Edmond Goergen
Edmond Goergen | |
---|---|
Gebuer |
12. Dezember 1914 Mëlleref |
Gestuerwen |
28. Abrëll 2000 Eech |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | visuelle Kënschtler, Zeechner |
Den Edmond Goergen, gebuer den 12. Dezember 1914 zu Mëlleref, a gestuerwen den 28. Abrëll 2000 an der Stad Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergesche Moler, Zeechner, Restaurateur a Resistenzler.
Studium
[änneren | Quelltext änneren]Den Edmond Goergen hat eng duebel Ausbildung. No der Primärschoul goung hien zu Lëtzebuerg an den Institut Emile Metz an an d'Handwierkerschoul. Nom Krich goung hien op Paräis an d'École universelle an duerno op d'École nationale supérieure des beaux-arts de Paris.
Krichszäit
[änneren | Quelltext änneren]No senge Lëtzebuerger Studien huet hie vun 1934 bis 1943 als Héichfrequenztechniker geschafft. Hie war an der L.V.L. an hien huet säi Beruff ausgenotzt fir wärend dem Zweete Weltkrich reegelméisseg Funkverbindungen tëscht Lëtzebuerg an den Alliéierten anzeriichten. Ënner anerem huet hien éischt Noriichten iwwer d'Preparatioune vun den Däitschen A4 Rakéiten zu Peenemünde weiderginn.
De 14. Dezember 1943 gouf hie vun den Däitsche verhaft, a koum fir eng kuerz Zäit op Hinzert an da bis 1944 an d'Kazett vu Sachsenhausen an duerno bis zur Befreiung an d'Kazett vu Mauthausen. Hei huet hien Zeechnungen iwwer d'Liewen am Kazett gemaach, déi nom Krich ënner dem Titel Geôles sanglantes erauskoumen.
De Kënschtler
[änneren | Quelltext änneren]Déi grujeleg Zäit am KZ huet säi ganz Liewe geännert. Hie war als jonke Kärel een exzellente Sportler an der Spora - hien hat de Lëtzebuerger Rekord bei de Junioren am Speerwerfen - awer nom Krich war seng Gesondheet staark ugegraff. Hie krut Goût un der Molerei an as op Paräis Konscht léiere gaangen. Seng nei Passioun huet him erlaabt sech vu sengen Häerzproblemer z'erhuelen. An der École nationale supérieure des beaux-arts war hien an der selwechter Klass wéi de franséische Moler Bernard Buffet. Hien huet sech haaptsächlech am Gebitt vun der Restauratioun vu Konschtwierker perfektionéiert. Als Assistent am Restauratiounsatelier vum Louvre, war hie bedeelegt un der Restauration vum Paul Véronèse sengem Tableau Les Noces de Cana.
1948 koum den Edmond Goergen zeréck op Lëtzebuerg wou hien eng ganz Rei vu Restauratiounsaarbechten ze maache krut, ënner anerem an der Munnerëffer Kierch, d'Freskemolerei vum Jean-Georges Weiser, d'Fresken an de Kierche vu Randschelt a Jonglënster an anere Kierchen am Éislek.
Hie gouf soéider Chef vum staatleche Restaurationsdéngscht a Conservateur vum Service des sites et monuments nationaux.
Als Moler war hie manner aktiv, dofir gëtt et net sou vill Biller vun him. Et sinn dat haaptsächlech Uelegbiller vun Duerf-an Naturlandschaften a Bläisteftzeechnungen. Hien huet op diverse Salonen am Ausland ausgestallt a krut verschidde Präisser:
- Médaille de la Société des Artistes Français
- Prix Grand-Duc Adolphe (1951)
- Kaiser-Lothar-Preis (1978)
Hie war de Papp vun der Blanche Weicherding-Goergen.[2]
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
Plage vu Saint-Malo
-
seng Duechter Viviane um Piano
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Edmond Goergen (Zeechnungen), Christian Calmes (Commentairen): Geôles sanglantes Ed. Lëtzebuerger Bicherfrenn, 1948, 61 S.
- Edmond Goergen (Zeechnungen), Christian Calmes (Commentairen): Dessins de Mauthausen, Cercle d'Art, Paräis, 1975
- Pierre Grégoire, 1985. Der luxemburgische Maler Edmond Goergen: Landschaftler, Porträtist und Restaurator. Dréckerei Saint-Paul, Lëtzebuerg, 154 S. Cote BNL LB 447.
- Kayser, Lucien, 2009. face à face: la fonction publique et l'art luxembourgeois. Confédération générale de la fonction publique. Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87954-212-6. (Ss. 22-23)
- Linda Eischen, 2009. Edmond Goergen. In: La collection luxembourgeoise du Musée national d'histoire et d'art, ons stad Nr 91: 76-79.
- Zenthöfer, J., 2018. Eine Ausstellung in Bitburg erinnert an den Luxemburger Künstler Edmond Goergen. Vom Schrecken ins Licht. Die Warte 17|2581 vum 31. Mee 2018, S. 6-7.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Luxemburger Lexikon, 1. Oplo, 2006, S. 147
- ↑ Luxemburger Lexikon, 1. Oplo, 2006, S. 455