Méchelskierch zu Munneref

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Kierch Munneref)
Kierch vu Munneref
Parkierch vu Munneref (2005)

Parkierch vu Munneref (2005)
Parkierch vu Munneref (2005)
Uertschaft / Plaz Munneref
Par Dräilännereck Musel a Ganer
Saint-Nicolas
Dekanat Osten
Numm / Patréiner Hl. Méchel
Konsekratioun 1766
Architekt(en) P. Mungenast
Baujoer 1766
Koordinaten 49° 30’ 21.3’’ N
      06° 16’ 14.0’’ O
D'Kierch vun der Nordwestsäit gesinn (2013)

D'Kierch vun der Nordwestsäit gesinn (2013)
D'Kierch vun der Nordwestsäit gesinn (2013)
Kierchen - Kapellen
De Chouer
Den Agank vun der Kierch

D'Méchelskierch zu Munneref ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Dräilännereck Musel a Ganer Saint-Nicolas, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Munneref gehéiert.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Méchel, deem säi Fest den 29. September gefeiert gëtt.

Se steet an der Allée Jean Linster. Nieft der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Par[änneren | Quelltext änneren]

D'Grenzuertschaft Mondorff a Frankräich gëtt zanter dem 19. Joerhonnert vu Munneref aus mat verwalt, an d'Kanner vu Mondorff ginn och zu Munneref gefiermt. Allerdéngs gehéiert dat franséischt Mondorff weiderhin zu der Diözees Metz, an domat net zum Parverband Munneref.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De 5. Juni 1764 gouf den Nicolas Ungeschick (* 1728 † 1800) Paschtouer vun der Par Munneref. Hie koum aus enger finanziell ganz gutt situéierter Famill. Seng Eltere waren de Jean-Guillaume Ungeschick, Nottär zu Gréiwemaacher, an d'Marguerite Horman. Déi barock Kierch vu Munneref gouf ënner him no de Pläng vum Iechternacher Abtei-Baumeeschter Paul Mungenast (1735-1797) gebaut. 1764 gouf mam Bau ugefaangen. Fir d'Konstruktioun vum Schëff gouf sech un der St. Paulin Kierch zu Tréier orientéiert. D'Hasteng fir de Bau koumen aus dem Steebroch vun Duelem am Kanton Réimech. 1766 goufen d'Bauaarbechten ofgeschloss an d'Kierch gouf ageweit.

Paschtéier vun der Par Mondorf[änneren | Quelltext änneren]

  • 1530 - 1560: Jean Schhaack
  • 1621 - 1622: Nicolas Masius
  • 1622 - 1633: Augustin Streng
  • 1694 - 1697: Guillaume Masius
  • 1748 - 1748: Nicolas Simminger
  • 1748 - 1764: Théodore-Adolphe Masius
  • 1764 - 1???: Nicolas Ungeschick
  • 1801 - 1803: Ignace Hemmer
  • 1803 - 1806: François Krieps
  • 1806 - 1822: François Goeury
  • 1822 - 1827: Pierre-Nicolas Eyschen
  • 1827 - 1834: Etienne Mersch
  • 1834 - 1854: Jean-Marc Steichen

Kierch vu bannen[änneren | Quelltext änneren]

D'Freskemolereien aus dem Chouer weisen de Kampf tëscht dem Äerzengel Michel an dem Dämon an d'Opnam vu Maria am Himmel, se si vum Jean-Georges Weiser († 1767). De Mobilier ass aus dem Atelier Greeff vun Altwis a vum Jean-Pierre Decker vu Munneref. D'Méchelskierch vun Munneref huet 4 Klacken am Tuerm an goufen 1894 vun der Firma Bour & Guenser zu Metz gegoss. Déi éischt Klack huet d'Nout Mib, ass dem hellege Jousef geweit a weit 1100 Kg. Déi zweet Klack huet d'Nout Fa, ass dem hellege Méchel geweit a weit 750 Kg. Déi drëtt Klack huet d'Nout Sol, ass dem hellegen Donatus geweit a weit 620 Kg. Déi véiert Klack huet d'Nout Sol#, ass der helleger Anna geweit a weit 420 Kg.

Uergel[änneren | Quelltext änneren]

Uergel an der Kierch Munneref

Fënsteren[änneren | Quelltext änneren]

D'Fënstere goufen 1896 vun der Firma Linster a Schmit vu Munneref gemaach.

Kierchefënster
Kierchefënster

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Michel Schmitt, 1995: Wegführer zu luxemburgischen Kirchen und Kapellen, Office national du tourisme, Luxemburg.
  • Didderich, Arthur, 1946. Autour de la Paroisse de Mondorf. Les cahiers luxembourgeois 5/6: 384-390.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Méchelskierch zu Munneref – Biller, Videoen oder Audiodateien