Schmadd

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dem Schmadd seng Kueleglous, an där hien d'Eisen zur Wäissglous bréngt
Frësch verschafft Eisen
D'Schmëdd vum Vulkan, en Tableau vum Diego Velázquez

De Schmadd ass en Handwierker, deen et scho ganz fréi an der Geschicht gouf an deen haut praktesch ganz duerch d'Industrialiséierung verdrängt gëtt. Dem Schmadd säin Atelier ass d'Schmëdd.

Duerfschmadd[änneren | Quelltext änneren]

De Schmadd huet a verschiddene Beräicher geschafft.

Hien huet Plouschuere fabrizéiert oder soss einfacht landwirtschaftlech Geschier fabrizéiert, wéi Heelen, Spueten oder Aaxten, awer och Meesselen, Ketten, Kreep, an O-Réng fir d'Béischten unzestrécken.

De bekanntste Schmadd deen duerch seng Plouschueren e grousst Verméige verdéngt huet, an deem seng Firma haut nach weltbekannt ass, war den John Deere.

Den eigentleche Schmadd war deen Handwierker, ënner deem mer haut méi oder wéineger och d'Schlässer erëmfannen. Hien huet och eng Léier als Schmadd a Schlässer gemaach. Duerch d'Opkomme vun den Trakteren nom Zweete Weltkrich ass den Duerfschmadd lues a lues verschwonnen, sief et datt déi bei deene wou keen Nowuess do war ganz opgehalen hu mat schaffen, sief et datt se sech och ëmmer méi um Maschinnenhandel bedeelegt hunn. Eng grouss Partie vun den haitege Maschinnenhändler fir landwirtschaftlech Maschinnen sinn d'Successeure vun engem Schmadd.

Konschtschmadd[änneren | Quelltext änneren]

De Konschtschmadd ass dee Schmadd deen och haut nach vill gefrot ass fir Ornamenter am Eisen an am Stol ze maachen, wéi z. B. dekorativ Gelänneren oder och Skulpturen.

Houfschmadd[änneren | Quelltext änneren]

En Noutstall

Den Houfschmadd hat meeschtens um Duerf oder a klengen Uertschaften, déi eng enk Bezéiung zur Landwirtschaft haten, geschafft. Seng Haaptaarbecht war Houfeisen ze fabrizéieren an d'Päerd ze beschloen. Dat ass meeschtens an engem Noutstall geschitt, dee virun der Schmëdd stoung.

Haut ass den Houfschmadd en Handwierk dat zanter 20 Joer duerch d'Sportsreiderei an de Fräizäitsport mat de Päerd erëm en Opschwonk kritt an zwar a sou enger Ausmooss datt et net genuch Houfschmatte gëtt.

Waffeschmadd[änneren | Quelltext änneren]

Goldschmadd[änneren | Quelltext änneren]

Kofferschmadd[änneren | Quelltext änneren]

Kesselschmadd[änneren | Quelltext änneren]

Historesch Zeechnungen aus dem 16. Joerhonnert vum Jost Amman[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schmatten – Biller, Videoen oder Audiodateien