä och aner Medie-Supporten, wéi Plakater, Glasplacke mat Fotoen, Maquettë vun techneschen Apparater, asw.

De Palais du Cinquantenaire; zanter 1986 ass do de Musée "Autoworld" dran.

Déi Maquettë wollt den Otlet an engem Musée, dem Musée mondial, ausgestallt hunn, woufir en ufanks déi belsch Autoritéiten iwwerzeegt krut, de Palais du Cinquantenaire, deen no enger Weltausstellung eidel war, dofir zur Verfügung gestallt ze kréien. Och säi bibliographescht Archiv ass dohi geplënnert. Dat Ganzt ass Palais mondial (oder Mundaneum) genannt ginn.

Mä fir den Otlet war dat just eng Tëschenetapp: Hien huet vun enger "Weltstad" (Cité Universelle) gedreemt, an där Wëssenschafler aus der ganzer Welt zu allen Theme schaffe géifen. De Le Corbusier hat dofir Pläng entworf, fir zu Genf gebaut ze ginn.

An den 1930er Joren awer hunn d'Belsch Autoritéiten decidéiert, de Musée mondial zouzemaachen. Verschidde bibliographesch Vereenegungen hu proposéiert, den IIB bei hinnen opzehuelen, mä fir den Otlet huet de Musée Mondial dozougehéiert.

1941 ass de Palais du Cinquantenaire vun den Däitsche Besatzer komplett geraumt ginn, d'Archiver, de Musée an d'bibliographesch Karteien sinn an eng Annex vun der Fräier Universitéit, an den Institut Pasteur, geplënnert ginn. Den Otlet ass 1944 gestuerwen, säin Nofollger huet, méi schlecht wéi recht probéiert, de Projet virunzeféieren. An den 1970er an 1980er Jore gouf dräimol geplënnert, a bei all Geplënners sinn Dausende vun Dokumenter ewechgehäit, zerstéiert oder geklaut ginn oder einfach verluer gaangen. Vun den Honnerte vu Maquettë vu techneschen Apparater z. B. ass keng eng erhale bliwwen.

1993 koum dat, wat nach Rescht war, op Mons, an en Art Deco-Gebai vun engem fréiere Buttek. Erhale sinn d'Karteie vun der RBU, en Deel vun der Bibliothéik, d'Archiv vu Press a Fotoen. Dës sinn zanter 1996 am Gaang, ausgewäert ze ginn (2008 waren et 10% vum Bestand), an och thematesch Ausstellunge ginn domat zesummegestallt.

Joerzéngte vergiess, gëtt d'Konzept vum Mundaneum haut als eng Zort analog Internet-Sichmaschinn gesinn.

Fir ze liesen[änneren | Quelltext änneren]

  • Le Mundaneum. Les Archives de la Connaissance. Les Impressions Nouvelles, Bréissel, 2008.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]