Par Diddeleng Saint-Martin

Vu Wikipedia

D'Par Diddeleng Saint-Martin ass eng vun den ale Paren, déi och no der Nei-Strukturéierung vun de Paren, déi de 7. Mee 2017 duerch Dekreter vum Bistum Lëtzebuerg a Kraaft getrueden ass, onverännert bliwwen ass.

Se gehéiert zum Dekanat Süden-Ost.

D'Par läit um Gebitt vun der Gemeng Diddeleng.

De Patréiner vun der Par ass den hellege Mäerten.

D'Parkierch ass d'Kierch vun Diddeleng. Zur Par gehéieren ausser der Parkierch och nach d'Lukaskapell zu Butschebuerg, d'Kapell um Gehaansbierg, d'Kapell zu Biereng an d'Eligiuskapell vun Diddeleng.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]