Op den Inhalt sprangen

Pau

Vu Wikipedia
Pau
{{{Bildtext}}}

{{{Bildtext}}}
Land Frankräich
Regioun Nei-Aquitaine
Departement Wope vum Departement Pyrénées-Atlantiques Pyrénées Atlantiques
Arrondissement Pau
Kanton Centre / Est / Nord
Ouest / Sud / Jurançon
Postcode 64000
Gemengecode 64445
Koordinaten 43° 18’ 06’’ N
      00° 22’ 07’’ W
Fläch  3.151 ha
Bevëlkerung  75.665 (2020)
Lag vu Pau

Lag vu Pau
Lag vu Pau

Pau ass eng franséisch Stad an d'Prefecture vum Departement Pyrénées-Atlantiques, an der Regioun Nei-Aquitaine. Et ass och den Haaptuert vu sechs Kantonen.

Seng Awunner heesche Palois.

2017 hat d'Gemeng Pau ronn 75.000 Awunner an eng Bevëlkerungsdicht vun 2.401 Awunner op de Quadratmeter.[1] An der Agglomeratioun wunnen iwwer 200.000 Awunner.

Pau läit am Südweste vu Frankräich, am Häerz vum fréiere souveräne Fürstentum Béarn, vun deem et zanter 1464 d'Haaptstad war. Se läit am Dall Gave de Pau, wou dat flaacht Land op d'Bierger vun de Pyrenäen stéisst. Bayonne an den Atlantik leie ronn 110 Kilometer westlech an 216 Kilometer nërdlech läit Bordeaux, Toulouse ass 196 Kilometer am Nordoste vu Pau. Tarbes an de Pilgeruert Lourdes leien 40 Kilometer ëstlech, respektiv 46 Kilometer nordëstlech.

Déi eelst Spuere vun der Stad Pau sinn aus dem 12. Joerhonnert. Dunn hunn d'Häre vum Béarn do eng Buerg baue gelooss fir vun engem strategesch wichtege Punkt aus kënnen de Floss ze iwwerwaachen. Déi éischt Awunner vun der Stad koumen haaptsächlech aus dem [Ossaudall]].

D'Stad a seng Buerg gewannen als Sëtz vun den Herrscher vun Navarra am 16. Joerhonnert eng nei Dimensioun a ginn zu engem wichtege politeschen an intellektuellen Zentrum. D'Geschicht vu Pau gëtt nohalteg vun der Gebuert (1553) vum spéideren Kinnek Henri IV. vu Frankräich am kinnekleche Schlass markéiert. Mat dem Enn vun der Onofhängegkeet vum Béarn am Joer 1620 huet Pau un Afloss verluer, ass awer bis zu Revolutioun un der Spëtzt vun enger gréisstendeels autonomer Provënz bliwwen. Am 18. Joerhonnert gouf de Palois Jean-Baptiste Bernadotte gebuer, dee vun 1818 bis 1844 Kinnek vu Schweden an Norwegen war. D'Belle Époque markéiert en neien Opschwong fir Pau, mat der Arrivé vu villen auslänneschen, ënner anerem britteschen, Touristen, déi de Wanter do verbréngen, besonnesch wéinst der vum schotteschen Dokter Alexander Taylor beschriwwener Wierkung vum lokale Klima, dat gutt doe soll. Pau huet sech duerch de Bau vu Villaen, Palaisen an ëffentleche Gebaier wéi Bieder, dem Kasino an dem Funiculaire. An där Zäit gëtt Pau ënnert dem Afloss vun de Bridder Wright och zu engem vun den Zentre vun der opkommender Aviatioun, déi do déi weltwäit éischt Fluchschoul grënnen.

Mam Enn vum Tourismus vun der "Villégiature" am 20. Joerhonnert changéiert och d'Wirtschaft vu Pau a sengem Ballungsraum. D'Loftfaartindustrie an d'petrochemesch Industrie entwéckelt sech, an 1951 gëtt e Gasfeld an der Gemeng Lacq entdeckt. Et ass bis haut dat gréisst Gasfeld a Frankräich.

Commons: Pau – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Statistesch Donnéeën iwwer Pau op insee.fr