Kierch Schëffleng
| ||||
---|---|---|---|---|
Parkierch vu Schëffleng (2011) | ||||
Uertschaft / Plaz | Schëffleng | |||
Par | Monnerech-Schëffleng-Steebrécken Notre-Dame-de-l'Évangile | |||
Dekanat | Süden-West | |||
Numm / Patréiner | Hl. Mäerten | |||
Koordinaten | 49° 30’ 23.7’’ N 06° 00’ 44.7’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Kierch zu Schëffleng ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Monnerech-Schëffleng-Steebrécken Notre-Dame-de-l'Évangile, zum Dekanat Süden-West an zu der Gemeng Schëffleng gehéiert.
De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Mäerten, deem säi Fest den 11. November gefeiert gëtt.
Si steet zentral an der Uertschaft op der Kräizung vun der rue de Hédange, der rue de la Libération an der rue Basse. Direkt hanner der Kierch leeft d'Eisebunnsstreck Beetebuerg-Esch-Uelzecht.
Geschicht[änneren | Quelltext änneren]
D'Kierch vun der Par Schëffleng stoung fréier uewen um Mäertesbierg ausserhalb vun der Uertschaft, do wou haut nach de Kierfecht ass. 1743 gouf dës Kierch fir d'lescht restauréiert. An der Uertschaft gouf et awer och d'Pankratiuskapell, déi komplementar zur Parkierch benotzt gouf, an "op der Knupp" stoung, do wou haut d'Parhaus steet.
1822 gouf dunn eng Parkierch an der Uertschaft gebaut an déi al Kierch um Mäertesbierg gouf ofgerappt. D'Pankratiuskapell, déi duerch Verkaf a Privatbesëtz iwwergaange war, gouf wärend enger Zäit als Noutkierch benotzt bis déi nei Kierch fäerdeg war.
Mam Bau vun der haiteger Kierch gouf 1939 ugefaangen. Duerch den Zweete Weltkrich konnten d'Aarbechten net weidergefouert ginn, an et huet eng Zäitche gedauert, an där d'Massen an engem Gemengegebai hu misse gehale ginn. De Bau vun der Kierch gouf eréischt zéng Joer méi spéit vum Architekt Schmit-Noesen ofgeschloss.
Dem Patréiner vun der Kierch, dem hellege Mäerten, ass e Relief um rietsen Niewenaltor vun der Kierch geweit. Et weist den hellege Mäerten, den op sengem Päerd sëtzt an dem Heeschemann e Stéck vu sengem Mantel gëtt. Um ieweschten Deel vum Relief steet S.MARTINE O.P.N..
Laanscht dat lénkst a rietst Säiteschëff fënnt ee weider Relieffer, déi Ausschnëtter vum Passiounswee vu Jesus Christus weisen.
Kierchefënsteren[änneren | Quelltext änneren]
D'Märtyrerfënster iwwer dem Agank gouf ëm d'Joer 1955 vum Frantz Kinnen hiergestallt. D'Fënster besteet aus bemooltem Antikglas a Bläi. Op der Fënster sinn den hellege Mäerten, den hellege Méchel an den hellege Georges. D'Fënster erënnert un déi Plazen, wou Lëtzebuerger am zweete Weltkrich gepéngegt gi sinn. Sou stinn op dem lénksen a rietse Flillek vun der Fënster d'Nimm vun de Konzentratiounslager Hinzert, Mauthausen, Dachau, Ravensbrück, Natzweiler-Struthof, Buchenwald an Auschwitz-Birkenau. De mëttelsten Deel erënnert un de Generalstreik vum 31. August 1942.
An der Kierch fënnt een nach weider kleng Fënstere vum Frantz Kinnen. Op dëse gesäit een:
- Margareta vun Antiochia
- Hellege Bonifatius
- Jeanne d'Arc
- Catherine vun Alexandria
- Hellege Péitrus
- Hellege Mäerten
- Jakobus den Eeleren
- Hellegen Niklos
- Johannes den Deefer
- De Schrëftzug INVICTUM AB ORATIONE SPIRITUM NON RELAXABAT
Op de Säiteschëffer sinn zwou grouss Héichfënstere vum Ad Deville, déi d'Jongfra Maria mat enger Kroun an de Jesus vun Nazaret als Kinnek weisen. D'Fënstere bestinn aus Bläi a bemooltem Antik-, Opal-, a Goetheglas.
Dafkapell[änneren | Quelltext änneren]
D'Dafkapell ass ganz vum Ad Deville geschaf ginn.
Uergel[änneren | Quelltext änneren]
D'Uergel an der Schëfflenger Kierch ass aus dem Joer 1955 a staamt vun der Firma Sebald vun Tréier an ass bis haut onverännert bliwwen. Se gouf de 5. Mee 1957 vum Bëschof Léon Lommel ageweit a bei där Geleeënheet vum Doumorganist, dem Maître Albert Leblanc gespillt.[1]
Klacken[änneren | Quelltext änneren]
D'Schëfflenger Parkierch huet dräi Klacken am Tuerm hänken, déi an den Téin a' g' e' lauden.
Literatur[änneren | Quelltext änneren]
- Jean Hansen, 1997, Schëffléng, séng Geschicht a séng Geschichten, Association des commerçants et artisans, Quintus (Esch-Uelzecht), 251 S.
- Emile Donckel, 1974, Eine kleine Geschichte der Pfarrei Schifflingen, Maison des oeuvres (Schëffleng), 70 S.
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
- Lëscht vu reliéise Gebaier zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Paren
- Lëscht vun de fréiere Lëtzebuerger Paren
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Kierch Schëffleng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vum Parverband Schëffleng-Monnerech
- D'Kierch op der Websäit vum Parverband Schëffleng-Monnerech
- D'Fënstere vun der Kierch vu Schëffleng op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
- D'Uergel vun der Kierch op der Websäit Orgues.lu (de)
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ Festtag in der Pfarrei Schifflingen - Einweihung der neuen Orgel und Verleihung von päpstlichen Auszeichnungen durch S.E. Bischof Mgr. Lommel, am Luxemburger Wort vum 9. Mee 1957