Op den Inhalt sprangen

Musée du Louvre

Vu Wikipedia
Musée du Louvre
Land Frankräich
Gemeng Saint-Germain-l'Auxerrois,
1. Arrondissement vu Paräis
Strooss Rue de Rivoli
Koordinaten 48°51'40"N, 2°20'9"O
Architekt(en) Ieoh Ming Pei
Datum vum Bau 10. August 1793
Opgaangen 10. August 1793
De Pavillon de Flore vun den tuilerien aus gesinn
D'Cour Marly
D'Cour carrée

De Musée du Louvre, am Palais vum Louvre ass 1793 als Musée Central des Arts opgaangen. De Musée huet eng Sammlung vun iwwer 36.000 ausgestallten Exponate vun der Antiquitéit bis zum Enn vum 19. Joerhonnert. Donieft lageren weider 500.000 Wierker an Archiven vum Musée.

Déi fréier franséisch Kinneksresidenz Louvre ass haut de weltwäit gréisste Musée, deem seng Sammlungen nieft dem British Museum zu London an dem Muséesensembel op der Museumsinsel zu Berlin zu de weltwäit bedeitendste gehéieren.

D'Gebai steet am Zentrum vu Paräis tëscht dem rietse Seineufer an der rue de Rivoli. De Bannenhaff läit op enger Linn mat der Avenue des Champs-Élysées a bilt domat den Urspronk vum sougenannten Axe historique, der historescher Achs.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Dat éischt Gebai op der Plaz war eng Festung vun 1204, déi gebaut gouf fir den Zentrum vu Paräis ze protégéieren. Am Laf vun de Joerhonnerte gouf se en ettlechmol vegréissert, soudatt et no an no e riseg grousse Palais gouf. Am Mëttelalter stounge ronderëm Festungstierm fir kënnen eventuell Attacken, déi vun der Seine aus kéimen, ofzewieren. All d'franséisch Kinneken hunn dru bauen a vergréissere gelooss, woubäi déi decisiv Ëmännerungen am 16. Joerhonnert ausgefouert goufen.

Den 2. August 1546 huet de François I. dem Pierre Lescot, Architekt a Superintendant vun de Gebaier vum Louvre, den Optrag ginn, d'Festung ewechzerappen an en neit Gebai opzeriichten. Zu där Zäit hunn d'Fransouse gär d'italieenesch Architektur als Virbild geholl. Obschonn de Lescot a seng Nofollger vill franséisch Elementer mat afléiesse gelooss hunn, kann de Louvre als dat éischt Gebai a Frankräich ugesi ginn, dat am italieenesche klassesche Stil gebaut gouf. De François I. ass schonn 1547 gestuerwen a säin Nofollger den Henri II. ass mat de Pläng vu sengem Papp weidergefuer, soudatt d'Westfassad 1548 sou gutt wéi fäerdeg war. Nom Henri II. sengem Doud, ass seng Wittfra d'Catherine vu Medici mam Ausbau weidergefuer. Si huet 1564 de Palais des Tuileries baue gelooss, deen 1871 a Brand gestach gouf.

Sphinx

Obschonn de Louvre stänneg vergréissert gouf a vill Skulpturen a Biller do ausgestallt waren, hat en nach net de Charakter vun engem Musée am richtege Sënn vum Wuert, well déi meescht Tableauen an anere Schlässer vun de franséische Kinneken houngen, besonnesch zu Fontainebleau. E konnt éischter als representativ Wunneng betruecht ginn. An de Joerzéngten duerno goufen allerdéngs vill Tableaue vum fiichte Fontainebleau an de méi dréchene Louvre bruecht an et gouf eng Plaz fir e Conservateur geschaf. E war awer net fir jiddfereen op an nëmmen de Kinnek an d'Haffleit haten Zougang zu de Säll mat de schéine Collectiounen. Eng ganz Partie Meeschterwierker, déi haut de Stolz vum Louvre sinn, waren an den anere Schlässer, mat virop zu Versailles. De Kinnek huet och dacks senge Fiffien Tableaue geléint, wougéint d'Ëffentlechkeet, vun där net vill Leit wierklech un der Konscht intresséiert waren, déi Konschtwierker ni ze gesi krut.

Op Drock vu Enzyklopedisten a Konschtintresséierten, déi sech derfir agesat hunn datt de Public déi Meeschterwierker och sollt kënne gesinn, gouf 1750 eng Ausstellung am Palais du Luxembourg organiséiert, well den Zoustand vum Louvre déi Zäit vill ze wënschen iwwreg gelooss huet. Eréischt mat der Franséischer Revolutioun an der Herrschaft vum Napoleon huet sech alles séier geännert. D'Konschtwierker déi der Kroun an dem Adel gehéiert hunn, goufe beschlagnaamt fir se kënnen dem Vollek ze weisen. Mat engem Dekreet vum 27. Juli 1793 gouf de Musée Central des Arts gegrënnt, mä d'Konschtwierker waren nach op e puer Gebaier verdeelt, well d'Säll vum Louvre an engem ganz schappegen Zoustand waren.

Wéi de Musée 1793 opgoung war just eng Grande Galerie laanscht d'Seine fir de Public op. Wéi den Napoleon bis um Rudder war gouf déi representativ Cour Carrée déi op den éischte Pläng virgesi war, fäerdeg ausgebaut. Vun de Konschtwierker déi ee grousse Wäert duergetallt hunn, gouf e geeneën Inventaire opgestallt, wat indirekt d'Konschtgeschicht an d'wëssenschaftlech Fuerschung beaflosst huet.

Den 28. November 1802 gouf de Barong Dominique-Vivant Denon, deen den Napoleon op senger Campagne an Egypte begleet hat, Generaldirekter vum Musée. Dem Dominique Vivant Denon[1] säin Zil war et, de Musée zum 'schéinste Musée am Universum' ze verwandelen. Hien hut den Napoleon op senge Feldzich begleet a bei de Konschtwierker beroden, déi als Tropheeë sollte mat op Paräis geholl ginn an dem Vollek an Austellungen am Musée Napoleon gewise ginn. Am Numm vum Keeser huet hien och Konschtwierker bei Kënschtler bestallt, déi dann all zwee Joer op engem Salon ausgestallt goufen. Hie behoul déi Plaz och nodeems den Napoleon ofgedankt hat an de Musée nees Louvre housch. No den Honnert Deeg hat hien déi traureg Missioun fir mat den Alliéierte vun der siwenter Koalitioun iwwer d'Restitutioun vun de Konschwierker ze verhandelen[2]. Wéi dat bis ofgeschloss war huet hien dem Louis XVIII. seng Demissioun agereecht.

Well dem François I. seng Kollektiounen, déi vu sengen Nofollger och nach gutt komplettéiert gi waren, grouss genuch waren, konnten d'Säll vum Louvre awer opgefëllt ginn. D'Regierungen am 19. Joerhonnert hunn et als eng Flicht gesinn dat ugefaangent Wierk weiderzeféieren, an och datt een et net dem Zoufall sollt iwwerloossen fir d'Kollektiounen ze vergréisseren, an dat an där Mooss datt souguer den Impressionnisten, déi am Ufank déck bekämpft a lächerlech gemaach goufen, d'Diere vum Muséée opgemaach goufen. Well et u Plaz feelt gi vill rezent Ukeef a Gebaier baussent dem Louvre ënnerbruecht. De Louvre bitt sou eng allgemeng Vue iwwer d'Konscht, vu senger Creatioun 1793 un, bis 1870. Et sinn awer net nëmme Wierker vu grousse Moler do ausgestallt, mä och Skulpturen a Statuen, ënner anerem aus Egypten an aus der griichescher Antikitéit.

De Grand Louvre[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

De Musée du Louvre haut[änneren | Quelltext änneren]

Apollo Gallery am Louvre

Austellungen am Louvre[änneren | Quelltext änneren]

De Musée du Louvre ass an 8 Ausstellungsberäicher agedeelt:

  • Orientalesch Sammlungen
  • Egyptesch Sammlungen
  • Skulpturen
  • Tableauen
  • Griichesch, etruskesch a réimesch Sammlungen
  • Islamesch Konscht
  • Graphik[3]
Venus vu Milo

Bekannt Wierker am Musée du Louvre (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Antikitéit[änneren | Quelltext änneren]

Mëttelalter[änneren | Quelltext änneren]

Renaissance[änneren | Quelltext änneren]

Kräizegung gemoolt vum Andrea Mantegna

D'Architektur vum Musée du Louvre[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1983 krut de chineesesch-amerikaneschen Architekt Ieoh Ming Pei vum franséische President François Mitterand den Optrag fir de Musée nei z'organiséieren an en neien, zentralen Agank ze schafen. Hien huet duerfir déi bekannt Glaspyramid entworf, déi 1989 ageweit gouf. Déi Glaspyramid war ëmstridden a gouf vill kritiséiert. Haut ass s'e Symbol vum Musée du Louvre an eng beléift Touristenattraktioun.[4]

Konscht aus der Kolonialzäit[änneren | Quelltext änneren]

Am Mäerz 2018 huet de franséische President Emmanuel Macron e Rapport iwwer d'Konschtwierker aus der Kolonialzäit an Optrag ginn. Hie wollt wëssen, wat Frankräich soll mat deene Konschtwierker maachen.

Etruskesch Kappkanthar

D'Auteure Bénédicte Savoy a Felwine Sarralle empfeelen an deem Rapport, zéngdausende Wierker an hir Urprongslänner zeréckzeginn. Déi Wierker waren tëschent 1885 an 1960 erbäit ginn. Fir d'éischt soll en Inventaire gemaach ginn, duerno en Dialog tëscht Frankräich an dem jeeweils concernéierte Land. An enger drëtter Phas sollen d'Wierker zréckgoen.[5]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Palais a Musée vum Louvre – Biller, Videoen oder Audiodateien
Portal vu Paräis – All d'Artikelen op dëser Wikipedia iwwer Paräis.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. https://www.napoleon-empire.net/personnages/denon.php#:~:text=Le%2019%20novembre%201802%2C%20le,des%20monnaies%20et%20des%20m%C3%A9dailles.
  2. https://www.barnebys.de/blog/eine-kurze-geschichte-des-louvre
  3. https://www.france.fr/de/paris/artikel/musee-louvre
  4. Archive copy Archivéiert de(n) 2023-06-01. Gekuckt de(n) 2023-06-14.
  5. https://www.zeit.de/kultur/kunst/2018-11/raubkunst-frankreich-benin-rueckgabe-afrika-kolonisierung-museen?utm_referrer=https%3A%2F%2Fwww.zeit.de%2F