Senat (Frankräich)

Vu Wikipedia
Zur Navigation springen Zur Suche springen
De Sëtzungssall vum franséische Senat am Palais du Luxembourg zu Paräis

De Senat ass nieft der Nationalversammlung eng vun den zwou Chamberen am franséische Parlament. Si ass déi iewescht Chamber (frs: chambre haute). Zesumme maache si d'Gesetzer a Frankräich.

D'Verfassung vun der V. franséischer Republik hält fest, datt de Senat de Vertrieder vun de "collectivités territoriales" ass.

De Senat ass un der Gesetzgiewung bedeelegt, mee kann awer am Zweiwelsfall vun der Nationalversammlung iwwerstëmmt ginn. Wa sech de Senat an d'Nationalversammlung iwwer e Gesetzesprojet net eens sinn, da kann de Premierminister der Nationalversammlung dat lescht Wuert ginn. Dat heescht, d'Nationalversammlung kann nëmmen e Gesetz wiele wa se entweder den Accord vum Premierminister oder den Accord vum Senat huet, mee net eleng.

Dem Senat seng Kontrollrechter géigeniwwer der Regierung sinn nëmme schwaach ausgeprägt: e kann se befroen a Rapporte verëffentlechen, mee huet awer keng formell Sanktiounsméiglechkeeten.

Zënter 2011 ginn et am Senat 348 Senateuren. Si gi fir e Mandat vu 6 Joer gewielt. All dräi Joer gëtt eng Hallschent vum Senat erneiert. D'Senateure ginn net direkt vum Vollek gewielt, mee vu ronn 150.000 "grands électeurs".

Traditionell gëtt de franséische Senat vu rietsen an zentristesche Parteien dominéiert. E Grond heifir ass, datt ländlech Regiounen méi staark am Senat vertruede si wéi Stied. Déi lénk Parteien haten nëmmen tëscht 2011 an 2014 eng Majoritéit.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Franséische Senat – Biller, Videoen oder Audiodateien