Holz (Material)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Material Holz. Fir d'Uertschaft an der Gemeng Rammerech kuckt Holz (Rammerech) a fir aner Begrëffer, kuckt wgl. Holz.
16 ënnerschiddlech Zorten Holz

Holz ass e poröst Material aus Faseren, dat een am Stamm, den Äscht an an de Wuerzele vu Beem an aneren Holzplanze fënnt. Et gëtt zënter Dausende vu Joren als Brenn- an als Baumaterial benotzt an ass en organescht Material.