Op den Inhalt sprangen

Landwirtschaft zu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia

Vu fréien Zäiten un, war Lëtzebuerg wéi vill Länner am Laf vun der Geschicht e rengt Agrarland. Ënner der Herrschaft vun den Habsburger war Lëtzebuerg déi gréisst Provënz vun den éisträicheschen Nidderlanden awer och gläichzäiteg déi äermst an déi mat de mannsten Awunner. 96 Prozent vun der Bevëlkerung hunn um Land a vum Land gelieft. D'Industrie hat och e rurale Charakter. D'Siderurgie wat déi wichtegst war, huet laang vill Verbindungen zur Landwirtschaft gehalen an d'Exploitatioun huet där vun der Landwirtschaft geglach. Et gouf keng Konzentratioun vu grousse Betriber. Déi vill Schmelzen a Schmëtte ware kleng Betriber déi uechter d'Land verspreet waren a gradewéi de Bauer d'Friichte vum Terrain ausgenotzt huet, hu si d'Bounäerz an d'Holz dat s'op der Plaz oder an der noer Ëmgéigend fonnt hunn, exploitéiert. Och aner Industriebetriber wéi d'Wiewerei an d'Gierwerei hunn no un der Landwirtschaft gelieft, se hunn z. B. Leit aus de Bauerebetriber niewelaanscht beschäftegt a sinn och vun hinne mat Material beliwwert ginn. Sou kann ee soen datt déi Zäit d'Industrie eng Verlängerung vun der Landwirtschaft war.

D'Land oder villméi de Landbesëtz war och fest am Geescht verankert. An den Ae vun de Leit vun deemools war de Grondbesëtz en Haaptsymbol vum Räichtum, wat mat sech bruecht huet, datt d'Kapitaler vun deemools éischter an Terraine wéi an der Industrie placéiert goufen.

Déi fréier Landwirtschaft hat e komplexen Exploitatiounssytem, bei deem vill technesch a mënschlech Facteuren eng Roll gespillt hunn, wouvun zu de wichtegsten de Kärenubau, d'Servituden an d'kollektiv Rechter gezielt hunn. De System huet den Ënnergank vum Ale Regime iwwerlieft an huet sech zu Lëtzebuerg och no der franséischer Revolutioun bis an déi zweet Hallschent vum 19. Joerhonnert gehalen.

D'Entwécklung vun der Lëtzebuerger Akerbau an der Véizuucht, zesummegefaasst am Begrëff: Landwirtschaft, huet, wéi och an den anere Länner, verschidde Kennzeechen:

  • déi aktiv Bevëlkerung an der Landwirtschaft hëlt ëmmer méi of,
  • déi eenzel Produktiounsunitéite ginn ëmmer méi grouss,
  • d'Spezialisatioun vun de Betriber gëtt méi grouss,
  • d'Mechanisatioun an domat de Kapitalopwand wuessen,
  • ouni staatlech oder iwwerstaatlech Ënnerstëtzung ass d'Landwirtschaft net méi liewensfäeg.

Manner Baueren

[änneren | Quelltext änneren]

2018 gouf et nach 1906 landwirtschaftlech Betriber zu Lëtzebuerg, wouvun der 20% am Nieweberuff gefouert goufen.[1]

Am Joer 2010 waren et der 1.981, mat 3.497 Beschäftegten (1 % vun der Lëtzebuerger aktiver Populatioun)[2], 2004 waren et der 2.400, 1990 nach ronn 3.200. Am Verglach: 1907 gouf et nach 15.000 landwirtschaftlech Produktiounsunitéiten. Dat wëll soen, datt deemools, mat de Familljememberen, bal 40 % vun der Landwirtschaft gelieft hunn. Charakteristesch fir de Grad vum Wirtschaftswuesstem ass domat, wéi de Colin Clark, Jean Fourastié a W.W. Rostow ënnerstrach hunn, ënner anerem d'Importenz, déi d'Landwirtschaft nach an engem Land huet. D'Landwirtschaft dréit 2010 nëmme méi zu 0,3 % zur Bildung vum Lëtzebuerger Bruttoinlandsprodukt bäi (no 2 % am Joer 1985).

Landwirtschaftlech Betriber zu Lëtzebuerg[3]
Joer 1990 2000 2004 2010 2018 2020 2023 2024 2025
Betriber ≥ 2 ha 2.728 2.201 1.881 1.834 1.821
Betriber Total 3.200 2.393 2.400 1.981 1.906 1.697 1.665 1.645

Méi grouss Unitéiten

[änneren | Quelltext änneren]

Fir konkurrenz- a liewensfäeg ze bleiwen, hunn déi kleng Betriber mat hiren Aktivitéiten opgehalen a hunn eppes aneschtes gemaacht. Besonnesch déi Jonk hunn d'Flemm kritt a sinn net méi um Bauerenhaff bliwwen. D'Duerchschnëttsgréisst vun den Agrarbetriber ass also gewuess:

Duerchschnëttlech Fläch vun de Betriber[3]
Joer 1980 1990 2000 2001 2002 2004 2010 2020 2023 2024 2025
Fläch (ha) 29,63 38,37 53,22 55,17 57,18 59,64 66,01 77,80 79,80 80,80

Méi wéi 50 % vun de Lëtzebuerger Betriber hunn zanter 2003 méi wéi 50 ha Land.

Méi spezialiséiert Betriber

[änneren | Quelltext änneren]

Am Laf vun der Zäit hunn d'Betriber sech spezialiséiert. De Bauerenhaff, dee sech mat alle Produkter selwer versuergt huet, mat Mëllech, Eeër, Fleesch a Produkter vum Feld ass verschwonnen. Ausser der Mëllechwirtschaft, nach ëmmer d'Haaptaktivitéit vun der Lëtzebuerger Landwirtschaft, hunn eng Partie Betriber sech ausschliisslech op d'Véizuucht, op Feldprodukter, den Uebstbau oder d'Eeërproduktioun spezialiséiert.

Planzeproduktioun (an Tonnen)[3]
Joer 2000 2010 2020 2021 2022 2025
Weess, Spelz, Kar 64.787 88.592 75.582 83.465 89.925 72.137
Aner Kären 88.043 77.593 67.918 64.223 77.015 68.976
Raps 8.370 15.895 8.792 4.448 7.279 8.965
Gedréchent Geméis, dat fir Som gezillt gëtt 1.235 973 1.293 943 1.406 1.146
Gromperen 27.858 19.531 16.368 16.224 14.606 17.732
Fuddermais 130.236 181.104 222.220 261.197 186.901 237.227
Aner Fudderplanzen 168.705 99.073 93.920 149.779 110.619 140.155
Wisen a Weeden 639.715 479.438 371.015 573.747 469.960 652.694
Véiproduktioun (an Tonnen)[3]
Joer 2000 2010 2020 2024
Fleesch 24.400 30.400 29.900 26.700
Mëllech 264.500 295.300 447.300 482.900
Véibestand zu Lëtzebuerg[4]
Joer 2016 2020 2024
Päerd an Ieselen 4.540 4.443 4.312
Ranner 201.416 191.360 183.165
Schwäin 92.312 85.048 67.661
Schof 8.951 9.518 9.635
Geessen 5.130 4.975 4.422
Hénger a
Pouleten
114.148 136.130 186.393
Anert Gefligel 1.115 773 866

Investitioune wuessen

[änneren | Quelltext änneren]
Maschinnen, ëmmer méi grouss a méi deier

Eng konkurrenzfäeg Produktioun war nëmmen duerch eng méi intensiv Mechanisatioun méiglech. D'Regierung, de Landwirtschaftsministère a seng Verwaltungen, wéi z. B. d'Administration des services techniques de l'agriculture (ASTA) oder d'Europäesch Kommissioun hu si dobäi mat Rot a finanzielle Mëttel tatkräfteg ënnerstëtzt, besonnesch beim Opstelle vu sougenannten Entwécklungspläng fir d'Bauerebetriber. Fir eng besser a méi rationell Ausnotzung vun de Kapitalinvestitiounen an der Landwirtschaft sécherzestellen, gouf d'Schafe vu Maschinneréng ënnerstëtzt. Si bezwecken dat gemeinsaamt Benotze vu Landwirtschaftsmaschinnen.

Ouni Subventioune geet et net

[änneren | Quelltext änneren]

An alle Länner hunn d'Landwirtschaften, ier d'EWG 1958 a Kraaft getrueden ass, vun nationale Subventioune profitéiert, meeschtens vun Direktsubventiounen. Déi ware vun do un net méi erlaabt, wëll d'EWG war op de Prinzip opgebaut, datt all national Moossnamen, déi wettbewerbsverfälschend wierken, verbuede sinn. D'Ënnerstëtzungsaufgabe goufen dofir op d'Communautéit iwwerdroen; entweeder op Grond vun Direktsubventiounen oder op Grond vu Festsetze vu Mindestpräisser, verbonne mam Schafe vun engem Ausgläichsystem beim Export oder Import vun europäeschen Agrarprodukter an oder aus Drëttlänner. A anere Wierder: d'Präisser vu villen Agrarprodukter si vun de Präisser um Weltmaart ofgekoppelt ginn. Dat ass vun Drëttlänner wéi den USA ëmmer erëm kritiséiert ginn. Dësem System gouf a gëtt virgeworf, et géif zu enger Iwwerproduktioun féieren. Bei der Mëllech ass dat och agetratt, an 1984 huet d'Communautéit e Quotesystem fir d'Mëllechproduktioun missen aféieren. A kuerze Wierder: d'Landwirtschaftspolitik ass duerch eng sougenannt Gemeinsam Agrarpolitik communautariséiert ginn. Hire finanziellen Opwand ass héich a si ass déi eenzeg sougenannt Gemeinsam Politik an der Europäescher Communautéit bliwwen.

2010 goufen zu Lëtzebuerg 34,5 Milliounen Euro Betribsprimmen ausbezuelt, 15,6 Mio fir den Ausgläich fir benodeelegt Gebidder, 10,9 Mio Euro Primme fir d'Landschaft ze fleegen, 2,6 Mio fir landwirtschaftlech Ëmweltmoossnamen, 1,3 Mio fir d'Erhale vun der Biodiversitéit an 0,6 Mio Euro Direkthëllefe fir Mëllechproduzenten;[5] am Ganzen deemno 65,5 Mio Euro.

Encadrement a Beruffsvertriedung

[änneren | Quelltext änneren]

D'Landwirtschaft profitéiert, wéi iwwerall, vum engem staarken Encadrement:

  • Carlo Hemmer:L'économie du Grand-Duché de Luxembourg - Les conditions sociales - La production primaire, Éditions Joseph Beffort, Luxembourg, 1947
  • Paul Weber: Histoire de l'Economie luxembourgeoise, Imprimerie de la Cour Victor Buck, Luxembourg, 1950,430 p.
 Commons: Landwirtschaft zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Hoscheid, M., 2019. Das Feld weiter beackern. Die Bauernzentrale begeht ihren 75. Geburtstag und blickt sowol in die Vergangenheit als auch in die Zukunft. Luxemburger Wort vum 28. November 2019, S. 6.
  2. "Michèle Sinner "Wohl bekomm's". D'Lëtzebuerger Land Nr. 3, 3. Juni 2011, S. 12-13.
  3. 1 2 3 4 (fr) Agriculture. Luxembourg en chiffres 2025 S. 52–53. STATEC (2025). Gekuckt de 27.02.2026.
  4. (fr) Effectif du cheptel. lustat.statec.lu (03.05.2025). Gekuckt de 27.02.2026.
  5. Rechenschaftsbericht, Landwirtschaftsministère; no Sinner 2011.