Henri IV. vu Frankräich

Vu Wikipedia
Henri IV. vu Frankräich
Titelen
Kinnek vu Frankräich
Zäit 1589 bis 1610
Virgänger Henri III.
Nofollger Louis XIII.
Kinnek vun Navarra
Zäit 1572 bis 1610
Virgänger Jeanne III.
Nofollger Louis XIII.
Biographie
Gebuer 13. Dezember 1553 jul.
Schlass vu Pau
Gestuerwen 14. Mee 1610
Paräis
Bestuet mat Margréit vu Valois,
Maria vu Medici
Liewenspartner Gabrielle d'Estrées, Catherine Henriette de Balzac d'Entragues, Françoise de Montmorency-Fosseux, Charlotte des Essarts
Papp Antoine de Bourbon
Mamm Jeanne d'Albret
Kanner Louis XIII. vu Frankräich, Élisabeth vu Bourbon, Christine vu Frankräich, Gaston vun Orléans, Henriette Marie vu Frankräich, César vu Vendôme, Catherine vu Bourbon, Nicolas Henri, Alexander vu Vendôme, Henri vu Bourbon-Verneuil, Antoine vu Bourbon, Jeanne vu Bourbon, Gabriela vu Bourbon

Den Henri IV. vu Frankräich gebuer den 13. Dezember 1553 zu Pau, a gestuerwen de 14. Mee 1610 zu Paräis, war Kinnek vun Navarra vu 1572-1610 a Kinnek vu Frankräich vu 1589-1610.

Kandheet a Jugend[änneren | Quelltext änneren]

De spéideren Henri IV. kënnt an der Nuecht vum 12. op den 13. Dezember 1553 zu Pau op d'Welt. Hien ass de Jong vum Antoine de Bourbon, duc de Vendôme a vun der Jeanne d'Albret. E puer Méint no senger Gebuert gëtt de klengen Henri an enger grousser Feier gedeeft. Seng éischt Jore verbréngt hien am Schlass vu Coarraze, wou hien enk verbonne mat der Natur lieft. Am Februar 1557 gëtt hien dem franséischen Haff virgestallt; hien huet d'franséisch Sprooch verstanen ouni se ze schwätzen. Den Henri II. huet hie gefrot op hien eemol wéilt säi Schwoer sinn, eng Perspektiv, déi den Elteren natierlech gefall huet. An der Tëschenzäit mécht sech d'Reformatioun a Frankräich breet, a béid Elterendeeler wiesselen zum Protestantismus. 1561 kënnt säi Papp allerdéngs nees an de Schouss vun der Réimesch-Kathoulescher Kierch zeréck a rifft den Henri un den Haff vu Frankräich. Den Henri schwankt elo schonn tëscht den zwou Reliounen, als Erzéier huet hie Protestanten, mä hie geet gläichzäiteg an de streng kathoulesche Collège de Navarre, zu Paräis.

Nom Doud vu sengem Papp Enn 1562 war de klengen Henri quasi als Weesekand um franséischen Haff. D'Katharina vu Medici iwwerwaacht säi Behuelen an informéiert vun Zäit zu Zäit d'Kinnigin vun Navarra. De klengen Henri huet eng Roll an der Pastorale vum Ronsard déi Enn 1564 zu Fontainebleau opgefouert gëtt. Hie begleet och de Kinnek Charles IX. op sengem groussen Tour duerch Frankräich (1564-1566). 1567 kënnt den Henri nees zeréck bei seng Mamm, hien huet elo 13 Joer.

D'Blutthochzäit[änneren | Quelltext änneren]

Nom Fridde vu Saint-Germain (8. August 1570) gëtt op en Neits iwwer d'Bestietnes mat der Marguerite vu Valois nogeduecht. D'Jeanne vun Albert weist sech Ufanks zimmlech fuerdernd. Si ass averstanen iwwer dës Unioun zu Blois ze diskutéieren, a léisst hire Jong an der Guyenne. Schlussendlech ass d'Kinnigin vun Navarra mat enger kathoulescher Hochzäit averstanen, an alles gëtt virbereet. D'Jeanne vun Albert selwer stierft allerdéngs nach virdrun, am Juni 1572.

Enn Juli 1572 kënnt de jonke Prënz zu Paräis un a bestit d'Marguerite den 18. August.

D'Reliounskricher[änneren | Quelltext änneren]

Den 22. August kënnt et zu engem Attentat op de Coligny woubäi dësen awer nëmme blesséiert gëtt. D'Hugenotten deele sech elo a Moderater a Radikaler. Den Henri sicht de Charles IX. op, a verlaangt Gerechtegkeet. Mä dozou kënnt et net. Vum 23. op de 24. August ass zu Paräis de Baartelméis-Massaker, an den Henri steet ënner Surveillance am Louvre.

Den 22. September bekéiert den Henri sech zum Katholizismus. De spéideren Henri IV. fënnt sech mat der Gefaangenschaft of, op d'mannst an den Ae vum franséischen Haff. Hie begleet den Herzog vun Anjou op d'Belagerung vu La Rochelle (1573). Trotzdeem ass hie beim Komplott 1574 vum Herzog vun Alençon géint d'Kinnigin-Mamm mat vun der Partie.

Nom Doud vum Charles IX. schéngt hie sech zefridden dem neie Kinnek Henri III. ënnerzeuerdnen, mä sicht gläichzäiteg seng Onofhängegkeet. Seng Affär mat der Mme de Sauve, der Maîtresse vum Herzog vun Alençon, bréngt déi Frëndschaft abrupt op en Enn, an den d'Alençon flücht vum Haff. Ufanks Februar 1576 ergräift och den Henri d'Flucht a geet zeréck op seng Lännereien. Ausserdeem schléisst hie sech nees de Protestanten un.

Kinnek vu Frankräich[änneren | Quelltext änneren]

Statu vum Henri IV. um Pont Neuf zu Paräis

Den 1. August 1589, kuerz éier den Henri III. un de Blessen duerch de Fanatiker Jacques Clément gestuerwen ass, huet hien den Henri vun Navarra formell als Nofollger unerkannt.

Mä do hat hien d'Rechnung ouni d'Kathoulesch Liga gemaach, déi den Henri net akzeptéiert huet, an, ënnerstëtzt vu Spuenien nees de Krich ugefaangen huet. Sou huet sech den neie Kinnek als éischt missen op Dieppe zeréckzéien, wärend seng Truppen him Kuraasch gemaach hunn, d'Kinnekräich nees zeréck z'erueweren.

Den 21. September 1589 huet hien de Charles vu Loutrengen, Herzog vu Mayenne zu Arques geschloen, mä eng Néierlag viru Paräis erlidden. De 14. Mäerz 1590 huet hien d'Liga an d'Spuenier zu Ivry geklappt, mä Paräis ass weiderhin onereechbar bliwwen.

Op de Rot vun der Gabrielle d'Estrées a well hie gemierkt huet, datt seng Géigner ëmmer méi schwaach goufen, huet den Henri IV. sech entscheet, dem Protestantismus z'entsoen, an ass der kathoulescher Kierch bäigetrueden (25. Juli 1593). De 27. Februar 1594 gouf hien an der Kathedral vu Chartres gekréint an den 22. Mäerz vum selwechte Joer mécht hie seng triumphal Entrée zu Paräis. De 17. September 1595 krut hien d'Absolutioun vum Poopst Klemenz VIII. a konnt lues awer sécher den Adel an d'Vollek fir sech gewannen.

D'Arméie vun der Liga a vu Spuenie ware lues awer sécher och um Enn, an den 2. Mee 1598 gouf de Fridde vu Vervins ënnerschriwwen. Kuerz virdrun, den 13. Abrëll 1598, hat schonn den Edikt vun Nantes versicht, d'reliéis Spannungen ze reduzéieren.

Fir ze regéieren huet den Henri IV. op kompetent Ministere wéi de Sully an de Barthélemy vu Laffemas gebaut. Am Dezember 1599 gouf seng Hochzäit mat der Marguerite vu Valois annuléiert, an ee Joer drop, am Dezember 1600 huet hie sech zu Lyon mat der Maria vu Medici bestuet.

Bestietnesser[änneren | Quelltext änneren]

Kanner[änneren | Quelltext änneren]

Den Henri IV. hat ausserdeem 11 illegitim Kanner, dovun 3 mat der Gabrielle d'Estrées.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Henri IV. vu Frankräich – Biller, Videoen oder Audiodateien