Emmanuel Macron

Vu Wikipedia
Emmanuel Macron
Gebuertsnumm Emmanuel Jean-Michel Frédéric Macron
Gebuer 21. Dezember 1977
Amiens
Nationalitéit Frankräich
Educatioun École nationale d'administration,
Institut d'études politiques de Paris,
Lycée Henri IV
Aktivitéit Investmentbanker, Staatsmann, Héije Fonctionnaire, Politiker
Partei Renaissance, Parti socialiste, Onofhängeg
Famill
Bestuet mat Brigitte Macron

Den Emmanuel Jean-Michel Frédéric Macron, gebuer den 21. Dezember 1977 zu Amiens, ass e franséische Politiker an zanter dem 14. Mee 2017 President vu Frankräich a Co-Prënz vun Andorra.

Hie war vun 2006 bis 2009 Member vum Parti Socialiste (PS). Vum August 2014 bis August 2016 war e Wirtschafts- a Finanzminister an der 2. Regierung vum Manuel Valls, ënnert dem Staatspresident François Hollande (PS). Virdrun hat hien, nodeems en d'École nationale d'administration (ENA) gemaach hat, vun 2005 bis 2007 bei der Inspection générale des finances, an dono bei der Bank Rothschild & Cie. als Investmentbanker geschafft, wou en 2012 Partner gouf. Vun 2012 bis 2014 war hie Conseiller vum President Hollande a stellvertriedende Generalsekretär vun der Staatspresidence am Élysée.

2016 huet hien En Marche ! (EM, wéi seng Initialen) gegrënnt, eng Beweegung, déi hir Memberen tëschent de Sozialisten an den Neo-Gaullliste gesicht a fonnt huet, a mat där e mat sozialliberalen a wirtschaftsliberale Positioune fir d'Presidentschaftswalen 2017 kandidéiert huet. Dobäi krut en d'Ënnerstëtzung vu verschiddene Centristen, besonnesch vum François Bayrou sengem Mouvement démocrate (MoDem).

Am éischten Tour 2017 krut e mat 24,01 % déi meescht Stëmmen, an huet och den zweeten Tour géint d'Marine Le Pen, mat 66,1 % zu 33,9 % gewonnen. Hie gouf de 14. Mee 2017 den Nofollger vum François Hollande.

Den Emmanuel Macron ass zanter 2007 mat der 24 Joer méi aler Sproocheprofessesch Brigitte Trogneux bestuet. Hien hat si an engem Atelier vun der Theatergrupp vum Jesuittekolléisch La Providence zu Amiens, an deem hie bis 1994 Schüler war, kennegeléiert.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Révolution; Paräis (XO Éditions), 2016; 2017 als Täschebuch (256 S.) bei 'Pocket' nei opgeluecht -> ISBN 978-2-26628186-7

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Marc Endeweld, L'Ambigu Monsieur Macron; Paräis (Flammarion), 2015.
  • François-Xavier Bourmaud, Emmanuel Macron: le banquier qui voulait être roi; Paräis (L'Archipel), 2016.
  • Nicolas Prissette, Emmanuel Macron en marche vers l'Élysée; Paräis (Plon), 2016; 240 Säiten. ISBN 9782259251532.
  • Philippe Besson, Un personnage de roman; Paräis (Julliard), 2017.
  • Anne Fulda, Emmanuel Macron, un jeune homme si parfait; Paräis (Plon), 2017. ISBN 978-2259217057.
  • Maurice Szafran & Nicolas Domenach, Le tueur et le poète; Paräis (Albin Michel), 2018.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Emmanuel Macron – Biller, Videoen oder Audiodateien