Hugenotten

Vu Wikipedia

Hugenotte goufen déi franséisch Protestanten tëscht 1559 an der Franséischer Revolutioun genannt.

A Frankräich ass an der éischter Hallschent vum 16. Joerhonnert eng Reformbeweegung entstanen, déi duerch den Humanismus an duerch dem Martin Luther seng fréi Schrëfte beaflosst gouf. D'Unhänger vun dëse protestantesche Gruppe goufe "Luthériens" genannt. Mä duerch dat perséinlecht Beméie vum Genfer Reformator Jean Calvin, dee Fransous war a seng Léier op Franséisch verbreet huet, hu se sech am Laf vun der Zäit der Schwäizer Reformatioun ugeschloss. Nom Virbild vun der Schwäizer Reformatioun hu sech déi franséisch Protestanten an autonome Gemengen organiséiert, déi sech 1559 zu Paräis, an der éischter Nationalsynod, zur franséischer reforméierter Kierch, mat enger allgemenger Kierchenuerdnung a mat engem gemeinsame Glawensbekenntnes, vereenegt hunn. Vun deem Moment un, si si als Hugenotte bezeechent ginn, warscheinlech nom Begrëff "Eidgenossen", dee quasi ee Synonym fir "Schwäizer" gi war: "Eidgenossen" > "iguenots" > "huguenots".

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Francis Higman, La diffusion de la Réforme en France (1520-1562) ; Genf (Cerf; Coll. Faculté de Théologie, Nr. 17), 1992; 288 Säiten. ISBN 2-8309-0697-7
  • Albert Autin, L'échec de la Réforme en France au XVIe siècle - Contribution à l'histoire du sentiment religieux ; Paräis (Armand Colin), 1918; 286 Säiten.
  • François Bayrou, Ils portaient l'écharpe blanche - L'aventure des premiers réformés, des guerres de religion à l'Édit de Nantes, de la Révocation à la Révolution ; Paräis (Grasset), 1998; 360 Säiten. ISBN 2-246-55981-2
  • Georges Casalis, Protestantisme ; Paräis (Larousse, Encyclopoche Larousse), 1976. ISBN 2-03-001006-5
  • Dietmar Persch, etc., Kleines Lexikon der Reformation - Themen, Personen, Begriffe ; München (DTV), 1983. ISBN 3-423-03260-X

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Huguenots – Biller, Videoen oder Audiodateien