Adolphe Thiers

Vu Wikipedia
Adolphe Thiers
Gebuertsnumm Marie-Joseph-Louis-Adolphe Thiers
Gebuer 15. Abrëll 1797
Marseille
Gestuerwen 3. September 1877
Saint-Germain-en-Laye
Doudesursaach Hiereschlag
Nationalitéit Zweet Republik, Éischt franséisch Republik, Kinnekräich Frankräich, Premier Empire, Zweet Keeserräich
Educatioun Lycée Thiers,
Universitéit Aix-Marseille,
Universitéit Paul-Cézanne
Aktivitéit Affekot, Politiker, Journalist, Historiker, Schrëftsteller
Partei Orléanisten
Member vun Académie française, Ungaresch Wëssenschaftsakdemie, Académie des sciences morales et politiques, American Academy of Arts and Sciences, Accademia delle Scienze di Torino
Famill
Bestuet mat Élise Thiers

De Marie-Joseph-Louis-Adolphe Thiers, gebuer zu Marseille de 15. Abrëll 1797 a gestuerwen zu Saint-Germain-en-Laye den 3. September 1877, war e franséischen Affekot, Journalist, Historiker a Politiker. Hie war den éischte President vun der Drëtter Franséischer Republik.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

No senger Primär- a Secondairesschoul zu Marseille ass den Adolphe Thiers op Aix-en-Provence Droit studéiere gaangen. Wéi e seng Lizenz hat, gouf en Affekot. 1821 ass en awer dunn op Paräis gaangen, fir do als Journalist ze schaffen. Nieft senger Aarbecht als Chroniker an der Zeitung Le Constitutionnel, huet en un enger 10-bänneger Geschicht vun der Franséischer Revolutioun geschafft, déi vill Erfolleg hat.

Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Am Januar 1830 huet den A. Thiers, mat zwéin Associéen, Le National gegrënnt, eng Zeitung, déi géint dem Kinnek Charles X. säin ultrakonservative Regimm war an déi eng Protestaktioun géint d'Ordonnanze vum Juli 1830 an d'Wee geleet huet. Domat huet den Thiers de Louis-Philippe vun Orléans ënnerstëtzt. No enger kuerzer Revolutioun koum deen tatsächlech als Louis-Philippe Ier, Roi des Français, op den Troun. Den Thiers gouf Member vum Staatsrot an och Generalsekretär vum Finanzministère.

Am Oktober 1830 gouf den A. Thiers Deputéierte vum Departement Bouches-du-Rhône a gouf bis 1848 ëmmer rëmgewielt. Vum 2. November 1830 bis zum 13. Mäerz 1831 war den A. Thiers Ënnerstaatssekretär am Finanzministère. Den 11. Oktober 1832 gouf en Inneminister, a vun Dezember 1832 bis Abrëll 1834 war e Bauten- an Handelsminister.

Den 20. Juni 1833 gouf hien an d'Académie française gewielt.

Am Abrëll 1834 gouf en nees Inneminister an nom Fieschi sengem Attentat, huet en d'"Septembergesetzer" stëmme gelooss, déi 1835 d'Pressefräiheet staark reduzéiert hunn. 1836 gouf e, vum 22. Februar bis zum 6. September, President vum Ministerrot a gläichzäiteg Ausseminister.

Nom Stuerz vum Louis-Philippe I. huet den Thiers d'Kandidatur vum Louis-Napoléon Bonaparte, dem zukünftegen Napoleon III., fir de Presidentestull ënnerstëtzt. Hie war iwwerzeegt, datt hien den Neveu vum groussen Napoleon I. kéint beaflossen. Hie selwer huet awer am Abrëll 1848 d'Walen am Département des Bouches-du-Rhône verluer a konnt nëmme kuerz duerno, am Kontext vu Komplementarwalen, an der Stad Le Havre gewielt ginn. Am Dezember 1851, kuerz nom Staatsstreech vum Prince-Président, deen onbedéngt méi laang um Rudder wollt bleiwen, wéi d'Constitutioun dat erlaabt huet, ass den Thiers fir eng Zäitchen an d'Belsch an an England an den Exil gaangen.

Bei de legislative Wale vun 1863 gouf den Thiers an de Corps législatif gewielt.

Den Adolphe Thiers war géint ee méigleche Krich géint d'Kinnekräich Preisen, dat am Gaang war, déi verschidden däitsch Staaten a fräi Stied ëm sech ze vereenegen, an huet fir de Fridde militéiert. Den Napoléon III. huet sech awer vum Bismarck manipuléiere gelooss an huet Preisen de Krich erkläert, de Krich vun 1870 dee prompt vu Frankräich verluer gouf.

D'Republik gouf nees ausgeruff a bei de Wale vum 8. Februar 1871 gouf den Thiers erëmgewielt. Wéinst den Evenementer (Krich, Belagerung vu Paräis, Paräisser Commune), huet d'Assembée nationale sech zu Bordeaux versammelt. Do ass den Thiers, de 17. Februar 1871, zum Chef du pouvoir exécutif genannt ginn. Hien huet du Fridde mat Preise geschloss, wat Frankräich, nieft enger grousser finanzieller Entschiedegung, d'Gebidder kascht huet, déi als Elsass-Loutrengen un dat vereenegt Däitschland geprafft goufen, a seng Regierung huet, vun der Prefektur vu Versailles aus, d'Commune vu Paräis bluddeg néiergeschloen. Den 31. August 1871 gouf den Adolphe Thiers offiziell zum President ernannt an den 2. September 1871 huet e per Dekreet d'Funktioun vun engem Vizepresident vum Ministerrot geschaaft.

No den Evenementer vun 1870-1871 huet den Thiers sech beméit, d'Land nees op d'Been ze kréien. Hien huet déi däitsch Okkupatioun doduerch fréizäiteg beendegt, datt en zwéi Kreditter opgeholl huet, fir d'Krichsentschiedegung ze bezuelen a lass ze ginn, eppes, wat himm, trotz der bluddeger Liquidatioun vun der Paräiser Commune, den Dank vu ville Fransousen abruecht huet. Donieft huet en awer och d'Steieren erhéicht. Schliisslech huet en de Militärdéngscht nei organiséiert.

Am Mee 1873 huet den Thiers de Pouvoir verlooss. Hien hat an der Assemblée nationale, déi dee Moment vun enger monarchistescher Majoritéit dominéiert gouf, keng Ënnerstëtzung fir seng Visioun vun enger konservativer Republik. Réckbléckend gesäit een, datt den Thiers politesch een Opportunist war. Mol war e monarchistesch agestallt, da republikanesch, da bonapartistesch, a wéi en un d'Spëtz vun der Exekutiv koum, nees royalistesch. Als Chef vun der Exekutiv, respektiv als President vun der Republik, war en e konservative Republikaner.

Den Adolphe Thiers ass den 3. September zu Saint-Germain-en-Laye gestuerwen.

No him genannt[änneren | Quelltext änneren]

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Histoire de la Révolution française; 10 Bänn; Paräis (Lecointre & Durey), 1823-1827.
  • Histoire du Consulat et de l'Empire; 20 Bänn; Paräis (Paulin, fir d'Bänn 1-16; Paulin, Lheureux & Cie, fir d'Bänn 17 an 18; Lheureux & Cie, fir d'Bänn 19 an 20), 1845-1862.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Pierre Guiral, Adolphe Thiers, ou: De la nécessité en politique; Paräis (Fayard), 1986.
  • Pierre Miquel, La Troisième République; Paräis (Fayard), 1989.
  • Arnaud Teyssier, La IIIe République; Paräis (Pygmalion), 2001.
  • Patrice Duhamel & Jacques Santamaria, L'Élysée - Coulisses et secrets d'un palais; Paräis (Plon), 2012; fir den Adolphe Thiers, vgl. besonnesch d'Ss. 367-369!