Alain Poher

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Den Alain Poher, 1968

Den Alain Poher, gebuer de 17. Abrëll 1909 zu Ablon-sur-Seine, a gestuerwen den 9. Dezember 1996 zu Paräis, war e franséische Politiker.

Hie war ë. a. President vum franséische Senat (1968-1992), an an där Funktioun Interimspresident vun der Republik no der Demissioun vum Charles de Gaulle (Abrëll-Juni 1969) an nom Doud vum President Georges Pompidou (Abrëll-Mee 1974).

D'Presidentschaftswalen 1969 huet hie géint de Pompidou verluer.

Hie war President vum Europaparlament vun 1966 bis 1969.