Edikt vun Nantes

Vu Wikipedia
Edikt vun Nantes

Mam Edikt vun Nantes, deen den 30. Abrëll 1598 ënnerschriwwe gouf, garantéiert de franséische Kinnek Henri IV. de Protestanten d'Reliounsfräiheet.

Virgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Edikt vun Nantes ass d'Resultat vun enger laanger Aarbecht déi zwéin Deeg nom Doud vum Henri III. ufänkt, wou d'Deklaratioun vu Saint-Cloud vum 4. August 1589 de protestantesche Kult nëmmen an de Stied a Plazen erlaabt, wou e bis elo zelebréiert gouf. Den neie Kinnek Henri IV. engagéiert sech, keng Chargen u Protestanten an anere Stied a Plazen ze verdeelen ausser an deene vun dëser Lëscht.

Viru geet et eréischt am Juli 1591 mam Edikt vu Mantes wou den Henri IV. d'Klausele vum Pazifikatiounsedikt vu Poitiers (1577) oprecht erhält, a mat der Deklaratioun vu Saint-Germain (1593) wou hien de calvinistesche Kult an de Stied erlaabt, déi him bei senger Abjuratioun (25. Juli 1593) gefollegt hunn. Hien erlaabt den Hugenotten, wéi déi franséisch Protestanten traditionell genannt ginn, Collègen ze grënnen. Mä dëst geet de reforméierte Fransouse net duer. D'Verhandlunge ginn an de Jore 1595 a 1596 weider, zu Saumur respektiv zu Loudun. D'Protestante verlaangen d'total Reliounsfräiheet, mä dat ass dem Kinnek nach e Schrack ze wäit. Militäresch Cheffe wéi de Bouillon stelle sech géint de Kinnek. No enger hefteger calvinistescher Reaktioun gëtt Drock op den Haff ausgeübt an um Ufank vum Joer 1598 kënnt et zu neie Verhandlungen. D'Monarchie geet gestäerkt an des Verhandlungen: den 2. Mee gouf de Fridde vu Vervins mat Spuenien ënnerzeechent, an de leschte grousse Ligist den de Mercoeur huet sech erginn, wat de Wee op Nantes fräimécht, wou et dann och zu den ultimative Verhandlunge kënnt.

Den Edikt vun Nantes[änneren | Quelltext änneren]

Den Edikt selwer, "solennel et public", huet eng laang Preambel déi seet datt dëst en "acte perpétuel et irrévocable" ass, an datt et dem Staat nëmme gutt geet, wann d'reliéis Differenze gekläert sinn. D'Protestante kréien d'Geeschtesfräiheet a si kënnen all Funktiounen a Beruffer ausüben, déi si wëllen. Ausserdeem kréien d'franséisch Hugenotten eng, wann och limitéiert, Reliounsfräiheet. D'Priedegt an d'Sakramenter kënnen an de Kierche vun engem "fief" zelebréiert ginn, fir déi aner bleift et beim private Kult tëscht den eegene véier Maueren. Bei verschiddene Stied däerf de Kult och an deene Gebaier praktizéiert ginn, wou dat vu 1596 - August 1597 schonn de Fall war (cultes de possession), oder awer d'Protestante musse sech an d'Faubourgen zeréckzéien (cultes de concession).

Ausserdeem akkordéiert den Edikt vun Nantes de Protestanten eng ronn 150 sougenannte "places de refuge". 70 dovu gi sougenannte "places de sûreté" wou de Gouverneur Protestant ass, an de Kinnek d'Garnisoun op dëse Plaze bezillt. All dës Plaze gehéieren de Protestante fir aacht Joer.

Wat d'Justiz ubelaangt, gëtt de Protestanten de Prozess virun enger duebeler Chamber gemaach, déi zur Hallschent aus Katholicken an zur Hallschent aus Protestante besteet. Dës Chambere fanne sech zu Grenoble, Castres, Toulouse a Paräis, allerdéngs gëtt d'Opdeelung tëscht Katholicken a Protestanten zu Paräis ni respektéiert.

Schlussendlech ginn d'Protestantesch Collègen an Akademië finanziell vum Staat ënnerstëtzt.

Nospill[änneren | Quelltext änneren]

Och wann den Edikt vun Nantes pro-protestantesch erschéngt, sou ass en dach eng Victoire fir d'Katholicken, wat am Artikel 3 däitlech gëtt: "Ordonnons que la Religion catholique, apostolique et romaine sera remise et rétablie en tous lieux et endroits de notre royaume et pays de notre obéissance, où l'exercice d'icelle a été intermis, pour y être paisiblement et librement exercée, sans aucun trouble et empêchement." Och wann d'Protestanten eng Rei Privileegien zougesot kruten, sou hu se missen d'Primautéit vun der kathoulescher Relioun unerkennen.

No der Publikatioun vum Edikt koum et zu heftege Resistenzen, souwuel op kathoulescher wéi och op protestantescher Säit. Den 2. Januar 1599 refuséiert d'Parlament vu Paräis den Edikt z'enregistréieren. No laangwieregen Diskussiounen am Louvre léisst d'Parlament sech schlussendlech iwwerzeegen an enregistréiert de 25. Februar 1599 eng iwwerschafft Versioun vum Edikt. Doropshin zéien déi aner Parlamenter no, nëmme Rouen stäipt sech nach bis 1609 dogéint.

Mä net nëmmen intern kënnt et zu Konflikter. De Poopst Klemens VIII. ass och wéineg begeeschtert vum Edikt vun Nantes.

Dofir setzt den Henri IV. Kommissären an, déi an de verschiddene Bailliage kontrolléiere sollen, datt och alles sou ëmgesat gëtt, wéi den Edikt vun Nantes et virschreift a lues awer sécher berouegt sech d'Situatioun.

Et sief nach um Schluss bemierkt, datt den Edikt vun Nantes leider net "perpétuel et irrévocable" war, wat de Louis XIV. mam Edikt vu Fontainebleau am Joer 1685 ënner Beweis stellt.

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • J.-P. BABELON, Henri IV, Paräis, 1982.
  • F. GARRISSON, Essai sur les commissions d'applications de l'Edit de Nantes. Règne de Henri IV, Montpellier, 1964.
  • J. GARRISSON, L'Edit de Nantes et sa révocation, Paräis, 1985.
  • S. MOURS, Le protestantisme en France au XVIIe siècle, Paräis, 1967.
  • E. RABUT, Le roi, l'Eglise et le Temple. L'exécution de l'Edit de Nantes en Dauphiné, Aubenas, 1987.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]