Edikt

Vu Wikipedia

En Edikt (vum laténgeschen edicere - verkënnegen) ass am réimeschen Droit eng ëffentlech Erklärung vun engem Magistrat iwwer d'Uwendung vum Droit zu senger Amtsperiod. Spéiderhi goufen domat och d'Gesetzer vun de Keesere bezeechent.

A Frankräich war en Edikt e Gesetz vum Kinnek zu engem spezifeschen Theema, am Géigesaz zu enger Ordonnance déi méi Theeme behandelt huet.

Hautdesdaags gi gréisstendeels nëmmen nach de Poopst a verschidde Regente vu klenge Staaten Edikter eraus.

Berüümt Edikter[änneren | Quelltext änneren]