Eligiuskapell Diddeleng
| ||||
|---|---|---|---|---|
| Uertschaft / Plaz | Diddeleng | |||
| Par | Diddeleng Saint-Martin | |||
| Dekanat | Süden-Ost | |||
| Numm / Patréiner | Hl. Eligius | |||
| Konsekratioun | 1964 (27. Sept.) | |||
| Architekt(en) | Norbert Mangen | |||
| Koordinaten | 49° 28’ 16.1’’ N 06° 05’ 01.7’’ O | |||
| Kierchen - Kapellen | ||||

D'Eligiuskapell vun Diddeleng ass eng kathoulesch Kapell, déi zur Par Diddeleng Saint-Martin an zu der Gemeng Diddeleng gehéiert.
De Patréiner ass, wéi den Numm et scho seet, den hellegen Eligius, Schutzhellegen ënner anerem vun de Schmatten an deemno och vun de Stolaarbechter.
D'Kapell steet am Quartier op der Schmelz an der rue de la Libération, dem CR184.
De Grondstee vun der Kapell gouf de 6. September 1963 geluecht. D'Kapell gouf no de Pläng vum Architekt Norbert Mangen am kubistesche Stil gebaut. Si gouf de 27. September 1964 vum deemolege Generalvikar Jean Hengen geweit.
Besonnesch bemierkenswäert ass de 24 Meter héije roude Klackentuerm deen aus 3 Greyträger zesummegesat ass. En ass engersäits e Symbol fir d'Dräifaltegkeet an anerersäits weist en eng gewëss Verbonnenheet mat der Eisenindustrie aus där Géigend an dem Quartier. D'Kierchefënstere si vum lokale Kënschtler Frantz Kinnen.
2004 gouf d'Kapell op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Nationalmonument klasséiert.[1]
Den 19. Mee 2013 ass d'Kapell als "Simultankierch" ageweit ginn, dat heescht, se ka souwuel als kathoulesch wéi och als protestantesch Kierch benotzt ginn. Ausserdeem ginn an der Kapell speziell Gottesdéngschter fir Leit ouni Gehéier ofgehalen; eng Plack op der Fassad weist dorop hin. D'Eligiuskapell gëtt awer zanter enger Zäit(Stand: 2014) net méi benotzt[2].
Enn 2024 huet de Kierchefong der Diddelenger Gemeng ugebueden, d'Kapell fir de symboleschen Euro ze kafen. Am November huet de Gemengerot dës Offer ofgeleent, well d'Gebai fir Millioune misst sanéiert ginn. 2001 war d'Gemeng drun interesséiert, 2024 awer net méi.[3] Den 20. Mäerz 2024 gouf se mam äerzbëscheeflechen Dekreet entweit. Well se zur nationaler Architekturierfschaft gehéiert, ass et ewell um Staat, via den INPA, sech ëm d'Kapell ze këmmeren, d. h. d'Sanéierungskäschten z'iwwerhuelen. Déi goufen am Dezember 2025 op 5 Milliounen Euro geschat; d'Aarbechte sollen an de Méint dono ufänken. Nieft enger Stabiliséierung mussen Elementer, déi méi spéit bäikoumen, zeréckgebaut ginn, Asbest aus liichtduerchléissege Réier erausgeholl, an de Kierchtuerm a seng ursprénglech gro Faarf zeréckversat ginn. Iwwer de spéideren Zweck vum Gebai, wann et bis renovéiert ass, huet sech de Kulturministère (Stand Dez. 2025) nach net festgeluecht.[4]
Klacken
[änneren | Quelltext änneren]D'Klackespill ass net vun Ufank un do gewiescht. Et gouf 1980,am Kader vu Renovéierungsaarbechten, agesat. Finanzéiert gouf et duerch den Interesseveräin vun de Stolaarbechter, wat deemools zu enger Polemik am Veräin gefouert huet.[4]
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Langevin, S. & S. Laruade, 2015. Investigation n°2: La chapelle Saint-Éloi. d'Lëtzebuerger Land Nr. 26 vum 26. Juni 2015, S. 16.
- 2013. Eligiuskapelle in Düdelingen als "Simultankirche" eingeweiht. Luxemburger Wort vum 24. Mee 2013, S. 27
- Albert Weber, 1984. 20 Jahre St.-Eligius-Kapelle in Düdelingen, Luxemburger Wort vum 26. Sept. 1984, S. 9
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Eligiuskapell Diddeleng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vum Parverband Diddeleng
- D'Fënstere vun der Eligiuskapell op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 24. Abrëll 2026).
- ↑ (de) Daniel Conrad, Verwahrlost nationales Kulturerbe?. Luxemburger Wort (27.12.2014). Gekuckt den 20.11.2024.
- ↑ Luc Ewen, Chapelle St-Éloi, Dan Biancalanas Ärger über eine „rotzfaule“ Kapelle und über den Kierchefong. wort.lu [€] (20.11.2024); Luxemburger Wort, 21.11.2024, S. 10-11. Gekuckt den 21.11.2024.
- 1 2 Luc Ewen: Was mit der 'rotzfaulen', aber geschützten Eligiuskapelle passieren soll." wort.lu [w+], 25.12.2025.
