Jeanne d'Arc

Vu Wikipedia
Jeanne d'Arc
Jehann Tarc
6. Januar 141230. Mee 1431
D'Jeanne d'Arc op der Kréinungsfeier vum Kinnek Charles VII., (gemoolt vum Dominique Ingres (1780-1867))
Detailer
Beatifikatioun 1909
Kanonisatioun 16. Mee 1920
Ënner dem Poopst Benedikt IV.
Gedenkdag 30. Mee

D'Jeanne d'Arc, gebuer de 6. Januar 1412, gestuerwen den 30. Mee 1431, och bekannt als Pucelle de Lorraine, ass eng Symbolfigur aus der franséischer Geschicht. D'Jeanne d'Arc gouf zu Domrémy wärend dem Honnertjärege Krich gebuer. Si war immens fromm an ass all samschdes zu Bermont, bei Greux an d'Kierch gaange fir ze bieden. Si huet déi franséisch Truppe géint den engleschen Eruewerer ugefouert. Mä als Ketzerin verklot, gouf dem Jeanne d'Arc de Prozess gemaach a si gouf op engem Holzkoup zu Rouen verbrannt.

D'Äntwerten, déi si wärend hirem Prozess ginn huet, wou d'Minutten nach konservéiert sinn, weisen eng jonk Fra voller Mutt an Éierlechkeet, wat eng Erklärung ass, wéi si d'Truppe konnt fir sech gewannen.

Kontext: Den Honnertjärege Krich[änneren | Quelltext änneren]

Wärend engem Konflikt tëscht Frankräich an England, deen als Honnertjärege Krich an d'Geschicht agaangen ass, hat d'franséisch Chevalerie eng schwéier Néierlag an der Schluecht vun Azincourt am Joer 1415 géint d'Bouschëtze vum Henry V. erlidden. D'Englänner haten de Bou perfektionéiert, a waren exzellent Bouschëtzen. Si waren och méi disziplinéiert wéi d'Fransousen, wat si militäresch méi staark gemaach huet, quitt datt si an der Ënnerzuel waren.

Eng grouss Partie vum franséischen Territoire, den Norde bis zu der Loire, war vun den Englänner besat.

Frankräich gouf zu där Zäit vum Charles VI. regéiert, de Geckegen. Hien hat e Jong, den Dauphin Charles, Trounierwen deem seng Legitimitéit wéinst den angeblechen Affäre vu senger Mamm Isabeau vu Bayern kontestéiert gouf. De Charles VI. hat an engem Ufall vu Wansinn, wat méi dacks virkomm ass, säi Jong entierft, an de franséischen Troun den Englänner iwwerlooss.

Ausserdeem gouf et eng Rivalitéit tëscht dem Jean sans Peur, Herzog vun der Bourgogne, an dem Dauphin Charles, dee vun der Famill Armagnac ënnerstëtzt gouf.

Bei enger Entrevue op der Bréck vu Montereau den 10. September 1419 sollte sech den Dauphin an de Jean I. nees verdroen. Mä onglécklecherweis gouf de Jean I. vun engem Mann vum Dauphin, warscheinlech dem Tanguy Duchâtel, erstach. De Jong vum Jean I., de Philippe III. - de Gudden, huet sech den Englänner ugeschloss, geneesou wéi déi mächteg Paräisser Universitéit.

D'Englänner hunn dës Affär benotzt, fir de Fransousen den Traité vun Troyes opzezwéngen, dee vun der Isabeau vu Bayern, Kinnigin vu Frankräich a Regente an dem Henry V. 1420 ënnerschriwwe gouf. Laut dem Traité sollt den Henry mat der Catherine vu Valois, Duechter vum Charles VI., bestuet ginn; nom Doud vum Charles sollt d'franséisch Kroun un hir Nofollger goen, a sou déi zwee Kinnekräicher vereenegen.

Dësen Traité, deen dem Dauphin seng Ierfrechter geholl huet, gouf vum franséischen Adel net unerkannt. Nom Doud vum Charles VI. am Joer 1422 huet Frankräich de facto kee Kinnek dee sacréiert ass, an de franséischen Troun gouf vum mannerjäregen Henry VI. revendikéiert.

Hiert Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Vun Domrémy op Chinon (1428 - Februar 1429)[änneren | Quelltext änneren]

Am Alter vun 13 Joer behaapt d'Jeanne, himmlesch Stëmmen ze héieren, an zwar déi vun den hellege Catherine a Marguerite a vum Äerzengel Michel déi hir soen, si soll fromm sinn, a Frankräich vun den Englänner befreien, an domat dem Dauphin op den Troun hëllefen. No villen Zweiwele mécht si sech am Alter vun nëmme 16 Joer op de Wee. Am Nopeschduerf freet si fir kënnen an d'Arméi vum Dauphin opgeholl ze ginn. Hir Demande gëtt zweemol refuséiert.

Jules Bastien-Lepage, Jeanne d'Arc, 1879

Ee Joer méi spéit kënnt si nacheemol zeréck an de Robert vu Baudricourt, Kapitän vu Vaucouleurs, akkzeptéiert, him eng Eskort ze ginn, an domat d'Vollek roueg ze stellen. D'Jeanne hat sech an der Stad schonn en Numm gemaach, ënner anerem wéi si de kranken Herzog vu Loutrengen besiche war.

A Männersaache gekleet, wat si bis zu hirem Doud maache wäert, kënnt si inkognito duerch de burgundeschen Territoire bis op Chinon, wou si endlech dem Dauphin begéine kann, nodeem de Baudricourt dësem e Bréif geschéckt hat. D'Anekdot erzielt datt si kapabel war den Dauphin Charles z'erkennen, dee sech einfach gekleet an der Mëtt vu senge Kurtisanen opgehalen huet. D'Jeanne gëtt am Tuerm vu Coudray ënnerbruecht, de selwechten Tuerm an deem de Groussmeeschter vum Templeruerden, Jacques de Molay, agespaart war. D'Jeanne annoncéiert kloer hir Aufgaben: d'Befreiung vun Orléans a sengem Herzog, d'Kréinung vum Kinnek zu Reims an d'Befreiung vu Paräis. Nodeem si vun eklesiasteschen Autoritéiten zu Poitiers befrot gouf, a Matroune feststellen, datt si nach Joffer ass, gëtt de Charles säin Accord fir e Befreiungsplang vun Orléans, dat vun den Englänner belagert ass.

Jeanne, Krichschef (Abrëll 1429 - Mee 1430)[änneren | Quelltext änneren]

D'Jeanne kritt eng Rëschtung an e wäisse Banner mam Zeeche vun der Lilie, op déi si "Jesus Maria" schreift, wat och d'Devis vun den Heeschenuerden ass. Um Wee vu Blois op Orléans geheit d'Jeanne d'Prostituéiert vun der Rettungsarméi eraus, oder bréngt si dozou, sech ze bestueden. Hir ekklesiastesch Truppe marschéiere virop. Den 29. Abrëll 1429 kënnt si zu Orléans un, bréngt Verstäerkung a begéint dem Herzog vun Orléans. Si gëtt mat Enthousiasmus vun der Bevëlkerung begréisst, dee d'Krichskapitäne sinn do méi reservéiert. Mat hirem Glawen an hirem Enthousiasmus geléngt et der Jeanne, de franséischen Zaldoten neie Mutt ze maachen, an d'Englänner si gezwongen hir Belagerung vun der Stad an der Nuecht vum 7. op den 8. Mee 1429 opzeginn.

No där Victoire, déi all Joer zu Orléans op deenen zwéin Deeg gefeiert gëtt, kritt si de Bäinumm Pucelle d'Orléans. Nodeem den Dall vun der Loire duerch eng Victoire zu Patay den 18. Juni 1429 (Schluecht un där d'Jeanne net deelgeholl huet) geraumt ginn ass, iwwerzeegt si den Dauphin fir sech zu Reims kréinen ze loossen.

Fir op Reims ze kommen, mussen d'Truppen duerch Stied déi ënner der Herrschaft vun der Bourgogne stinn, an déi kee Grond gesinn, hir Dieren opzemaachen, an déi och kee militäresch zwénge kann. Laut dem Dunois huet de Bluff zu Troyes zu der Soumissioun vun der Stad gefouert, souwéi och vu Châlon a vu Reims. Domat ass de Wee sécher.

De 17. Juli 1429 gëtt de Kinnek Charles VII. a Presenz vun der Jeanne d'Arc vum Regnault de Chartres gekréint. Den Herzog vun der Bourgogne, als Pair vu Frankräich, ass net mat dobäi. D'Jeanne schreift him nach de selwechten Dag e Bréif, fir hien ëm Fridden ze froen.

Dësen Deel vun hirem Liewen ass meeschtens den eepeschen Deel vun der Geschicht vun der Jeanne d'Arc: d'Evenementer si voller Anekdoten, wou d'Zäitgenosse kleng Wonner gesinn hunn, an déi immens zu der Legend an der offizieller Geschicht vun der Jeanne d'Arc bäigedroen hunn. D'mirakuléis Decouverte vum Schwäert vum « Charles Martel » ënner dem Altor vu Sainte-Catherine-de-Fierbois ass nëmmen ee Beispill.

Duerch déi ganz Victoiren animéiert, probéiert d'Jeanne d'Arc de Kinnek z'iwwerzeegen, Paräis vun de Burgunder zeréck z'erueweren, mä hien zéckt. D'Jeanne probéiert awer eng Attack op Paräis,mä et ass en Desaster, an de Kinnek verbitt all nei Intervention. D'Suen an d'Liewensmëttel ware knapps, an am Conseil vum Kinnek ware se sech net alleguer eens. De Réckzuch op d'Loire gouf forcéiert, an d'Arméi opgeléist.

D'Jeanne héiert awer net op de Kinnek an zitt mat hirer eegener Trupp weider duerch d'Land. Si representéiert net méi de Kinnek an näischt ënnerscheet si vun aneren onofhängege Militärcheffen. Hir Truppe kämpfe géint lokal Kapitänen ouni grousse Succès. Der Jeanne gëtt nogeluecht, am Schlass vum Trémouille zu Sully-sur-Loire ze bleiwen. Mä d'Jeanne kënnt séier aus hirem gëllene Prisong fir Compiègne ze hëllefen, wat vun de Burgunder belagert gëtt. Schlussendlech gëtt si virun den Diere vu Compiègne den 23. Mee 1430 festgeholl. Si huet zweemol probéiert fortzelafen,mä ouni Succès. Si huet sech souguer selwer schwéier blesséiert, wéi si aus der Fënster sprange wollt. Si gëtt vun den Englänner fir 10 000 Pond opkaaft, an dem Bëschof vu Beauvais, dem Pierre Cauchon, iwwerginn, dee mat den Englänner alliéiert ass.

Prozess a Verurteelung (9. Januar 1431 - 30. Mee 1431)[änneren | Quelltext änneren]

Tour Jeanne d'Arc zu Rouen

D'Jeanne gëtt der Ketzerei beschëllegt, an zu Rouen verhéiert. Si gëtt am Schlass vum Philippe Auguste agespaart, vun deem hautdesdaags nëmmen nach een Tuerm steet, deen den Numm Tour Jeanne d'Arc krut. De Prozess huet den 21. Februar 1431 ugefaangen. Obscho si ënner kierchlech Juridictioun fält, bleift si an engem englesche Prisong, wat géint d'kanounescht Recht ass. Och wann hiren Openthalt am Prisong alles anescht wéi agreabel war, sou gouf si awer net gefoltert.

« Sur l'amour ou la haine que Dieu porte aux Anglais, je n'en sais rien, mais je suis convaincue qu'ils seront boutés hors de France, exceptés ceux qui mourront sur cette terre. » Jeanne d'Arc bei hirem Prozess (de 15. Mäerz 1431)

D'Enquêteuren, ugefouert vum Bëschof vu Beauvais, Mgr. Cauchon, kënne keng valabel Uklo zustan bréngen: d'Jeanne schéngt e gudde Chrëscht ze sinn, iwwerzeegt vun hirer Missioun a verschidde vun de gewéinleche Ketzer déi an engem Klima vu Rebellioun géint d'Kierch an dëse schwéieren Zäite liewen. D'Geriicht beschëllegt si dofir nëmmen, Maanskleeder unzedoen, hir Elteren ouni deenen hir Erlabnes verlooss ze hunn, a sech éischter der Verurteelung vu Gott wéi där vun der Kierch op der Äerd z'ënnerwerfen. D'Riichter fannen och, datt d'Stëmmen, op déi sech d'Jeanne konstant berifft, vun dämoneschem Urspronk sinn. D'Universitéit vu Paräis, Partisan vun de Burgunder, deelt hir Meenung mat: d'Jeanne ass schëlleg schismatesch ze sinn, apostatesch, eng Ligenerin, eng Hellseeërin, verdächteg eng Ketzerin ze sinn, veriert am Glawen, blasphemesch vis-à-vis vu Gott an den Hellegen. D'Jeanne ass an Appell beim Poopst gaangen,mä dat gouf vun de Riichteren ignoréiert.

Paul Delaroche, Interrogation de Jeanne d'Arc

De 24. Mee inszenéieren d'Riichteren eng Verbrennung op engem Holzkoup fir dem Jeanne Angscht ze maachen, a si ze zwéngen, hir Feeler anzegesinn. D'Jeanne soll du mëndlech (also net noweisbar) zougesot hunn, nodeem d'Geriicht hir versprach hat, datt si an e geeschtleche Prisong géif kommen. Si soll mam Zeeche vum Kräiz ënnerschriwwen hunn, obscho si hiren Numm schreiwe konnt, datt si hir Feeler agesäit, a sech der Autoritéit vun der Kierch ënnerwerft. Si gëtt zeréck an den englesche Prisong bruecht, a well si sech bedru fillt, huet se zwéin Deeg méi spéit alles widderruff, an huet nees Männerkleeder un, dëst an obskure Konditiounen, well d'Fro déi sech stellt ass, wéi si am Prisong un déi Kleeder soll komm sinn.

Als Relaps, also nees an hir al Feeler verfall, deklaréiert, gëtt d'Jeanne vum Geriicht zu der Verbrennung um Holzkoup verurteelt.

Den 30. Mee 1431 gouf d'Jeanne d'Arc lieweg op der Place du Vieux-Marché zu Rouen verbrannt. Éier si gestuerwen ass, huet si nach dräimol « Jésus » geruff. Hir Äsche goufen an der Seine verstreet. Et gëtt awer Reliquie vu Schanken, déi am Musée zu Chinon leien, an déi zur Zäit ënnersicht ginn.

De Rehabilitatiounsprozess (1455 - 1456)[änneren | Quelltext änneren]

Wéi de Charles VII. Rouen nees anhëllt, kënnt et zu engem zweete Prozess op d'Demande vun der Jeanne hirer Mamm an no engem Dekreet vum Poopst Kallixt III., deen am Joer 1456 déi éischt Verurteelung wéinst « corruption, dol, calomnie, fraude et malice » widderrifft. Nodeem d'Depositioune vu villen Zäitgenosse vun der Jeanne enregistréiert goufen, seet dat neit Urteel datt d'Jugementer aus dem éischte Prozess « nuls, non avenus, sans valeur ni effet » wieren, a rehabilitéiert d'Jeanne an hir Famill. Et gëtt och eng « apposition [d'une] croix honnête pour la perpétuelle mémoire de la défunte » op der Plaz, op där d'Jeanne gestuerwen ass, festgehalen. E groussen Deel vun de Riichter aus dem éischte Prozess, dorënner de Bëschof Cauchon, sinn an der Tëschenzäit gestuerwen.

D'Jeanne an hir Zäit[änneren | Quelltext änneren]

D'Jeanne an hir Zäitgenossen[änneren | Quelltext änneren]

D'Jeanne d'Arc war zu Liefzäite ganz populär, de Wee bis op Reims mam Kinnek huet si och am Ausland bekannt gemaach. Si krut Bréiwer mat Froen iwwer d'Theologie aus allen Ecke vum Land. Et gouf dacks méi op hir Meenung ginn, wéi um Poopst seng. D'Jeanne hat och Relatioune mat de Heeschenuerden. Si war ee vun de ville Priedeger vun där Epoch, déi behaapt hunn, si wieren direkt vu Gott geschéckt ginn. Och wann hiren Haaptprojet d'Kréinung vum Charles VII. an domat d'Restauratioun vum franséischen Troun war, sou war si awer bei theologeschen Debatten dobäi. D'Interessekonflikter ronderëm si gounge wäit iwwer d'politesch Rivalitéit tëscht Frankräich an England eraus.

Sou war si vun der Universitéit vu Paräis, « remplie des créatures du roi d'Angleterre » net gär gesinn, am Géigesaz zu den Theologe vu Poitiers, dem Äerzbëschof vun Embrun, de Bëscheef vu Poitiers, de Bëscheef vu Maguelonne, dem Jean Gerson, dem Inquisitor vun Toulouse oder och nach dem Jean Dupuy, deen nëmmen « la restitution du roi à son royaume et l'expulsion ou l'écrasement très juste d'ennemis très obstinés » gesinn huet. Déi Männer vun der Kierch hunn d'Jeanne ënnerstëtzt.

Fir d'eminent reliéis Autoritéit déi deemools d'Sorbonne war, huet dat reliéist Behuele vun der Jeanne, d'Eruewerung vum Kinnekräich bei wäitem iwwerschratt, an d'Theologiesdokteren hunn an hir eng Gefor géint hir Autoritéit gesinn, besonnesch duerch d'Ënnerstëtzung déi si duerch d'Géigner vun der Universitéit krut.

Och um Haff hat d'Jeanne net nëmme Frënn. De Parti vum La Trémouille (zu deem de Gilles de Rais gehéiert huet), huet sech reegelméisseg an Oppositioun géint d'Initiative vun der Jeanne gesat.

D'Roll vun der Jeanne d'Arc am Honnertjärege Krich[änneren | Quelltext änneren]

D'Jeanne d'Arc huet weeder eleng d'final Phas vum Krich beaflosst, deen 1453 op en Enn geet, et war och net wichteg fir d'taktesch a strateegesch Roll vu senger Campagne. Den Dunois schwätzt vun enger begabter Persoun mat engem gesonde Mënscheverstand, déi kapabel war, d'Artillerie op de wichtege Punkten opzestellen. Och wa verschidde Schluechte sech duerch kuriéis Anekdote geléist hunn, war si e charismatesche Chef.

Op geopoliteschem Plang war Frankräich 1429 net sou schlecht drun, wéi een et dacks liest. Si haten zwar d'Territoire nërdlech vun der Loire verluer,mä haten awer méi Ressourcen, human a materiell, zur Verfügung wéi hiren englesche Géigner, e Land mat véiermol manner Awunner wéi Frankräich. D'Strategie vum Charles V. déi op Zäit gespillt huet, a Schluechten evitéiert,mä dofir eenzel Stied belagert huet, huet d'Limite vun der englescher Invasioun gewisen.

Virun der Interventioun vun der Jeanne d'Arc haten d'Englänner awer e wichtege psychologesche Virdeel: hir Truppen haten de Ruff net geschloe kënnen ze ginn, den Traité vun Troyes deen de Dauphin Charles vum Troun ausgeschloss huet, d'Resignatioun vun der Bevëlkerung an d'Allianz mat der Bourgogne. An där Tendenz huet d'Iwwerleenheet a punkto Zuele fir d'Fransouse keng grouss Roll gespillt. D'Englänner waren dynamesch, d'Fransouse phlegmatesch. D'Jeanne huet ouni Zweiwel zu der Verbesserung vun der Moral vun de franséischen Truppe bäigedroen, an hinnen neie Mutt ginn. Si huet de Kinnek op säin Troun gesat, an d'Englänner geschloen. De Charles VII. hat duerno d'Initiativ, fir mat der Bourgogne ze verhandelen, eng wichteg Etapp fir Paräis nees zeréck z'erueweren. D'Jeanne selwer war net frou mat de Burgunder, si waren net wäit vun hirem Duerf, Domrémy ewech, an et koum sécher méi wéi eng Kéier zu Iwwergrëffer op d'Landbevëlkerung.

Historiographie[änneren | Quelltext änneren]

De Problem vun de Sourcen[änneren | Quelltext änneren]

Déi zwou Haaptsource fir d'Geschicht vun der Jeanne d'Arc sinn hire Prozess vu 1431 an d'Rehabilitatioun vu 1455-56. Als juristesch Akten hu si de Virdeel, trei Transkriptioune vun den originalen Depositioune vun den Zeien ze sinn. Mä et sinn net déi eenzeg Quellen, et goufen och Chroniken zu Liefzäite vun der Jeanne geschriwwen, wéi zum Beispill d'«Geste des nobles Francois », d'« Chronique de la Pucelle », d'« Chronique » vum Perceval de Cagny, oder och nach de « Journal du siège d'Orléans et du voyage de Reims ». Ausserdeem muss een dobäi nach d'Rapporte vun den Diplomaten an aneren Informanten zielen.

De Jules Quicherat war deen éischten, deen all déi Texter tëscht 1841 an 1849 gesammelt, an a 5 Bänn erausbruecht huet. Tëscht dem 15. an dem 19. Joerhonnert hate sech schonn eng Onmass vu Schrëftsteller, Politiker a Reliéiser mat der Jeanne beschäftegt. Et muss een dofir virsiichteg sinn, d'Manupilatioun vu Sourcen ass net onbekannt, an déi wéinegst Wierker goufen zu der Zäit vun der Jeanne d'Arc geschriwwen, an d'Interpretatioune sinn dacks aus der Vue an der Zäit vum Auteur, an hunn net onbedéngt eppes mat der Realitéit am 15. Joerhonnert ze dinn.

D'Prozesser si juristesch Akten. Déi zwéi Prozesser ware politesch beaflosst, an d'Zeie konnten nëmmen op d'Froen äntweren, déi hinne gestallt goufen, an net aner Detailer bäidroen. De Prozess vu 1431 gouf ausserdeem op Latäin néiergeschriwwen, obschonn d'Interrogatoiren op Franséisch waren.

De Philippe Contamine huet am Laf vu senge Recherchen eng Onmass vu Schrëfte vu 1429 festgestallt, wat e « formidable retentissement au niveau international » markéiert. Hie seet ausserdeem, datt d'Jeanne d'Arc zimmlech séier e kontroverse Sujet vun hiren Zäitgenosse war. Vun Ufank u koum et zu Legenden zu hirer Persoun (« des légendes coururent à son sujet, concernant son enfance, ses prophéties, sa mission, les miracles ou les prodiges dont elle était l'auteur. Au commencement était le mythe »).

Sou ass also keen Dokument virun enger Deformatioun duerch d'Imaginatioun vun der Bevëlkerung - ausser d'Minutte vum Prozess - sécher. Beim Rehabilitatiounsprozess erzielen d'Zeien d'Evenementer eréischt 26 Joer méi spéit, wat och eng grouss Roll spillt.

Verschidden Theesen[änneren | Quelltext änneren]

No der Thees vun der Anthropologin Margaret Murray, Spezialistin fir Hexeprozesser a speziell fir de Fall vun der Jeanne d'Arc, war d'Jeanne eent vun den ausgewielten Affer wéi de William Rufus oder den Thomas Becket. Mam Ënnerscheed datt d'Jeanne op eng gewëssen Aart a Weis eng Mystifikatioun vun der Geschicht war. Der Mme Murray no gouf eng onbekannt Fra an der Jeanne hirer Plaz verbrannt, an alles gouf aus politesche Grënn inszenéiert. D'Jeanne d'Arc wier Member vun engem Kult vun der Diane gewiescht, oder vun aneren antike Rite vun der Fruchtbarkeet, an huet misse mat der Missioun, déi hir opgedroe gouf, averstane sinn. Nodeem si befrot a verurteelt gi wier, wier si vun der historescher Bildfläch verschwonnen, hätt e gewësse Sieur des Harmoises, oder Armoises, bestuet, an e biergerlecht Liewe gefouert.

Där Theorie no wier d'Jeanne also keen "einfacht Meedche vum Land" gewiescht, Analphabetin déi Stëmmen héiert wärend si op hir Schof oppasst. Hir Famill wier eng Händlerfamill gewiescht, där et net schlecht gaangen ass, a si hätt eng normal Educatioun wéi all d'Meedercher vun hirer Zäit gehat.

Déi Hypothees gëtt awer vun haitegen Historiker verworf an als Fantasie ofgestempelt.

Unerkennung vun der Jeanne d'Arc[änneren | Quelltext änneren]

E Relaps[änneren | Quelltext änneren]

Virum 19. Joerhonnert gouf d'Bild vun der Jeanne d'Arc an der Literatur zerrappt. Eenzeg d'Notiz vum Edmont Richier bréngt en historesche Volet an d'Spill, deen awer voller Ongenauegkeeten ass. De Voltaire erzielt nëmmen an anerhalwem Vers vu senger Henriade, Gesank VII eppes guddes iwwer d'Jeanne («... Et vous, brave amazone, La honte des Anglais, et le soutien du trône. ») fir si an den nächsten 20.000 Versen z'entéieren. Och de Corneille an de Racine hu wéineg favorabel iwwer d'Jeanne erzielt.

D'Pucelle déi Frankräich gerett huet[änneren | Quelltext änneren]

Zanter dem 19. Joerhonnert goufen d'Merite vun der Jeanne d'Arc zu politeschen Zwecker benotzt, ouni op historesch Detailer opzepassen. 1817 gouf d'Jeanne d'Arc vum Philippe-Alexandre Le Brun de Charmettes a sengem Buch Histoire de Jeanne d'Arc, surnommée la Pucelle d'Orléans, tirée de ses propres déclarations, de cent quarante-quatre dépositions de témoins oculaires, et des manuscrits de la bibliothèque du roi de la tour de Londres rehabilitéiert.

D'Jeanne d'Arc als Inspiratioun[änneren | Quelltext änneren]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Wierker inspiréiert duerch d'Jeanne d'Arc.

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Pierre Tisset, Procès de condamnation de Jeanne d'Arc, C. Klincksieck, Paräis, 1960-1971, 3 Vol.
  • Colette Beaune. Jeanne d'Arc. Perrin, Paräis, 2004. (ISBN 2-262-01705-0)
  • Pierre Moinot, Jeanne d'Arc. Die Macht und die Unschuld. Societäts-Verlag, Frankfurt/M. 1989. (ISBN 3-7973-0472-2)
  • Herbert Nette, Jeanne d'Arc in Selbstzeugnissen und Bilddokumenten. Rowohlt, Reinbek 2002. (ISBN 3-499-50253-4)
  • Ruth Schirmer-Imhoff (Ersg.), Der Prozeß Jeanne d'Arc. Akten und Protokolle 1431–1456. Dtv, München 2001. (ISBN 3-423-30202-X)
  • Heinz Thomas, Jeanne d'Arc. Jungfrau und Tochter Gottes. Fest, Berlin 2000- (ISBN 3-8286-0065-4)

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Bibliographie fir d'Jeanne d'Arc.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jeanne d'Arc – Biller, Videoen oder Audiodateien